Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger am Container schocken England
https://moien.lu/nz-singles-dating/

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

mexican american dating sites
https://moien.lu/nz-singles-dating/

https://moien.lu/courtney-and-liam-celebs-go-dating/

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
https://moien.lu/nz-singles-dating/

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een aus. Dat stëmmt och, wann et ëm eng Natioun geet. Do ass d’Aart a Weis, wéi een seng eege Geschicht erzielt, e wiesentlechen Deel vun der eegener Identitéit. Datt sech do net automatesch jiddereen eens ass, dat ass jo wuel nëmmen ze erwaarden.

D’USA hunn et an dëser Hisiicht net einfach. Wann een e Biergerkrich erlieft huet, wou et ëm Sklaverei goung an e groussen Deel vun der Bevëlkerung ëmmer nach Dag fir Dag mat Rassismus konfrontéiert gëtt, räisse schnell al Wonnen op. Bis op eemol muss een sech erëm mat Saache beschäftegen, wou een eigentlech geduecht huet, datt ee längst domatte fäerdeg wier.

Do ass et net sou einfach: Engersäits kann een duerchaus verstoen, datt d’Fändele vun der Konfederatioun erof geholl ginn an d’Statuë vun de Genereel, déi probéiert hunn d’Sklaverei bäi ze behalen, ofgerappt ginn. Anerersäits géif dat éischtens net duer goen an zweeten ass et villäicht net déi beschte Method, fir an de Südstaaten konstruktiv virun ze kommen.

Allerdéngs ass do en Aspekt, iwwert deen net sou oft geschwat gëtt. An Däitschland gouf den Nazie kee Monument gebaut – och well ee gefaart huet, datt se eng Pilgerstätte fir Rietsextrem Leit kéinte ginn. An den USA leeft grad eng ähnlech Diskussioun, well ganz offensichtlech schéngen déi Statuë relativ schnell Rietsextremer op de Plang ze ruffen. Villäicht wier et da jo awer berechtegt, déi Statuen ofzerappen? Oder ass et ieren e Symptom, datt eppes an de Schoule schief leeft, wann et ëm deen Aspekt vun der Geschicht geet?

D’Argument, datt ee mam Ofrappen d’Geschicht géif änneren, kënnt mer do ganz komesch fir: Ech hat geduecht, Geschicht géif een an der Schoul an aus Bicher a Muséeë léieren. Net exklusiv vu Statuen, déi enger Persoun huldege soll. Sécherlech sinn se en Deel vun der Geschicht, déi ee vu sengem Land ziele wëll, mee esou Geschichte kënnen sech ëmmer erëm änneren – net vun der Faktelag hir, mee op mannst, wéi een domadder ëmgeet.

Ähnlech Sujeten Alt-Right, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel