Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou
Fail Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou

Wann et och sécherlech seng Aufgab ass, de Gäscht déi

laughing
Wetten, dass du dës Plazen net erëm erkenns!
Fail Neiegkeeten

Wetten, dass du dës Plazen net erëm erkenns!

Wéi gutt kanns du eis Koppen, Séien, Flëss a Monumenter

tonguelove
LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op
Fail Neiegkeeten

LuxLeaks: Cassatiounsgeriicht hieft Uerteel géint den Antoine Deltour op

Haut de Moien huet d‘Cassatiounsgeriicht zu Lëtzebuerg d‘Uerteel vum Antoine

dislike

D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso

Vill Enttäuschung iwwert den Trump seng Decisioun

D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso

Während den Donald Trump an d’USA dem Paräisser-Accord eng Ofso erdeelt hunn, stelle déi meescht sech hannert den Accord:

  • De Spriecher vun der UNO huet vun enger grousser Enttäuschung geschwat. De Generalsekretär Antonio Guterresvertraut de Stied, de Staaten an den Entreprisen an Amerika fir weider – mat anere Länner – op den Ausbau vun enger nohalteger Ekonomie mat niddregem Karbonausstouss ze setzen. Et ass esou méiglech qualitativ Aarbechtsplazen a nei Mäert ze schafen déi de Wuelstand vum 21-.Joerhonnert assuréieren“, präziséiert den Stéphane Dujarric.

  • De Jean-Claude Juncker, President vun der europäescher Kommissioun schätzt d’Decisioun vum Trump als „schwéier verfeelt“ an. D’Welt kannweider op Europa vertrauen“ fir de Kampf géint d’Äerderwiermung ze leeden, reagéiert de Miguel Arias Canete, europäesche Kommissär bei der Aktioun fir de Klima. „An der Period virum Paräisser Accord, hunn d’Dirigente vun der europäescher Chimie-Industrie ëffentlech een zolitte globalen Accord zum Klimawandel matgedroen an déi diplomatesch Efforte fir zu engem ambitiéisen Accord an global verbindlech ze kommen, begréisst“, ënnersträicht den European Chemical Industry Council (ECIC).

  • An enger gemeinsamer Deklaratioun, drećken Däitschland, Frankräich an Italien hiert Bedaueren aus, datt sech d’USA aus dem Klima-Accord zréckzéien, deen hirer Meenung no net verhandelbar ass. De franséische President an déi däitsch Kanzlerin hunn an engem Telefonsgespréich „hiert gemeinsamt a resolut Engagement bestätegt, de Paräisser Accord ëmzesetzen“, war vun der franséischer Presidence ze héieren.

  • Déi britesch Premierministesch Theresa May soll dem amerikanesche President um Telefon matgedeelt hunn, datt de Paräisser Accord „d‘Prosperitéit an d’Sécherheet vun de zukünftege Generatioune garantéiert“, esou Downing Street.

  • Fir déi Belsch Regierung ass déi amerikanesch Entscheedung „irresponsabel“ a „verstéisst géint dat eegent Verspriechen“.

  • Och de Marc Rutte, Premierminister vun Holland, bedauert „déi amerikanesch Entscheedung. Ouni Amerika ass et vill méi schwéier déi gesaten Zieler vum Paräisser Accord ze erreechen, mee de Rescht vun der Welt mëscht weider bei der Uwennung vum Accord“.

  • Fir den dänesche Premierminister Lars Lokke Rasmussen war den Donneschdeg „een trauregen Dag fir d’Welt. Dänemark ass bereet de Kampf fir de Klima weiderzeféieren, fir déi zukünfteg Generatiounen ze retten.

  • De kanadesche Premierminister Justin Trudeau huet dem Trump per Telefon seng Enttäuschung matgedeelt. Hie bestätegt „de Wëlle vu Kanada op internationalem Niveau matzeschaffe fir géint d’Äerderwiermung ze kämpfen“, esou d’Transkriptioun vum Entretien tëscht de Staatscheffen. „Mir si batter enttäuscht, datt déi amerikanesch Regierung sech entscheet huet, aus dem Paräisser Accord erauszezéien“, den Trudeau an engem wiedere Communiqué.

  • A Brasilien sinn se net nëmmen enttäuscht mee et gëtt sech Suerge gemaach iwwert „den negativen Impakt vun dëser Entscheedung“ an erënnert datt „de Kampf géint de Klimawandel een irreversibele Prozess ass deen duerchaus mat der wirtschaftlecher Entwécklung kompatibel ass.

  • D’Paula Bennett, Ministesch fir de Klimawandel a Neiséiland reagéiert schaarf a weist dorops hin datt den Trump seng Deklaratioune schlicht an ergräifend falsch sinn: „Esouvill Saachen déi hie gesot huet si Falsch! Et géif Amerika näischt weider kaschte mat deenen anere beim Paräisser Accord verbonnen ze bleiwen et de Klimawandel deem mer eis mussen entgéint stellen, kann Aarbechtsplaze schafen, net ofbauen.“

  • De Kampf géint d’Äerderwiermung wäert weider goen, onofhängeg vun der amerikanescher Entscheedung. De Premierminister vun der Republik Fidji, Voreqe Bainimarama, deen dëst Joer de Virsëtz bei de Verhandlunge vum COP23 an Däitschland huet, bezeechent dem Trump seng Entscheedung als besonnesch Enttäuschend. „Wann de Verloscht vum amerikanesche Leadership traureg ass, esou ass de Kampf nach laang net eriwwer“, seet de Bainimarama a weider „Als President vun der nächster COP, bestätegen ech alles ze maache wat néideg ass fir eng grouss Koalitioun ze bilden, déi den Elan deen ech säit Paräis konnt feststelle bäizebehalen. An ech sinn iwwerzeegt, datt déi amerikanesch Regierung zu gudder Lescht dem Kampf nees wäert bäitrieden, wëll déi wëssenschaftlech Beweiser, iwwert den Afloss vum Mënsch op de Klimawandel gutt bekannt sinn.“

mam Jérôme Cartillier (AFP)

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, EU, Jean-Claude Juncker, Paräisser Accord, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel