Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?
friends but not dating dating website pc

dad daughter dating rules

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng

https://moien.lu/dating-a-younger-guy-jokes/
friends but not dating dating website pc

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?
friends but not dating dating website pc

Kritt Italien elo säi Budget gestëmmt?

Um haidege Samschdegowend sollen déi italienesch Deputéiert, der Regierung d‘Vertrauen

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart

Wa Staats- a Regierungscheffe vun esou groussen Natiounen, wéi d‘USA oder Brasilien, d‘Usiicht vertrieden, datt et de Klimawandel net gëtt, esou gëtt et Fakten, déi och si net kënnen ofstreiden. A wann d‘Waassertemperatur vun de Weltmierer 2018 en neie Rekord erreecht huet, ass eppes drun.

Säit dem Joer 2000, ass op de Weltmierer e Netzwierk vun 3.900 Bojen ausgeluecht ginn, an déi neiste Miessunge sinn éischter beonrouegend. Esou hunn d‘Wëssenschaftler nogewisen, datt déi Erwiermung vun de Weltmierer zanter 1971, wäitaus méi héich läit, wéi dat nach an der leschter Bewäertung vun de Vereenten Natiounen (UN), aus dem Joer 2013 „berechent“ gi war.

D‘Wëssenschaftler: Lijing Cheng, John Abraham, Zeke Hausfather an Kevin E. Trenberth hunn an engem Artikel am Wëssenschaftsjournal „Science“, däitlech gemaach, datt d‘Beobachtung vun den Opzeechnungen ëmmer nees zum selwechte Resultat féiert: „Erwiermung hëlt u Vitesse zou“.

De Mënsch, net d‘Natur, ass Schold

Zäregaser, vum Mënsch gemaach, erwiermen d‘Atmosphär. Dat ass e Fakt, a gëtt vu kaum engem seriéise Wëssenschaftler oder Klimafuerscher a Fro gestallt. Dës „Hëtzt“ gëtt zum gréissten Deel vun de Weltmierer absorbéiert, an dat huet Folgen. D‘Fësch sichen no méi kale Gewässer…

erhëtzen

„D‘Äerderwiermung ass do, an dat huet elo schonn dramatesch Konsequenzen. An et besteet keen Zweiwel, keen!“, esou den eestëmmege Fazit vun den Auteuren. An et gesäit fir d‘Zukunft net wierklech „roseg“ aus. Eng 200 Natioune ginn un, beméit ze sinn sech vun der fossiller Energie lass ze soen, zumindest esouwäit, wéi dat am Paräisser Klimaofkommes vereenbart ginn ass.

Et ass dann och net esou, datt dem Donald Trump seng Beroder d‘Erkenntnisser vun de Fuerscher géifen diskreditéieren, mee den US-President hält un der Fërderung vun de fossillen Energie fest. An d‘USA sinn ab 2020 net méi am Paräisser Ofkommes dran, well hien dat esou entscheet huet.

Een traurege Rekord jot deen aneren

Den unerkannte Fuerscher Lijing Cheng vum Institut fir atmosphäresch Physik op der chinesescher Wëssenschaftsakademie, stellt fest, datt säit 2000, all Joer nei Temperaturrekorder opgestallt ginn. Vun 1971 bis 2010, ass d‘Waassertemperatur an enger Déift vun 2.000 Meter, ëm 0,1°C geklomme.

Béi der Bewäertung vun de Vereenten Natiounen, war ee vun enger méi „lueser“ Progressioun ausgaangen. D‘UN huet awer bis ewell keng vergläichbar Zuele virgeluecht. En aner Etüd, déi vum europäesche „Copernicus Climate Change Service“ e Méindeg verëffentlecht ginn ass, beseet datt 2018 dat 4. wäermst Joer fir d‘Äerduewerfläch war, säit den Opzeechnungen am 19. Joerhonnert.

D‘Temperature vun de Weltmierer ginn elo manner vun de „Joer zu Joer“ Variatioune beaflosst. Laut de Wëssenschaftler, kann et bis zu engem Joerdausend brauchen, fir datt sech d‘Temperatur an de groussen Déiften, de Verännerungen un der Uewerfläch ugepasst kritt. Dat ass eng laang Zäit…

Stécht een de Kapp an de Sand, ass dee geschwënn ënner Waasser

Eng vun den imminente Gefore fir d‘Weltmierer: duerch d‘erhëtze gëtt dem Waasser Sauerstoff entzunn, an zwar massiv. Déi direkt Auswierkunge ginn eis haut schonn an de Koralle-Bänke virun Ae gefouert, da gëtt sech geiergert an oft séier e Schëllege genannt, mee keng Moossnamen ergraff.

erhëtzen

D‘Wëssenschaftler weisen awer drop hin, datt duerch d‘Erwiermung vun de Weltmierer, och méi Waasser verdonst, also iergendwou als Néierschlag ukënnt, an zudeem zu méi Wiederphänomer, wéi Stierm, Hurrikane, Tornadoe a ähnlechem féiert. Kräften deenen de Mënsch näischt entgéint setze kann. An et sinn och net déi Äermst déi sech virun dëse Katastrophe schütze kënnen.

An et muss een – och wann et eigentlech allsäits bekannt ass – nach emol drop hiweisen, datt eis Äiskappe schmëlzen, wat zu enger Erhéijung vum Mieresspigel bäidréit. Am Südpazifik sinn déi éischt Insele carrement um „ofsaufen“. Nom Aarmutsflüchtling, kënnt dann de Klimaflüchtling?

Ähnlech Sujeten John Abraham, Kevin E. Trenberth, Klimawandel, Lijing Cheng, Weltimier, Zeke Hausfather
Nächsten Artikel Virrechten Artikel