Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Fir dëse 24. Samschdeg a Folleg sollen sech laut dem

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht
Kultur Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: 11 Persoune zu Ryad viru Geriicht

Saudiarabien huet en Donneschdeg bekannt ginn, datt 11 Persounen, déi

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet
Kultur Neiegkeeten

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet

Den 31. Januar hat de Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP) eng

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum Joer ernannt. Dëst klengt Déierche steet allerdéngs och leider op der Virwarnlëscht vun der Rouder Lëscht.

Erkenne kann een d’Männchen u senger liichtend rouder Stir a Broscht. Säi Schwanz ass déif gegabelt a wäiss gebändert. D’Weibchen ass ganz ouni Routtéin vun de Plomme vun der Natur equipéiert ginn. De Fluessfénk esst haaptsächlech vegetaresch: Som, Knospen a Biere vu krautege Planzen a Beem stinn um Menü. Och déi Kleng gi bei der Famill Fluessfénk zemools mat Som gefiddert an net, wéi normalerweis, mat Insekten. Beléift si bei hinne virun allem de Som vun Dëschtelen, der Vullen- a Stäremieren, dem Beifuß an och der Amper. Dës Planze sinn um Bord vun de Felder ze fannen a ginn vun eis als Onkraut bezeechent.

De Som ass extrem kleng an esou muss de Fluessfénk de ganzen Dag iwwert Dausenden opsammele fir sech a seng Jonge sat ze kréien. Duerch déi zouhuelend Bebauung an déi intensiv Landwirtschaft hu vill Offelandvillercher hiren natierleche Liewensraum verluer. Monokulturen a feelend Strukturen an der Landschaft erschwéieren donieft d’Sich no Fudder, wëll ëmmer manner Insekten op den Ackerflächen ze fanne sinn. Fir gefärd Aarten ze schütze wier et dofir nëtzlech Bléisträifen um Bord vun de Felder unzeleeën, Hecken ze planzen oder Bongerten ze ënnerhalen.

Säi Verhale fënnt sech a ville Sproochen u sengem Numm erëm. Am Däitschen ass de Bezuch zu Hanf an am Lëtzebuergeschen zum Fluess (fréier Haaptiesse vum Fénk) gemaach ginn. Am Engleschen heecht en „Linnet“, wat och Hanf bedeit an am Franséischen ass et den „Linotte mélodieuse“, wat nees op d’Planz an de schéine Gesang hiweist.

Elo huet natur&ëmwelt eng Broschür zum Vull vum Joer erausbruecht, déi d’Schüler vum Zyklus 3 a 4 kréie wäerten. Ënnert dem Motto „De Fluessfénk – e Vegetarier?“ gëtt déi desjäreg Schoul an Natur Kampagne gestart. Ee pädagogeschen Dossier, mat ville Spiller zum Villchen, vereinfacht de Cours. Ënnert der Mataarbecht vum Naturmusée konnt donieft ee flotte Pouster erstallt ginn.

Schiermhäre vun der Campagne sinn de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, sou wéi de Ministère fir Erzéiung, Kandheet a Jugend. Vir all Vullefrënd gëtt et ee Sticker vum Fluessfénk!

Opmaacherbild: © Raymond Gloden

Ähnlech Sujeten Ëmweltministère, Fluessfénk, natur&ëmwelt, Vull vum Joer 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel