Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun
Neiegkeeten

En neie Chef fir d‘Welthandelsorganisatioun

D‘Welthandelsorganisatioun (WTO) stécht a enger existenzieller Kris, an dem aktuelle

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm
Neiegkeeten

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm

Iwwer 4.000 Migrante vun der „Karawann“ befannen sech elo op

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner
Neiegkeeten

Pedophilie: De laangen Otem vun de Kierchemänner

Am Februar 2019, zu Roum war déi grouss „Mëssbrauchskonferenz“ op

E besuergte Premier… an dem Wirtschaftsminister ass et och net fir ze laachen

E besuergte Premier… an dem Wirtschaftsminister ass et och net fir ze laachen
Installatioun vum Noutspidol um Parvis vum CHL an der Stad. Hei solle bis zu 200 Leit opgeholl kënne ginn. © EMA

D‘Videokonferenze fir d‘Journaliste schéngen sech an enger Endlosschläif verfaangen ze hunn, mee ass och d‘Gebuet vun der Stonn, déi d‘Regierung zu dësem Kommunikatiounsiwwerschoss unhält. De Bierger wëll a muss och um lafende gehale ginn, wëll sech d‘Lag stënterlech verännert an et – kaum ze gleewe mee et ass esou – nach ëmmer Mënsche gëtt, déi den Eescht net erkannt hunn.

An esou huet de Premierminister (Video) dann nach emol kloer a verständlech erkläert, datt et seng Missioun als Premierminister ass, d‘Leit doheem ze halen an déi schwächst an der Gesellschaft ze schützen. Wat déi sëlleche Revendicatiounen ugeet, wéi beispillsweis d‘Fuerderung, datt de Staat de partielle Chômage zu 100% soll iwwerhuelen, oder de Kollektivcongé soll verréckelt ginn, sinn net Ziilféierend ugesiichts den Urgencen déi am Gesondheetsberäich virrangeg musse behandelt ginn.

Hien huet awer confirméiert, datt et schonn e Méindeg zu engem Echange mat de sozial Partner komme wäert an dat den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), mat dësen iwwert dat wat zur Stonn méiglech ass, berode wëll. Op dat iwwer Videokonferenz oder et eng physesch Entrevue gereegelt gëtt gouf net preziséiert. Hien huet awer och keng Zweiwel dorunner gelooss, datt et no der sanitärer Kris och eng Wirtschaftskris wäert ginn. Eng Rezessioun gehéiert do leider derzou.

D‘Wirtschaft – an d‘Gesellschaft am grousse ganzen – Schützen, dat ass dem Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) seng Missioun. Hien huet den Job eréischt kierzlech iwwerholl a hätt sech léiwer op déi bis viru Wochen nach gesond Konjunktur gestëtzt. Elo muss hien der Natioun soen, datt den Impakt op d‘Ekonomie wäert brutal sinn. Woubäi sech mëttlerweil an eiser konnektéierter Welt och deen Dommsten ausmole kann, datt dës sanitär Kris sech och op de Portmonni auswierkt.

Wéi sech datt am Endeffekt wäert duerstellen, kann och de Wirtschaftsminister net virausgesinn, mee et ass sécher, datt et d‘Land virun zolidd Erausfuerderunge stellt. Et brauch, wann d‘Pandemie iwwerstanen ass, zu adaptéierten an séiere Reaktioune komme mussen, esou de Franz Fayot (Video) deen ukënnegt, datt déi véier Ministèren: Finanz, Wirtschaft, Aarbecht a Mëttelstand; esou eppes wéi ee „Stabilitéitspak Covid19“ ausschaffen. Dëse Pak soll Hëllef an alle Beräicher erméiglechen.

Detailer kann et zur Stonn keng ginn, mee de Wirtschaftsminister berifft sech op gesond ëffentlech Finanzen (wat vill aner Länner esou net vu sech kënne behaapten), déi zumindest ee gewëssen Handlungsspillraum zouléisst. Hie verheemlecht och net, datt sech net all Entreprise wäert rette loossen, et géif een awer elo scho mat de Banke verhandelen (déi sti jo eppes an der Schold, nodeems si mat Milliarde Steiergelder gerett goufen) fir Scholden ze restrukturéieren.

Bis awer elo dëse Stabilitéitspak finaliséiert ass, gëtt weider um partielle Chômage festgehalen. Vill Entreprise hunn dëse schonn ugefrot. An dësem Kontext huet hien och d‘Entreprisen opgeruff, hir Demande direkt un d‘ADEM ze schécken an net un de Konjunkturcomité. D‘ADEM soll dann och zäitno en informatescht Instrument online stellen, fir eng besser Gestioun vun den Demande sécher ze stellen. Weider heescht et dat d‘Mesure erweidert ginn ass an ee beméit ass keen ze vergiessen…

En Noutspidol als Annexe vum CHL

Och wann d‘Lag zu Lëtzebuerg – sécher och well déi meescht sech un d‘Mesuren halen – nach ganz iwwersiichtlech ass, esou wëll d‘Regierung net waarden, bis „Schlaangen entstinn“, an huet d‘Offer vun der NSPA (NATO Support and Procurement Agency) déi hire Sëtz op der Cap huet, ugeholl an d‘Cargolux huet dat Ganzt Material zu Bari (et solle laut Paperjam 56 Container sinn) ofgeholl, wat zu iwwerflëssege Froe gefouert huet (Video mam Premier). Een Transport géif nach ausstoen.

Wirtschaftsminister

D‘Cargolux ass net nëmmen op Bari geflu fir déi verschidde Bauelementer vum Spidol op Lëtzebuerg ze bréngen, nee si bréngen eis déi nächst Woch och Masken an Schutzkleedung aus China an d‘Land. © FreeLens TV

An der Tëscht awer gëtt scho mam Opriichten ugefaangen, an eis Zaldote paken eng zolidd Hand mat un. An dëser Infrastruktur gëtt et Plaz fir bis zu 200 Patienten, wouvunner 100 Better fir de Service Reanimatioun. Weider Moossnamen dëser Aart sinn, entspriechend der Entwécklung och méiglech. Lëtzebuerg ass un a fir sech gutt op Katastrophe virbereet, an et ass ënnert den aktuellen Ëmstänn besser dem Covid19 e Schratt viraus ze sinn. Dat dierf ee roueg als gutt Noriicht verstoen.

Foto: D‘Cargolux ass net nëmmen op Bari geflu fir déi verschidde Bauelementer vum Spidol op Lëtzebuerg ze bréngen, nee si bréngen eis déi nächst Woch och Masken an Schutzkleedung aus China an d‘Land. © FreeLens TV

Galerie: Installatioun vum Noutspidol um Parvis vum CHL an der Stad. Hei solle bis zu 200 Leit opgeholl kënne ginn. © EMA

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Reszessioun, Sanitär Kris, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel