Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn
https://moien.lu/who-is-dating-emily-blunt/

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn

Um Mëttwoch, de 27. November 2019 ass d’Foto-Ausstellung Krik et

https://moien.lu/online-dating-as-a-black-woman/
https://moien.lu/who-is-dating-emily-blunt/

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“
https://moien.lu/who-is-dating-emily-blunt/

Verkënnt d‘Stad Lëtzebuerg zum Getto fir déi „Räich“

Ouni sozial Mixitéit kann et keng sozial Kohäsioun ginn, firwat

D’Working Poor, erkläert

D’Working Poor, erkläert

De Mëttwoch (24.05.2017) mécht den Députéierte Marc Baum (déi lénk) eng Interpellatioun zum Thema Working Poor an der Chamber. Mee wat verstoppt sech genee hannert dësem Begrëff, a wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus?

Wat sinn d’„Working Poor”?

Heimat sinn déi Leit gemengt, déi wuel schaffe ginn, awer trotz hirem Loun mat hirem Haushalt ënnert dem „Seuil de pauvreté“ leien an domadder a Gefor sinn, an d‘Aarmut erof ze rutschen.

2014 louch de „Seuil de pauvreté“ zu Lëtzebuerg bei 1.716 €.

Wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus?

Den Thema gouf am 2015er Rapport „Travail et cohésion sociale” opgegraff. D’Zuele schwätze fir sech: Laut dem Statec falen 2014 insgesamt 11,1% ënnert d’Définitioun vun de Working Poor. Dobäi trëfft et e puer Gruppe ganz besonnesch staark: Leit, déi Deelzäit schaffen (14,8%), Non-Salariés (22,8%), Persounen, déi manuell Aarbechte leeschten (22,7%) an eis Portugisesch Communautéit (20,7%).

Laut Eurostat erhieft sech de Gesamttaux fir 2015 op 11,6%, also 0,5% méi, wéi am Virjoer. 2005 louch den Taux bei 9,8%.

Wéi gesäit d’Situatioun weltwäit aus?

E Bléck op d’USA: Laut dem Bureau of Labor Statistics goufen et 2014 9.5 Millioune Persounen, déi ënnert de Begrëff Working Poor falen. Dat wiere 6,3% vun der aarbechtsfäeger Populatioun.

Eurostat gëtt och e gudden Iwwerbléck, wat Europa ugeet. Do huet Rumänien mat 18,8% den héchsten Taux. Bei eisen Nopeschlänner gesäit et virun allem an der Belsch gutt aus: Hei sinn et der „nëmmen” 4,6%. Däitschland (9,7%) a Frankräich (7,5%) sinn do erëm mi héich. Am beschte steet allerdéngs Finnland mat 3,5% do.

Ähnlech Sujeten Erkläert, Lëtzebuerg, Working Poor
Nächsten Artikel Virrechten Artikel