Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Gesetzesverstouss an der Gemeng Suessem?
International Neiegkeeten os selena gomez dating the weekend

https://moien.lu/best-online-dating-in-usa/

Den 11. Januar 2018 ass den neie PAG an PAP-Quartiers-existants

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
International Neiegkeeten os selena gomez dating the weekend

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
International Neiegkeeten os selena gomez dating the weekend

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

Den Dylan Pereira ass den Held vun Hockenheim

De Podium vun der 5. Manche am Porsche Mobil 1 Supercup geet u Lëtzebuerg

Den Dylan Pereira ass den Held vun Hockenheim

Et kann een et dréinen a kéiere wéi e wëll, um Enn steet do ëmmer de Numm vum Dylan Pereira. De Lëtzebuerger Espoir am Motorsport, mat sengem Porsche 911 GT3 Cup vum Team Momo Megatron Lechner, huet ee Sonndeg verdéngt seng éischt Course an der Kinneksklass gewonnen.

Gefuer ginn ass déi 5. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup zu Hockenheim. Eng Streck déi dem Dylan eigentlech sollt entgéint kommen, och wa se technesch usprochsvoll ass. Mee d‘Lescht Joer hat den Dylan hei eng gutt Performance higeluecht – hie war als 5. iwwert d‘Linn gefuer an hat sech seng 3. Platz am Championnat geséchert – an dat wollt een dann natierlech nach emol gesinn.

Dylan

Porsche 911 GT3 Cup, Dylan Pereira (L), Porsche Mobil 1 Supercup, Hockenheim 2019 © Porsche Mobil 1 Supercup

Woubäi een awer och mat Virsiicht op dës Manche gebléckt huet. Zum engen hat de Lëtzebuerger am Mee hei nawell eppes Krämpes am Porsche Carrera Cup Däitschland. Et war wuel eréischt de Saisonstart an awer… Dozou kënnt deen ustrengende Weekend vu Silverstone wou et zimlech vermoosse wier ze behaapten, datt den Dylan a säin Team sech gutt aus der Affär gezunn hätten.

Dofir war dann dëse Weekend Entschiedegung a Belounung zugläich. Eise Pilot a seng Ekipp waren op top Niveau. Dat während dem fräien Training, da mat enger Qualifikatioun déi sech an de Lëtzebuerger Sportgeschichtsbicher sollt erëmfannen an dann natierlech eng spektakulär Course. Séiersten Tour an d‘Victoire, domadder geet den Dylan och an d‘Geschicht vum Hockenheim an.

En emblematesche Circuit

Den Hockenheim, d‘Streck déi duerch de Bësch féiert, ass bei de Piloten immens beléift, mee och zimlech technesch. Kënnt derbäi, datt d‘Wieder sech zimlech „onbestänneg“ gewisen huet: héich Temperature beim fräien Training, dréche Streck fir d‘Qualifikatioun a méiglecherweis Ree fir d‘Course. Do kënnen nieft dem Pilot och d‘Mecanicienen zolidd an d‘Schweesse geroden.

Fir den Dylan Pereira awer ass alles beschtens verlaf. Hien huet sech séier der Streck ugepasst an ass och ganz gutt mat de Konditiounen op der Pist eens ginn. Um Freideg huet de Lëtzebuerger däitlech gemaach, datt nach mat him am Championnat ze rechnen ass. E Podium ass de Wonsch, d‘Träppchen (bal) egal. Mat der 4. beschter Zäit am fräien Training, war den Ufank da gemaach.

Dylan

Dylan Pereira (L), Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup, Hockenheim 2019 © Porsche Mobil 1 Supercup

E Samschdeg dann, ass de Pilot vum Momo Megatron Lechner Team d‘Qualifikatioun virsiichteg ugaangen an huet sech emol déi sechst Zäit geséchert. Géint „Halbzeit“ an no sechs Ronnen huet den Dylan säi Boxestopp gemaach, wou et nach verschidden Astellunge virgeholl goufen. Wéi et zréck op d‘Pist gaangen ass, war de Lëtzebuerger wéi eng Kanounekugel ënnerwee: Pole Positioun!

Et waren nach manner wéi aacht Minutten op der Auer, wéi den Hollänner Larry ten Voorde an den Teamkolleg Michael Ammermüller dem Lëtzebuerger seng Zäit ënnerbueden hunn. Den Dylan huet a senger 9. Ronn näischt ubrenne gelooss, an obwuel hien beim iwwerhuele vun engem Konkurrent eppes Zäit „leie gelooss“ huet, stellt hie sech op d‘Startplaz 2 mat engem Retard vu 13 Dausendstel.

Lëtzebuerg rockt de Ring

D‘Jalone ware gestallt, d‘Positioune fir den Depart stounge fest an de Sonndeg konnt kommen. Hei huet de Lëtzebuerger seng Stäerkt gewisen an huet souzesoe vum Start aus, d‘Spëtzt vum Peloton iwwerholl fir déi net méi ofzeginn. Am zweeten Tour geléngt him déi séierst Ronn an et gouf och schonn e „Lach“ zu de Verfolger. Beim Team war d‘Stëmmung beschtens… bis an de 4. Tour.

Hei huet et en Accident ginn an de Safety-Car huet missen op d‘Streck, wat eisem Pilot säi ganzen Avantage kascht huet. Wéi d‘Course nees opgeholl gouf, huet sech och nach de Reen invitéiert an d‘Streck war séier opgeweecht, wat se geféierlech gemaach a weider Accidenter zur Folleg hat. Et war esou hefteg, datt d’Rennleedung d‘Course huet missen Ofbriechen. No 7. Ronne war Ultimo…

Dylan

Porsche 911 GT3 Cup, Dylan Pereira (L), Porsche Mobil 1 Supercup, Hockenheim 2019 © Porsche Mobil 1 Supercup

An domadder war den Dylan Pereira och de grousse Gewënner vum Weekend an konnt sech dann endlech och iwwert déi héchste Plaz um Podium freeën. Gutt eng Tréin am Knapplach kann ee sech beim beschte Wëllen net verknäifen. Bei aller Freed iwwert dem Pilot vum Team Momo Megatron Lechner seng Performance, Punkte konnt sech den Dylan Pereira hei leider keng opschreiwen.

Grond: et goufen nëmmen 7 Ronne gefuer, wat manner wéi d‘Hallschent vun der ganzer Course ass an dann huet ee wuel gewonnen, mee Punkte gëtt et dofir keng. Seng Victoire allerdéngs ass 100% verdéngt. Den Dylan huet gekämpft a sech géintiwwer der Konkurrenz duerchgesat kritt. Gutt fir säin Team an eng Auszeechnung fir eist Ländchen. Wann dat de nächste Weekend och esou leeft…

Jo dir liest richteg: de nächste Weekend ass et am Kontext vun der Formel 1 schonn déi 6. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup. Si gëtt um Hungaroring zu Mogyoród (Ungarn) ausgedroen. Hei waren 2018 dem Dylan seng Konkurrenten zimlech haart an d‘Course gaangen, wat seng 9. Plaz erkläert. Et war dat e Réckschlag, mee genuch Punkte fir sech weider op der 3. Plaz ze halen.

Dylan

Porsche 911 GT3 Cup, Dylan Pereira (L), Porsche Mobil 1 Supercup, Hockenheim 2019 © Porsche Mobil 1 Supercup

Resultater Silverstone

  • 1. Dylan Pereira (L/Momo Megatron Lechner Racing)
  • 2. Larry ten Voorde (NL/MRS GT-Racing)
  • 3. Tio Ellinas (CY/Momo Megatron Lechner Racing)
  • 4. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing)
  • 5. Florian Latorre (F/Fach Auto Tech)
  • 6. Jaap van Lagen (NL/martinet by ALMÉRAS)
  • 7. Joey Mawson (AUS/Team Australia
  • 8. Al Faisal Al Zubair (OM/Lechner Racing Middle East)
  • 9. Leon Köhler (D/Lechner Racing Middle East)
  • 10. Jaxon Evans (NZ/Fach Auto Tech)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Julien Andlauer (F/BWT Lechner Racing), 67 points
  • 2. Michael Ammermüller (D/BWT Lechner Racing), 64 points
  • 3. Ayhancan Güven (TR/martinet by ALMÉRAS), 50 points
  • 11. Dylan Pereir (L/Momo Megatron Lechner Racing)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: Dylan Pereira (L), Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Mobil 1 Supercup, Hockenheim 2019 © Porsche Mobil 1 Supercup

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Hockenheim, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel