Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst a wiisst, mee d‘Problemer ginn net ugepaakt
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/10-signs-youre-dating-a-loser/

Diskussioun ronderëm de Verkéier kënnt an d’Rullen. Dat ass gutt,

list of questions to ask online dating
Money Neiegkeeten

De Jean Asselborn vun US-Entscheedung fir Jerusalem net begeeschtert

No der Entscheedung vum US-President déi amerikanesch Ambassade vun Tel

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!

Et ass d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra an hirer eenzegaarteger

money

Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt

Mir hunn e bessere Kompetitivitéitsbilan wéi dat am Ausland behaapt gëtt

De Mëttelstandsminister huet gëschter am Wirtschaftsministère de Kompetitivitéitsbilan 2019 virgeluecht, an dee straalt Zouversiicht aus: Lëtzebuerg ass wäit besser opgestallt, wéi eis datt auslännesch zesummegezwafft Klassementer wëlle wäiss maachen.

An dee vum Observatoire vun de Kompetitivitéit (ODC) 232 Säite schwéiere Rapport, presentéiert ënnert anerem och déi nei Resultater vu „STATEC Research Asbl“: de „Global entrepreneurship Monitor“ (GEM). De sougenannte GEM-Rapport, ass en zentraalt Dokument fir d‘Analyse vum Entreprenariat op Weltniveau. Aus deem geet ervir, datt Lëtzebuerg op internationalem Niveau gutt opgestallt ass, an et eisen Entreprisen – entgéint deem wat de Nicolas Buck vun der UEL behaapt – eigentlech guer net esou schlecht geet, an eist Land ee ganz attraktive Standuert ka sinn.

Enthale sinn och Informatiounen zu den institutionelle Facteuren déi d‘Geschäftswelt impaktéieren a fir déi éischte Kéier huet sech de Rapport och eng Enquête iwwert de Familljen-Entreprenariat geleescht. Hei gëtt et natierlech immens vill Statistiken, an eng dovunner bezitt sech beispillsweis, op d‘Zäit déi ee muss versträiche loossen, bis ee seng Entreprise gegrënnt huet an administrativ an der Rei ass. Dee Punkt gëtt am Ausland genotzt fir d‘Attraktivitéit vun engem Land ze bestëmmen.

Laut dem Lex Delles (DP) an deenen him zur Verfügung gestallten Zuelen, huet een hei am Land, wann een eng Firma wollt opmaachen, 8 Schaffdeeg gebraucht. Beim Index vun der Weltbank (Am sougenannten „ease of doing business“ Index) bréicht een allerdéngs 16,5 Schaffdeeg. Laut dësem Index bréicht een an der Belsch 4, an Holland 3,5 Schaffdeeg. An Estland sinn et 18 Minutten… Wéi sech dat alles berechent, also wat fir eng „Methodologie“ ugewannt gëtt, wësse mir do net.

De Mëttelstandsminister betount dann och, datt Lëtzebuerg an der Realitéit méi séier ass, firwat een déi international Klassementer mat Virsiicht genéisse sollt, well déi ugewannte Methodologie net d‘Spezifizitéite vun eisem Land géife berécksiichtegen. Woubäi dann och de Lex Delles sech muss agestoen, datt och 8 Deeg „e laangen Dag“ ass a mir do misste besser ginn. Dofir wieren och scho Mesuren ergraff ginn an et géif zudeem och den digitalen Aspekt verstäerkt a betruecht geholl ginn.

Vu Statistiken an hirem Wäert

Bezitt ee sech dann op de Klassement vun der Weltbank (déi niewebäi bemierkt och eng politesch Roll spillt) da wier een als Entrepreneur besser berode säi Betrib an Albanien unzesidelen. Wier deem elo tatsächlech esou, misst d‘Wirtschaft an Albanien bléien, dat ass allerdéngs faktesch net esou. Wann een da feststellen dierf, datt Lëtzebuerg am Welt-Ranking op 66. Plaz, am europäesche Ranking op Plaz 26 geleeën ass, da kléngt dat op den éischte Bléck richteg „schäiss“, mee et muss ee Politiker sinn fir sech iwwert esou eppes opzereegen. Et passt einfach net zum Fiskalparadäis…

Richteg ass awer och, datt et ganz dovunner ofhänkt wien eng Entreprise oder e Business opmécht. An et ass och eng Fro, op d‘Pabeieren alleguerte virleien. Ass deem esou geet et un a fir sech zügeg virun. D‘Klassement vun der Weltbank géif och keng Récksiicht op déi wirtschaftlech Entwécklung huelen an och net nokucke wéi vill Entreprise gegrënnt goufen. Ausser eis e schlechten Image ginn, mécht d‘Weltbank mat senge „Berechnungen“ net. Mee jidderee mécht sech déi Statistik esou wéi hie se well oder brauch. An dat gëllt fir Quasi all d‘Indexer déi et esou uechtert Welt gëtt.

Gutt mat den eegene Statistike gi mir Lëtzebuerger och net zefriddestellend ëm, an et sollt ee sech méi oft dierfe froen, wat Statistiken, déi vun esou zimlech jidderengem no ganz eegene Kritären etabléiert ginn, am Endeffekt daachen. Wann et de Statistiken a Klassementer nogeet, missten se längst all verschwonne sinn an et dierft keen neie bäi kommen. Dat ass net de Fall a Lëtzebuerg ass nach ëmmer – besonnesch fir Konzerner – en attraktive Standuert. Niddreg Steieren an eng gefälleg Regierung sinn all Entreprise méi wäert wéi an 18 Minutten eng Handelsermächtegung ze kréien.

Foto: (v.l.n.r.) Martine Hildgen, Wirtschaftsministère; Pierre Thielen, Wirtschaftsministère; Lex Delles, Mëttelstandsminister; Serge Allegrezza, Direkter vum STATEC a Chargé vum ODC. © MECO

Ähnlech Sujeten Kompetitivitéit, Kompetitivitéitsbilan, Lex Delles, Mëttelstandsministère, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel