Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm
International Neiegkeeten Sport

Mazedonien wëll an d’EU – a krempelt munches dofir ëm

No senger Aarbechtsvisite an Albanien, war den Ausseminister Jean Asselborn

cooltongue
Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach
International Neiegkeeten Sport

Internationale Petanque-Tournoi zu Iechternach

Organiséiert vum Veräin „Petanque Pavillon Iechternach“ fënnt dës international Renconter

cooltonguelove
De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert
International Neiegkeeten Sport

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

Et ass net all Dag, wou en esou ambitiéise Projet

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint eigentlech Vakanz maachen, well am Porsche Mobil 1 Supercup ass Paus. Mee den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest, an dëser Klass op de Podium ze kommen.

Hei kënnt him den däitsche Porsche Carrera Cup entgéint, wou hien sech perfektionéiere kann an un den Astellunge vu sengem Porsche GT3 Cup ka schaffen. De leschte Weekend huet hien dann och an dësem Sënn un der 5. a 6. Course vum Porsche Carrera Cup Däitschland deel geholl. Gräife mir eppes vir, a weisen direkt emol drop hin, datt et fir d‘Piloten an hir Teame batter waarm war.

Esou huet den Dylan Pereira bei den Essaien op Astellunge gesat, déi et him erlaabt hunn d‘Pneuen ze schounen, fir an der Course „Reserven“ ze hunn, déi et him erlabe Plaze gutt ze maachen. An d‘Resultat war méi ee liichten aerodynamesche Support, wat derzou gefouert huet, datt eise Pilot sech 1 Sekonn hannert der Pole-Positioun erëmfonnt huet.

Dylan PereiraFir de Lëtzebuerger Espoir am internationale Rennsport huet dat bedeit, datt hie vun der 12. Plaz aus an dat éischt Renne gaangen ass, am zweete Rennen, war et esouguer nëmmen déi 16. Dat kléngt net gutt, mee et dierf och net doriwwer ewechtäuschen, datt et am Porsche Carrera Cup an éischter Linn drëms geet, sech an den Auto gutt op de Porsche Mobil 1 Supercup virzebereeden.

Gewanne wëll een dann awer…

Elo huet den Dylan Pereira awer ëmmer „Ambitiounen“. An schonn am Ufank vun der éischter Course huet hien dorunner keen Zweiwel gelooss. Séier hat hie sech zwee Géigner gekroopt, a sech hannert dem däitsche Pilot Michael Ammermüller a Positioun bruecht. Hannert him de Fransous Jean-Baptiste Simmenauer. Béid seng Equipiere bei Lechner Racing.

Am drëtten Tour huet de Lëtzebuerger Pilot eng Kéier eppes méi „grousszügeg“ missen huelen, fir engem Kontakt mam franséischen Team-Kolleg aus de Féiss ze goen, deen dovunner profitéiert huet an sech virun hie gesat huet. Déi Ronn drop war dat nees ausgeglach, an eng Ronn méi spéit hat hien déi siwent Plaz ageholl. Seng gutt erhale Pneue sinn him eng wäertvoll Hëllef gewiescht.

Wat e Mangel u Gripp bedeit, well d‘Pneuen ofgebaut hunn, datt huet de polnesche Pilot Robert Lukas séier festgestallt. Deen hat nach e butzege Virsprong op den Dylan Pereira, ass dunn awer vun der Streck ofkomm, deen esou mat senger Strategie op der 6. Plaz ukomm ass. De Pilot vum Team Lechner Racing huet déi och bis iwwer d‘Arrivée sécher behalen.

Esou konnt et weider goen

Mat dëser exzellenter Leeschtung, ëmmerhin hat den Dylan Pereira déi meeschte Plaze gutt gemaach, huet sech de Lëtzebuerger Pilot déi 1. Plaz am Klassement vun de „Rookies“ geholl. An der zweeter Course hat eise Pilot op e neits e super Start higeluecht, ass de „Kontakter“ am Mëttelfeld aus dem Wee gaangen, a mécht véier Plaze gutt.

Am drëtten Tour, hat hien alt nees eng eppes wäit an der Kéier ausgeholl. E Feeler deen an dësem Sport net verzie gëtt, an esou ass den Dylan Pereira nees op déi 14. Plaz zréckgefall. Lues awer sécher huet hien nees op d‘Géigner opgeholl, an am siwenten Tour, war eise Pilot op der 11. Plaz. Leider nëmme kuerz, well eppes ze vill Risiko an der 16. Ronn huet hien nees Plaze kascht.

Dylan PereiraElo kéint ee gehässeg sinn, a behaapten, datt dat net duer geet, wann ee sech op seng Performancen aus der Vergaangenheet berifft. Dat géif allerdéngs och bedeiten, datt een net alles Verstanen huet. Et konnt vill getest ginn, a bezunn op d‘Startplazen, muss sech den Dylan Pereira näischt virwerfe loossen. Säin Zil ass e Podium am Porsche Mobil 1 Supercup, an datt sollt ze erreeche sinn.

Mir freeën eis jiddwerfalls, datt den Dylan Pereira dëse Weekend och um Nürburgring beim däitsche Porsche Carrera Cup nees mat um Start ass. An och wann et op den éischte Bléck net direkt ze gesinn ass, esou muss awer drop higewise ginn, datt de Lëtzebuerger Espoir déi fënneft Plaz am Championnat huet, wou 44 Piloten ageschriwwe sinn.

Generalklassement Porsche Carrera Cup Däitschland:

  • 1er – Michael Ammermüller (DE) 123 Punkten
  • 2ème – Thomas Preining (AT) 114 Punkten
  • 3ème – Larry ten Voorde (NL) 80 Punkten
  • 5ème – Dylan Pereira (LU) 58 Punkten

Porsche Carrera Cup Nürburgring Race 1:

https://www.youtube.com/watch?v=UzGLgO1OVdU

Porsche Carrera Cup Nürburgring Race 2:

https://www.facebook.com/CarreraCupDeutschland/videos/1887648677968156

Fotoen: © Porsche Carrera Cup Deutschland, Nürburgring 2018

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    13

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1