Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!
Neiegkeeten

RAMMSTEIN – Neie Stoff mat der Single „Radio“!

Ee weidere Video vun der däitscher Band RAMMSTEIN ass ugekënnegt

Fine Flèche Walfer: De Gilles Seywert war de beschte Bouschéisser um 3D-Interklub Tournoi
Neiegkeeten

Fine Flèche Walfer: De Gilles Seywert war de beschte Bouschéisser um 3D-Interklub Tournoi

Trotz Télévie a Kommioun, haten d‘Bouschéisser de leschte Sonndeg um

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
Neiegkeeten

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit Aarbechtsgesetz gëschter um Krautmaart ugeholl ginn. De Salarié wier mat dësem Text besser geschützt, déi juristesch „Onsécherheeten“ am Aarbechtsrecht aus der Welt geschaaft.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) huet den Deputéierten an der Chamber erkläert, datt mat den Ännerungen, d‘Rechter vum Salarié gestäerkt ginn. Den Text selwer beschäftegt sech dann och mat enger ganzer Rëtsch Dispositiounen aus dem Aarbechtsrecht: vun der Erhéijung vun der Aarbechtszäit fir Studenten, d‘erhale vun der ganzer Pai am Krankheetsfall, bis hin zu de Rechter vum Aarbechter am Fall vun enger Entloossung.

An dat neit Gesetz geet och nach e Schratt méi wäit. Esou hëlt sech de Gesetzestext och de Mesurë fir d‘Aglidderung an den Aarbechtsmaart un. Grousse Wäert leet d‘Rapportrice Taina Bofferding op de Fait, datt all dës Verännerungen an Erneierungen, mat de Sozialpartner am stännegen Aarbechtscomité duerchdiskutéiert an ugeholl goufen.

Déi voll Pai am Krankheetsfall

Um Dënschdeg war sech an der Chamber scho mat der éischter Unuerdnung beschäftegt ginn. Bei dësem Punkt ass et drëms gaangen ze klären, wéi et mat der Pai am Krankheetsfall ausgesäit. Laut dem Patronat en Text dee bis dohinner ënnerschiddlech Interpretatiounen erlaabt hätt. Esou hunn déi eng dem kranke Mataarbechter och d‘Feierdeeg an d‘Sonndeger ugerechent, déi aner net.

Mat der Aféierung vum „Statut Unique“ am Joer 2008, wier et héich Zäit ginn hei Rechtssécherheet ze schafen, betount de Minister. Wie reegelméisseg Nuetsaarbecht verriicht, muss och am Krankheetsfall déi voll Pai erhalen. Wien awer nëmmen heiansdo Sonndes schafft, wéi dat bei ville Salariéeën am Eenzelhandel de Fall ass, soll net an de Genoss vun dësem Virdeel kommen.

Am Kloertext bedeit dat: d‘Gesetz ënnerscheet tëscht dem Salarié, deen zum Zäitpunkt wou hie krank ginn ass säin Aarbechtsprogramm hat, an deem Salarié, wou zu dësem Ament dësen net hat. Op mat dëser Liesweis d‘Problemer all geléist sinn, kann een dann awer eréischt bestätegen, wann an e puer Joer eng Evaluatioun dozou virläit.

Erëm schaffen an Aglidderung

Wat d‘Hëllef betrëfft, déi fir de „Réemploi“ opgewannt gëtt, esou si Mesure geholl ginn, déi gewësse Mëssstänn soll besäitegen. D‘Hëllef déi dem Beneficiaire véier Joer laang garantéiert wéinstens 90% vu senger aler Pai ze erhalen, wann hien eng méi schlecht bezuelten Aarbecht unhëlt, ass (ze) oft vum Patronat mëssbraucht ginn.

Esou hunn sech vill Patronen anscheinend net dru gebonne gefillt, dem Mataarbechter eng Pai zouzegestoen, déi senge Kompetenzen a Qualifikatioune gerecht gi wier. Zukünfteg ass et dann esou, datt de Staat iwwert den Aarbechtsfong nach just d‘Hallschent vum Loun iwwerhëlt, an och d‘Beneficiaire gewësse Kritären erfëlle mussen.

D‘Hëllef fir de „Réemploi“ sollt also nëmmen nach fir Demandeuren iwwer 45 Joer gëllen, wann se hir Aarbecht duerch eng kollektiv Entloossung oder eng Faillitte verluer hunn. Wien Deel vun enger Aarbechtserhalungsmoossnam war, soll och Usproch op d‘Hëllef hunn.

Laut dem Rapport vun der Kommissioun, haten am August 915 Leit vun 3.093 dës Hëllef erhalen, déi iwwert de Mindestloun ewech geet. 1.478 Leit ware méi jonk wéi 45 Joer, 1.518 Persounen hunn eng Hëllef kritt, déi méi héich war d‘Hallschent vum Loun dee vum Patron bezuelt ginn ass. De Minister ass dann och iwwerzeegt, datt déi nei Mesure, d‘Aglidderung an den Aarbechtsmaart, besonnesch deenen „benodeelegten“ zerguttst kënnt.

Den Aarbechtsmaart am A behalen

Interessant um Gesetz, dann de Fait, datt dëst Gesetz och dem Studiereseau „RETEL“ eng legal Basis bitt. De RETEL ass zoustänneg fir eng besser Kenntnis vun der Entwécklung vum Aarbechtsmaart ze kréien, déi et da soll der Politik erlaben, méi geziilt Mesuren an Entscheedungen ze treffen.

Dat ganzt funktionéiert dann och schonn als Projet dee vum europäesche Sozialfong kofinanzéiert gëtt. Dee verëffentlecht dann och reegelméisseg seng Analysen. Fir Taina Bofferding wier et dann och wichteg gewiescht, dem RETEL seng Capacitéiten ze stäerken. Et soll iwwert dee Wee d‘Aarbechtspolitik vum Land verbessert ginn.

Am Rapport dann och d‘Avise vun der Handwierker- an der Handelskummer. Déi waren deels ganz kritesch, woubäi d‘Patronatsvertrieder sech besonnesch der „Pai am Krankheetsfall“ ugeholl hunn. Si sinn dann och der Usicht, datt déi nei Dispositiounen, d‘Accorden déi tëscht de Sozialpartner a Fro stellen. Zudeem géif dat neit Gesetz éischter méi Onsécherheet schafen, a keng Léisung bidden.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsgesetz, Aarbechtsmaart, Aarbechtsminister, Aarbechtsrecht, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel