Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung
hook up muay thai schedule

Irma bréngt apokalyptesch Zerstéierung

Tëscht „Albdram“ an „Apokalyps“, de Monsterorkan Irma, dee weider duerch

free dating sites uk only
hook up muay thai schedule

love poem dating

Eng vun de Prioritéite vun der EU ass de Schantje

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht
hook up muay thai schedule

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu

E blesséierte bei engem Accident an en Iwwerfall zu Bus

E blesséierte bei engem Accident an en Iwwerfall zu Bus

Um Méindegmuere géint 11 Auer ass zu Diddeleng op der Route de Volmerange zu engem béisen Accident tëscht engem Camion an engem Auto komm. Heibäi gouf eng Persoun tëscht béide Gefierer ageklemmt. Wéi säitens der Police, déi op der Plaz enquêtéiert huet, geheescht huet, hätten de Camion an den Auto um Trottoir geparkt.

Den Auto huet e puer Meter hannert dem Camion gestanen, a während de Chauffer seng Wueren ausgelueden huet, wier den Automobilist bei seng Mall gaangen. An dësem Ament ass de Camion un d‘rulle komm, firwat den Automobilist tëscht béide Gefierer ageklemmt ginn ass. De Mann wier dunn ënnert den Auto gerëtscht, a gouf vum Camion mat sengem Auto no vir gedréckt.

Séier waren d‘Rettungsdéngschter op der Plaz, an de Mann huet vum Noutdokter éischt Hëllef erhalen. Mat der Ambulanz konnt de Mann uschléissend an d‘Spidol gefouert ginn. Leschten Informatiounen no ass d‘Liewe vum Mann net bedreet. De Parquet huet zwecks Feststellung vun technesche Mängel, de Camion beschlagnahme gelooss.

Brutalen Iwwerfall

Um Sonndegowend ass eng Famill aus der Éiter-Strooss zu Bus géint 21.30 vu rabiate Brigange am eegenen Haus iwwerfall ginn. D‘Krätzbéck waren deels Maskéiert, an sinn och net zimperlech mat de Leit ëmgesprongen. Si hu matgoe gelooss wat vu wäert war, an dozou gehéiert och e Wäisse Golf GTI, mat de Nummereschëlter PT2206 (L).

An dësem Kontext sicht d‘Police no méiglechen Zeien: „Wien huet um Owend vum 20. Januar verdächteg Saachen an/oder Persounen am Roum Sandweiler/Bus gesinn? Wien sinn 3 bis 4 Persoune mat donkeler Kleedung, am Alter tëscht 20 an 30 Joer, nordafrikanescher Ofstamung, opgefall?“. Gesicht gëtt och nom Golf GTI: „Wiem ass esou e wäisse Golf GTI no 22.30 Auer opgefall? Et besteet duerchaus d‘Méiglechkeet, datt zu dësem Ament d‘Nummereschëlter schonn ausgetosch goufen“.

Wien also zu dësem Virgank Informatiounen huet, soll sech wann ech gelift mat der Police ënnert der Nummer 4997-5850, oder iwwert den 113, a Verbindung setzen.

Ähnlech Sujeten Accident, Bus, Diddeleng, Iwwerfall, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel