Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
International Neiegkeeten Sport

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

De G5 Sahel, erkläert
International Neiegkeeten Sport

De G5 Sahel, erkläert

Den UN-Sécherheetsrot wäert sech deemnächst engem franséische Resolutiouns-Projet widmen: et

cool
E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
International Neiegkeeten Sport

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Dylan Pereira: Rookie-Champion vum däitsche Porsche Carrera Cup

Hien huet Talent an ass entspriechend séier ënnerwee: den Dylan Pereira, Lëtzebuerger Espoir am Automobilsport a bei Lechner Racing engagéiert, huet mat senger 5. a 4. Plaz zu Hockenheim déi éischte Plaz am Klassement vun de Rookien erreecht. Am Generalklassement ass hien de 4. ginn.

Et war dem Dylan Pereira seng lescht Participatioun um Porsche Carrera Cup Däitschland 2018. E Championnat un deem hien an éischte Linn deel geholl huet, fir sech gutt op seng Rennen am Porsche Mobil 1 Supercup virzebereeden. An déi lescht Renne vum däitsche Porsche Cup goufe dëse Weekend um Hockenheimring ausgedroen.

Scho bei de chronometréierten Essaie konnt de Lëtzebuerger nees bestätegen, ee vun de séierste Piloten op der Streck ze sinn. Säi Porsche GT3 Cup, huet wuel och eppes domatter ze dinn, mee um Enn ass et den Dylan deen d‘Steierrad am Grapp huet. Wéi gutt hien datt am Grapp huet, kann een un der Qualifikatioun ofliesen: Startplaz 2 am éischten, a Startplaz 3 am zweete Rennen.

Dylan

© Lechner Racing

Well dem Dylan Pereira säin Haaptzil, eng gutt Plaz am Porsche Mobil 1 Supercup ze maachen, ass huet hie bei dëser leschter Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup, virun allen uecht gedoen, näischt futti ze maachen, mee awer e Maximum u Punkten anzesäckelen.

Eppes rabiat déi Konkurrenz

Am éischte Rennen, an dat iwwerrascht eis Lieser net, huet den Dylan Pereira nees wéi gewinnt säin Depart optimal hikritt, konnt seng zweet Plaz ofsécheren, an huet „gemitterlech“ seng Ronne gedréit. Dat hätt fir eis dann och esou dierfe bis op d‘Arrivée bleiwen. Leider huet et de Pilot vu Lechner Racing am néngten Tour mam Ten Voorde ze di kritt.

Dee wollt mat aller Gewalt laanscht de Lëtzebuerger. Et ass dann awer net esou gaange wéi hie wollt. Hien huet dann esou laang gepiddelt bis hien den Dylan Pereira vun der Pist gedrängt hat. Eisen Espoir verléiert duerch dës krätzeg Aktioun direkt emol sechs Plazen, woumatter de Podium ausser Reechwäit geroden ass. Datt den Ten Voorde eng „Duerchfaartstrof“ krut, ass keen Trouscht.

Dylan

© Lechner Racing

Fir den Dylan Pereira huet geheescht sech op de leschte 6 Tier unzestrengen. Dat ass him gutt gelongen, an esou huet hien sech déi fënneft Plaz, op knappen zwee Zéngtel hannert dem véierten, verdéngt. Et konnt dann och nëmme besser ginn… Beim Depart vun der zweeter Course, huet de Lëtzebuerger direkt emol den Drock op de Michael Ammermüller erhéicht.

Gutt placéiert, ass et de Knuppert vun zwee Konkurrenten, déi eng Rennënnerbriechung mat sech bruecht huet. D‘Feld ass zesummegeréckelt a bei der Relance, huet den Dylan Pereira säi bescht gi fir déi 3. Plaz ze behalen. Den Ten Voorde hat sech nees eekeleg no un de erugemaach, a well et hei primär ëm d‘Punkte gaangen ass, huet hien de Rabbelkapp zéie gelooss.

Hie verpasst wuel de Podium, mee mat enger gudder 4. Plaz séchert hien sech den Titel als Rookie. Domatter huet den Dylan Pereira zur Freed vum Team, an eiser, seng gesaten Ziler am däitsche Porsche Carrera Cup erreecht. Elo gëllt et déi wierklech exemplaresch Leeschtung nach emol zu Mexiko ofzeruffen. Hei gëtt déi lescht Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup gefuer.

Klassement 14. Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 5. Dylan Pereira (LU)

Klassement 15. Manche vum däitsche Porsche Carrera Cup

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 4. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1. Thomas Preining (AT)
  • 4. Dylan Pereira (LU)

Klassement vun de Rookies:

  • 1. Dylan Pereira (LU) 159 Punkten

Videoen zu de Rennen:

Porsche Carrera Cup Allemagne Hockenheim Race 1:

https://www.youtube.com/watch?v=50zYdL7l5r0

Porsche Carrera Cup Allemagne Hockenheim Race 2:

https://www.youtube.com/watch?v=NTpw7f3ECZo

Fotoen: © Lechner Racing

Update:

Wéi eis nodréiglech matgedeelt ginn ass, huet no enger nodréiglecher Penalisatioun vum Pilot Jaap van Lagen, d’Generalklassement geännert. Doduerch huet de Lëtzebuerger Pilot vum Team Lechner Racing, net wéi vun eis geschriwwen, déi 5. mee déi 4. Plaz am Generalklassement zougewise kritt. Dat ass eng Plaz déi der Leeschtung vum Dylan Pereira entsprécht, wann ee bedenkt, datt hien an éischter Linn un dësem Championnat deel geholl huet, fir sech op dat eigentlecht Zil, de Porsche Mobil 1 Supercup virzebereeden.

Ähnlech Sujeten Automobilsport, Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel