Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel
Auto International https://moien.lu/greek-dating-sites-london/ what is measured in the radiocarbon dating of organic materials https://moien.lu/online-dating-in-texas/

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel

All d‘Detailer vun der Marathonsëtzung, bei där sech d‘Spëtze vun

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus
Auto International https://moien.lu/greek-dating-sites-london/ what is measured in the radiocarbon dating of organic materials https://moien.lu/online-dating-in-texas/

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
Auto International https://moien.lu/greek-dating-sites-london/ what is measured in the radiocarbon dating of organic materials https://moien.lu/online-dating-in-texas/

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

surprise

Dylan Pereira gewënnt éischt Laangstreckerennen

De Lëtzebuerger Espoir huet sech als beschten a senger Klass beim 9-Stonne-Rennen zu Kyalami duerchgesat

Dylan Pereira gewënnt éischt Laangstreckerennen

Et war déi lescht vun de fënnef Manche vum „Intercontinental GT Challenge“ an déi gouf dëse Sonndeg um legendäre Circuit vu Kyalami a Südafrika gefuer. Dës GT3-Weltmeeschterschaft gëllt als eent vun de beschte Laangstreckerenne vun der Welt a gëtt op fënnef Kontinenter ausgedroen.

Pereira

© Dirk Bogaerts / Intercontinental GT Challenge

Ënnert de 84 Piloten aus 19 Länner, war den Dylan Pereira deen eenzege Lëtzebuerger an hien ass an der „Silver-Class“ un de Start gaangen. Dës Klass ass de jonken an semiprofessionelle Pilote virbehalen. Zesumme mam Südafrikaner Saul Hack an dem däitsche Lars Kern, ass den Dylan Pereira fir Lechner Racing ugetrueden. Hiert Gefier: e Porsche 911 GT3-R.

De Circuit vu Kyalami, op deem laang Zäit och d‘Formel 1 doheem war, ass mat senge laange riichte Passagen, rapiden awer enke Secteuren an héich technesch Kéieren „erausfuerderend“. En Challenge deen de Lëtzebuerger gären ugeholl huet, och wann et sech däitlech vun de Coursen am Porsche Carrera Däitschland Cup an dem Porsche Mobil 1 Supercup ënnerscheet.

Pereira

© Dirk Bogaerts / Intercontinental GT Challenge

D‘Qualifikatioun ass an dräi Phasen ofgelaf. All Pilot hat 15 Minutte fir säi séiersten Tour op d‘Pist ze bréngen. Uschléissend ass eng Moyenne fir all Ekipp berechent ginn, déi sech op d‘Beschtzäit vun den dräi Pilote bezitt. Fir d‘Ekipp vu Lechner Racing ass dobäi déi 18. Plaz am Starterfeld ermëttelt ginn. Wéi gutt dës Startplaz war, konnt zu dësem Ament awer nach kee wëssen.

Fir d‘Renne selwer, datt wéi gesot iwwer 9 Stonnen ausgedroe gëtt, huet et eng Rei Virgabe ginn, un déi sech den Dylan ze halen hat. Esou huet hie missen tëscht 60 an 180 Minutten um Stéck hannert dem Steier sëtzen, ouni dobäi méi wéi insgesamt 225 Minutten dierfen ze fueren. Kee Problem fir de Lëtzebuerger, deen am Nomëtteg an Owes op der Pist ënnerwee war.

Pereira

© Dirk Bogaerts / Intercontinental GT Challenge

Datt hien seng Ronnen am Reen an op enger eekleg rutscheger Pist gedréint huet, sollt sech net als Handicap erweisen. Hie huet, wéi seng Komeroden och, alles gutt am Grëff gehat, firwat si dann och no 9 Stonnen, als 13. (am General) iwwert d‘Arrivée gefuer sinn, a sech esou an hirer Klass den Titel geséchert hunn. Et ass dat dann och dem Dylan säi 15. Podium vun der Saison.

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Dirk Bogaerts / Intercontinental GT Challenge

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Intercontinental GT Challenge, Kyalami, Lechner Racing, Porsche GT3-R
Nächsten Artikel Virrechten Artikel