Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Projet Zukunftsbësch – Wéi gesäit de Bongert mëttlerweil aus?
Kultur Neiegkeeten

Projet Zukunftsbësch – Wéi gesäit de Bongert mëttlerweil aus?

Wou am November de sougenannten Zukunftsbësch mat sengen 101 Uebstbeem

„Klengen Offall – Grouss Verschmotzung“
Kultur Neiegkeeten

„Klengen Offall – Grouss Verschmotzung“

Dëse Summer huet den Nohaltegkeetsministère erëm seng multimedial Campagne fir

What the Fakt – E bëssi Metall am Kierper gefälleg?
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – E bëssi Metall am Kierper gefälleg?

Et geet weider mat de kuriéise Feierdeeg. Haut steet de

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
D‘Buergermeeschtesch war mam Zinniklos bei Kanner um Niklosmaart an der Stroossbuerger-Strooss. © Shari Pleimelding/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Mir sangen dem Kleeschen e Lidd. © Shari Pleimelding/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Et gëtt dach näischt méi Flottes wéi en zefriddent Kannergesiicht. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Wann et dobausse eppes weider kill ass, da kann ee Glühwäin (a Moosse genoss) net schueden. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Also deem doten seng Käschte waren net vu schlechten Elteren. Do sollt een – wann ee Käschte gären huet – onbedéngt passéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Et dierf ee vun der Kierch hale waart ee wëll, mee hei mécht se eng gutt a wichteg Aarbecht. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Well de Quartier net wierklech dee beschte Ruff genéisst, ass et gutt datt mam Niklosmaart hei Revalorisatioun bedriwwe gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Wéi „originell“ dierf Chrëschtdagsdekoratioun sinn? © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
De Knuedler mat senger Äispist (déi ass op bis de 5. Januar) kuerz virun der offizieller Erëffnung. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Den Dundu, méi Winterlights geet elo awer wierklech net méi. Hei seet hien dem 1. Schäffe Serge Wilmes emol frëndlech „moien“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Et war dem Dundu seng Missioun d‘Wanterluuchten unzemaachen. Hien huet dat mat ganz vill Asaz a Fangerspëtzegefill zur Freed vum Public exzellent gemeeschtert kritt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
„Ass blue ass the winter can be...“ schick seet de Krappert an bäisst e Stéck vum Stollen of. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Och d‘Luuchte vun der Äispist huet den Dundu „ugemaach“. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Grouss Ouverture vum Chrëschtmaart op der Plëss… natierlech mam Dundu. A wéi heescht esou schéin: wa se sech freeën, dat free dech mat. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Wéi ee gesäit, et net esou, wéi wann ee kee géif interesséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Alles wat den Dundu ugepaakt huet, ass ee Liicht opgaangen… © martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Originelles huet och seng Plaz. Et muss een net ëmmer Bibelfest sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Et war dem Dundu seng Missioun d‘Wanterluuchten unzemaachen. Hien huet dat mat ganz vill Asaz a Fangerspëtzegefill zur Freed vum Public exzellent gemeeschtert kritt. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Wann ee sech schonn zum Kleesche maache léisst oder als „Pappa Chrëschtdag“ duerch d‘Géigend zéie wëll, da sollt een him hei e Besuch ofstatten. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
D‘Riserad bei der Gëlle Fra ass net ganz esou enorm wéi dat vun der Fouer, mee eng super cool Iddi. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Dir sammelt Nossknacker? Falls deem esou ass, hei gëtt et zuweile ganz ausgefale Modeller. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Chrëschtbulle fëschen, datt hat mir elo och nach net, mee et mécht décke Spaass. © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
An nach en originellt Karussell: „en Tour an enger Chrëschtdagsbull gefälleg?“ © Martine de Lagardère/moien.lu
Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach
Sou d‘Wanterluuchte sinn un, an dir sidd häerzlech agelueden iech dat alles mat eegenen Aen unzekucken. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo beim beschte Wëllen net méi derlaanscht. Datt den Zinniklos schonn um Tour ass, dat war wuel gewosst, mee elo geet mat grousse Schrëtt op Chrëschtdag duer. An eiser schéiner Haaptstad gouf da gëschter och de „Winterlights 2019“ mat direkt véier „Mäert“ lancéiert.

An et ass nees verréckt: laut de virleienden Zuelen, sinn eng 446 beliichten Dekoratiounen, 261 Dännebeem, 37 opgehaangen a 36 opgestallten Dekore fir de Public bereetgestallt ginn. Dozou kommen e sëllechen Animatiounen an eng hell Wull u Mäert, déi alle esou hir Eegenaarten hunn, firwat et absolut flott an ermonterend ass, sech en Tour duerch eis schéin Haaptstad ze gënnen.

Um Donneschdeg goufe mat vill Gedauschs an a beschter Stëmmung vum Stater Schäfferot an enger Rei Honoratioren direkt véier dëser Mäert (de Niklosmaart an der Stroossbuerger-Strooss, d‘Äispist um Knuedler, de Chrëschtmaart op der Plëss an de Wantermaart bei der Gëlle Fra) offiziell erëffent. Datt alles mat engem leckere stéck Stollen, waarme Käschten a Glühwäin.

Bis Joresenn ass also eppes weider lass, an de Programm léisst kaum Wënsch oppen. Egal op een ee Krappert oder eng Knetzel, Jonk oder Al ass, hei gouf kee vergiess. Et ass een allerdéngs gutt beroden den ëffentlechen Transport ze notzen, well d‘Chantieren nach ëmmer eppes Drock op den Individualverkéier maachen. Ganz ofgesinn dovunner datt et super praktesch ass..

mam Shari Pleimelding

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu & © Shari Pleimelding/moien.lu

Interessant Säiten: Winterlights2019D‘Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Chrëschtmaart, Dundu, Niklosmaart, Stad Lëtzebuerg, VDL, Wanter Maart, Winterlights 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel