Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng „international“ Schoul fir Munneref
International Neiegkeeten Sport

Eng „international“ Schoul fir Munneref

D‘Schoulrentrée zu Munneref gëtt dëst Joer zu Munneref eng besonnesch.

love
Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier
International Neiegkeeten Sport

Tattoos fir de gudden Zweck zu Tréier

„Bzzz“: E Geräisch, wat een dëse Weekend zu Tréier am Messepark

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe
International Neiegkeeten Sport

What the Fakt – 169. Doudesdag vum Edgar Allen Poe

Duerch Kuerzgeschicht vun „Das verräterische Herz“ misst de Schrëftsteller Edgar

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza

Porsche Mobil 1 Supercup: Gutt Leeschtung vum Dylan Pereira zu Monza

No technesche Problemer zu Francorchamps, wou de Lëtzebuerger Espoir säi Porsche GT3 Cup huet missen „ofstellen“, huet den Dylan Pereira, beim 8. Laf vum Porsche Mobil1 Supercup nees mat senger gewinnter Leeschtung ugeknäppt.

Op engem esou schwierege Circuit wéi deem vu Monza, huet hien de séiersten Tour vun der Course higeluecht, a fiert als 5. iwwert d‘Arrivée. Domatter ass hien elo am Generalklassement op der 6. Plaz. Bis dohinner war et dann awer e wäite Wee.

Monza ass déi séierst Streck vum Championnat, mat laange Riichte wou d‘Gefierer iwwer 280 Km an der Stonn erreechen. Zudeem hat sech och nach d‘Wieder als „Wiesselfreedeg“ erwisen. D‘Zil fir den Dylan Pereira war kloer: Punkte maachen a Plazen am Generalklassement guttmaachen.

En Optrag deen de Lëtzebuerger Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing eescht hëlt. Dat op engem Circuit wou all d‘Piloten um Limitt ënnerwee sinn, an dee klengste Feeler direkt bestrooft gëtt. De fräien Training ass am Reen, ouni Problemer fir de Lëtzebuerger, absolvéiert ginn.

Eng virsiichteg Qualifikatioun

Wéi et an d‘Qualifikatioun gaangen ass, war d‘Wieder nach ëmmer onbestänneg. Den Dylan Pereira ass fréi op d‘Streck gaangen, an huet déi éischt zwee Tier „lues“ gemaach. Him ass et heibäi drëms gaangen, sech d‘Schwieregkeete vun der Streck anzeprägen.

A sengen 12 Qualifikatiounsronnen, war de Pilot vum Lechner Racing Team ëmmer eng Grëtz méi lues wéi seng direkt Konkurrenten. Am drëtten Ofschnëtt vum Circuit huet den Dylan net déi perfekt Linn fonnt. Um Enn muss sech de Lëtzebuerger mat der 12. Startplaz zefridde ginn.

© Lechner Racing Team

Den Dylan Pereira zu Monza. Hei huet sech de Lëtzebuerger seng 6. Plaz am Generalklassement zréckgeholl, nodeems en technesche Problem hien zu Francorchamps an d‘Bredouille bruecht hat. © Lechner Racing Team

Fir d‘Course huet eng däitlech Strategie ginn: ee feelerfräie Start hileeën an sech eng Plaz an den Top 10 sécheren. Dat huet den Dylan Pereira behäerzegt, an hien dann och eréischt am 4. Tour den Ugrëff op d‘Konkurrenz lancéiert. Et sollt déi séierste Ronn vun der Course ginn.

Nom 6. Tour war de Lëtzebuerger schonn op der 10. Plaz, eng Ronn weider hat den Dylan Pereira nach emol zwee Géigner iwwerholl. Am 10. Tour, an nach ëmmer gutt ënnerwee, ass den Dylan op der 5. Plaz, an iwwerhëlt en direkte Konkurrent am Generalklassement.

E bal perfekt Rennen

Bis dohinner huet den Dylan Pereira 7 Plaze guttgemaach an hat säin Optrag esou gutt wei erfëllt. Déi véier éischt, déi jo manner Trafic haten, konnten sech – während de Pilot vum Lechner Racing Team sech no vir gekämpft huet – ofsetzen. Nach emol op si opschléisse war net méi méiglech.

Dofir dierf awer ervirgehuewe ginn, datt den Dylan Pereira zu Monza eng vu senge beschte Coursse vum Porsche Mobil 1 Supercup Championnat realiséiert huet. Hien huet op neits bewisen, datt hie seng Plaz am Auto verdéngt huet, an déi gefuerdert Ziler och erreeche kann.

Op dem schwierege Circuit vu Plaz 12 an d‘Coursse goen, als fënneften iwwer d‘Arrivée fueren an esou nees déi 6. Plaz am Generalklassement zréckerueweren, dat ass eng exzellent Leeschtung. Dat de Pilot entspriechend gutt gelaunt mat sengem Team gefeiert huet, soll him vergënnt sinn.

Déi nächst Erausfuerderung kënnt Enn Oktober op den Dylan Pereira duer. Bis dohinner gëtt sech weider preparéiert, an esou kann een dem Lëtzebuerger schonn de nächste Weekend, am Kader vum däitsche Porsche Carrera Cup um Sachsenring, nees d‘Daumen drécken.

Resultat vun der Course Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Thomas Preining (AT)
  • 2. Plaz Michel Ammermüller (DE)
  • 3. Plaz Mattia Drudi (IT)
  • 5. Plaz Dylan Pereira (LU)

Generalklassement Porsche Mobil 1 Supercup

  • 1. Plaz Michael Ammermüller
  • 6. Plaz Dylan Pereira

Site web: www.dylan-pereira.com

Facebook: www.facebook.com/dylanpereiramotorsport

Twitter: www.twitter.com/dylanpereiralu

Instagram: www.instagram.com/dylanpereiraofficial

Foto: Gutt ënnerwee: den Dylan Pereira a sengem Porsche GT3 Cup II. Gas ginn ouni d‘Grenzen ze iwwerschreiden, dat ass eng Konscht déi de Lëtzebuerger Pilot vu Momo Megatron Lechner Racing ëmmer besser berherrscht. © Lechner Racing Team

Ähnlech Sujeten Automobilsport, Dylan Pereira, Lechner Racing, Monza, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel