Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss
deaf dating hearing

Däitschland: Wann de Loyer net méi ze bezuelen ass, ginn d‘Leit op d‘Strooss

Zu Berlin waren um Samschdeg d‘Mënschen op d‘Strooss gaangen, fir

https://moien.lu/russian-dating-sites-buzzfeed/
deaf dating hearing

peter andre dating

Wéi de Gesondheetsministère matgedeelt huet, ass nom Stauséi (Uewersauer) a

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt
deaf dating hearing

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt

Um vergaangenen Donneschdeg huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18

Ab e Freideg start d‘Wanteraktioun 2017/18

Organiséiert vum Familljeministère, gëtt d‘Wanteraktioun vun dräi gemengnëtzegen Organisatioune geréiert. D‘Koordinatioun huet d‘Asbl Inter-Actions iwwerdroe kritt, d‘Rout Kräiz iwwerhëlt d‘Gestioun vum Dagesfoyer, an d‘Caritas déi vum Nuetsfoyer.

Den Dagesfoyer ass geleeën um leschte Steiwer 22 zu Bouneweg, an all Dag vun 12 bis 17 Auer op. Mëttes gëtt et eppes z‘iessen an iwwert de Nomëtteg ginn ënnerschiddlech Aktivitéiten ugebueden. Hei gëtt zudeem och eng medezinesch Permanence – Dënschdes a Freides vun 13 bis 15 Auer – ageriicht.

Den Nuetsfoyer ass wéi d‘lescht Joer um Findel doheem (2b Tréierer-Strooss) an ass op vun owes 7 bis mueres 9 Auer. Hei gëtt et nieft dem Bett fir ze schlofen, en Nuetiessen a Kaffi fir gutt an den Dag ze starten.

Wichteg Informatioun

Fir de Nuetsfoyer muss ee sech bei der Asbl Inter-Actions aschreiwen. Dofir ass owes eng Navette virgesinn, déi all Dag um 18.55 Auer vum Quai 2 um Boulevard Roosevelt, an um 19.05 Auer vum Quai 17 op der Stater Gar op de Findel fiert. Selbstverständlech gëtt et och nees eng Navette déi d‘Leit zréck an d‘Stad bréngt. Den Depart vun dëser Navette ass um Findel um 9 Auer.

Et soll keen erfréieren

D‘Wanteraktioun gëtt et zanter 2001. Si ass sengerzäit an d‘Liewe geruff ginn, well kee wollt d‘Verantwortung iwwerhuelen, falls eng Persoun an der batterer Keelt erfréiert. Datt et (wann och net ëmmer méiglech) besser wier, dëse Mënschen e bestännegen Daach iwwert dem Kapp ze bidden, ass gewosst. Mee et ass och gewosst, datt Lëtzebuerg e Logementsproblem huet.

An d‘Zuele sinn nawell beandrockend: de leschte Wanter haten sech tëscht dem 1. Dezember an 31. Mäerz ronn 1.800 Leit am Dagesfoyer opgehalen. Am Joer virdru waren et der knapp 120. Den Nuetsfoyer hat och méi Zoulaf: 2016/17 huet dee 14.082 Iwwernuechtunge comptabiliséiert, dat sinn 864 Eenzelpersounen. 2015/16 waren et der nach 522, déi d‘Wanteraktioun genotzt hunn.

Bedenklech

Wann ee bedenkt, datt sech tëscht 2015/16 an 2016/17 d‘Zuel vun de Persounen, déi op eng Noutënnerkonft ugewise ware bal verduebelt huet, sollt ee mengen datt et un der Zäit iwwert d‘Ursaachen a wéi een déi bekämpfe kann nozedenken. D‘Argument, datt sech d‘Leit dat selwer esou erausgesicht, oder méiglecherweis selwer verschëlt hätten, wier, och wann et an Eenzelfäll kann zoutreffen, deplacéiert.

An natierlech kaschten och d‘Alternative Geld. Wahrscheinlech eppes méi wéi d‘Wanteraktioun. Hei stellt sech dann awer d‘Fro: „Wat ass e Mënscheliewe wäert?“. Wann et méiglech ass iwwert déi kal Joreszäit esou eppes wéi Verantwortung ze iwwerhuelen, sollt dat och tëscht dem 1. Abrëll an dem 30. November méiglech sinn. Chrëschtlech Nächsteléift sollt kee saisonaalt Geschäft sinn. Net ze vergiessen, datt och ëmmer méi Kanner a jugendlecher betraff sinn.

Foto: Et kuckt een net op e Mënsch erof, wann een net amstand ass dësem Mënsch opzehëllefen.

Ähnlech Sujeten Caritas, Dagesfoyer, Familljeministère, Inter-Actions, Nuertsfoyer, Rout Kräiz, Wanteraktioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel