Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“
Neiegkeeten

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Gutt Zweedrëttel vun den Awunner vum Schwäizer Kanton Sankt Gallen,

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf
Neiegkeeten

30. Jubiläum vum „European Hill Race“ zu Eschduerf

D‘Biergcourse vun Eschduerf, déi traditionell vun der „Union des Pilotes

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun
Neiegkeeten

„Auf Spurensuche“: en Naturbuch dat erfrëschend anescht ass, eng Rezensioun

Well ech mech op ee laangen Openthalt an engem Spidol

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou

ADRenalin: „och déi zukünfteg Generatiounen hunn e Recht op Liewensqualitéit“

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou

Op de leschte „Meter“ virun de Chamberwahlen, mécht d‘Jugendsektioun vun der ADR nach en Appell un d‘Parteien an d‘Acteure vun der Zivilgesellschaft. Den ADRenalin hunn drop higewisen, datt ee bei allem politeschen Äifer net Bléck vun der Zukunft ofwennen dierf.

Fir de President vun ADRenalin, Michel Lemaire, kommen nom Sonndeg vill Froen op déi jonk Leit duer. „Wéi gestalte mir d‘Zukunft“ freet sech dëse jonke Kandidat fir d‘Chamberwahlen, deem esou Theme wéi: Sprooch, Waasserqualitéit, Wuesstem a Logement wichteg sinn.

Hie verwiert sech zudeem géint esou Spréch: „Eis betrëfft dat net méi“, déi jonk Leit net wierklech ermonteren, sech politesch ze engagéieren, aktiv ze ginn. Et geet awer ëm „Zukunft“, an déi gëtt vun de jonke Mënschen an der Gesellschaft „gelieft“, also sollen si se och matgestalten.

Am Kontext vun der „Wuesstemsdebatt“ an der „Visioun vum 1 Millioun Awunner-Staat“ muss méi däitlech vu Mobilitéit a Logement geschwat ginn. E Wuesstem, esou wéi sech dee vill wichteg Leit zu Lëtzebuerg virstellen, kann et ouni vernënfteg Mobilitéit a bezuelbarem Wunnraum net ginn.

Mee de Wuesstem stellt eis och virun eng aner Erausfuerderung: „Wëlle mir matenaner ëmgoen? Wéi wëlle mir eis verstännegen?“ An hei ënnerscheeden sech déi Jonk vun hiren eelere Virbiller net. Och fir den ADRenalin ass d‘Sprooch d‘Grondlag fir déi sozial Kohäsioun.

„Hei muss et en oppenen Debat ginn, ouni Ënnerstellungen ze maachen. E soll zilorientéiert gefouert ginn, ouni d‘Méisproochegkeet a Fro ze stellen“, esou de Michel Lemaire. Et steet awer ausser Fro, datt eng aner Sprooch wéi lëtzebuergesch, d‘Sprooch vun de Lëtzebuerger ka sinn.

Finanzen a Wirtschaft

De Felix Reding, huet sech dat mat de Finanzen ugekuckt, a muss feststellen, datt „dës Regierung huet de zukünftege Generatiounen Hürden opgestallt (…) Gambia hat d‘Chance fir méi Gerechtegkeet tëscht de Generatiounen ze schafen, an huet se net genotzt“.

Mat der Steierreform, déi net zu Enn geduecht ginn ass, an de Scholden (ronn eng hallef Milliard) ginn op onverantwortlech Aart a Weis déi kommend Generatiounen iwwer Mooss belaascht.

Och de Felix Reding huet Versteesdemech fir noutwenneg Investitiounen, déi sollten awer vun deene geleescht ginn déi et sech leeschte kënnen. An um Beispill vun der Steierreform seet hien: „déi eenzeg déi vun dëser Reform eppes hunn, sinn déi Räich“.

„D‘Regierungsparteien hunn sech nees d‘Gonscht vum Wieler ‚kaf‘. Den Zukunftsfong berout op Scholden, déi deenen nächste Generatiounen ëm d‘Ouere fléie wäerten“, iergert sech de jonke Politiker, dee Bedauert datt déi jonk wuel „gehéiert“ ginn, hinnen awer net nogelauschtert gëtt.

Hien erënnert drun, datt d‘DP mat hirem Premier, Xavier Bettel, ugetruede waren, fir deene Selbststännegen d‘Liewen eppes méi einfach ze maachen, d‘Realiséiere vu Projeten tatsächlech ze erméiglechen. Geschitt wier dann um Enn näischt, d‘Weiche sinn de falsche Wee gedréint ginn.

Esou wéi déi däreg Reform vum Faillittegesetz. Ausser datt een mat esou eppes déi Jonk vun allem géif ofhalen, dofir deene „grousse Fësch“ vill Fräiraim ugebueden huet, gëtt et net vill Opweises. Dann awer Lëtzebuerg als „Startup-Natioun“ ze presentéiere wier gewot.

Zukunft „mat“ lëtzebuergesch

Eis Sprooch ass dann nach emol op den Dësch komm, an d‘Nathalie Breyer, Kandidatin am Osten, mécht drop opmierksam, datt d‘Sprooch e federéierend Instrument, an déi beschte Manéier sech ze integréieren ass.

An et wier jo am Gesetz vun 1984 festgehale ginn, dat lëtzebuergesch eis Sprooch ass. Esou misst et ersiichtlech sinn, datt d‘Grondlag vun der Integratioun den Apprentissage vun eiser Sprooch ass. Heifir misst een sech awer d‘Méiglechkeete ginn, an den Apprentissage méi attraktiv maachen.

Déi jonk Fra vum ADRenalin-Comité ass dann och veriergert, datt eng Rei Resolutiounen déi vun der ADR an der Chamber virgeluecht goufen, keng Zoustëmmung fonnt hunn, sech awer bei deem engen oder aneren am Wahlprogramm erëmfonnt huet.

Si verwiert sech dann och géint d‘Erofsetze vun de Niveauen, iergert sech doriwwer, datt just wëll een 20 Joer am Land wunnt, een d‘Nationalitéit och ouni Sproochekenntnisser erhale kann. Dat ass ee falscht Signal, an et beweist, datt een de Message aus dem Referendum net héieren huet.

Fir den ADRenalin wier et, wann ee sech schonn e Sproochegesetz gëtt, nëmme Konsequent, datt een all administrativ Dokumenter a Lëtzebuerger Sprooch erhält, an däitsch oder franséisch dann d‘Optioun sinn. Fir hallefhäerzeg Schrëtter kann ee kengem Merci soen.

„D‘Zukunft gëtt net eleng vun der Politik gemaach, a mir sinn et den zukünftege Generatioune schëlleg, d‘Weichen esou ze stellen, datt de sozialen Zesummenhalt vun der Gesellschaft net a Fro gestallt gëtt“, betount d‘Nathalie Breyer.

Foto: (v.l.n.r.) Nathalie Breyer, Michel Lemaire a Felix Reding © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ADRenalin, Chamberwahlen 2018, Felix Reding, Michel Lemaire, Nathalie Breyer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel