D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!

Et ass schnell eriwwer, wann een sech nëmmen op di wichtegst Saache konzentréiert: D’Weltgeschicht léisst sech och op 20 Minutten erof briecht. Dëst beweist de Bill Wurtz ausdrocksvoll an sengem Video, wou en engem Maschinnegewier ähnlech Fakten erof rattert a gläichzäiteg witzeg an ënnerhalsam ass.
Dobäi kann e net an all Detail agoen. Mee et ass awer beandrockend, wat en alles dra gepackt kritt a wéi gutt et vermëttelt gëtt. Wee wëll ka sech de Kanal eng Kéier ganz ukucken, wou et vill ähnlech Videoen ze fanne ginn. Leider ass alles op Englesch, mee da sidd der elo virgewarnt.