Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Labour zitt de Stecker
International Neiegkeeten

Brexit: Labour zitt de Stecker

Nodeems ugangs der Woch d‘Theresa May (Tories) ukënnege gelooss hat,

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand
International Neiegkeeten

Bausecteur: Zwou Gewerkschafte ginn Hand an Hand

Et kënnt seele genuch vir, an dat sollt a de

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss
International Neiegkeeten

De Stephen King feiert seng 70! Hei sinn 7 Saachen, déi s de iwwert e wësse muss

Et gi wéineg Schrëftsteller, deenen hire Numm esou bekannt ass,

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

De schmuele Grat tëscht Propaganda a Berichterstattung

US-Medie behaapten den Iran hätt wëllen e briteschen Tanker kaperen

Esouwuel dem US-President säin Haussender Fox-News wéi och CNN hu bericht, datt iranesch „Agenten“ solle versicht hunn am persesche Golf e briteschen Uelegtanker ze kaperen, bezéien sech fir dës Aussoen awer op Quelle bannent der US-Administratioun.

Laut de genannte Medien, wëllen d‘US-Autoritéite mat Sécherheet festgestallt hunn, datt fënnef mat Waffen ausstafféiert Booter vun de Revolutiounsgardisten d‘Schëff „British Heritage“ beim Passage vum persesche Golf an d‘Strooss vun Hormuz sollen „ugegraff“ hunn. Et heescht, datt d‘Zaldoten d‘Boot opgefuerdert hunn, de Kurs ze änneren an iranesch Gewässer unzesteieren.

Tanker

Weider heescht et, datt e britescht Krichsschëff, dat den Tanker begleet, agegraff huet an déi iranesch Kampfbooter zréckgedrängt hätt. Laut der US-Administratioun géif et och Biller, déi de Virfall dokumentéieren. Déi huet d‘US-Administratioun den Ament nach net fräi ginn. Et kann net onofhängeg bestätegt ginn ob sech de Virfall entspriechend den Uschëllegungen zougedroen huet.

E Mangel u Beweiser

Zwar behaapt sech op Nofro e Spriecher vum „Centcom“ (der amerikanescher Kommandozentral fir den Noen Osten) drop, datt een d‘Berichter kennt, laut deenen d‘Revolutiounsgardiste vum iranesche Regime versicht hätten den Tanker ze drangsaléieren. Weider Informatioune misst eis de britesche Verdeedegungsministère ginn. Centcom awer géif de Virfall eescht huelen…

Weider heescht et säitens Centcom, datt d‘Bedreeung fir déi international Schëfffaart reell ass an et eng international Léisung brauch. Et ass onëmstridden, datt d‘Weltwirtschaft vu „fräien Handelsweeër“ ofhängeg ass. Et ass allerdéngs nei, datt en „Zaldot“ sech drop behaapt, et wier den „Natiounen hir Verantwortung dës Handelsweeër ze schützen“. Wichteg: Centcom huet de Virfall net bestätegt.

Aus dem US-Verdeedegungsministère hat et – an zwar nach iert dëse „Virfall“ gemellt gouf – e Mëttwoch d‘Annonce ginn, datt ee Pläng ausgeschafft hätt, mat där d‘Opstellung vun enger internationaler Koalitioun zum Schutz vun den Handelsschëffer erméiglecht ka ginn. Schliisslech wier d‘Strooss vun Hormuz mat déi wichtegst Handelsstrooss fir d‘Weltwirtschaft.

Krichspropaganda oder Fakt?

Well et ausser den Aussoe vu Centcom, den US-Autoritéiten an de genannte Medieberichter keng weider iwwerpréifbar Informatioune gëtt, stellen sech zolidd a berechtegt Froen. Zum enge wëssen d‘Iraner datt déi ganz Welt en A op de persesche Golf huet, dat och well d‘USA massiv mat Krichsschëffer am Gebitt operéieren an et schonn zu „Zesummestéiss“ mam Iran komm ass.

Et sollt een och dovunner ausgoen, de Fall gesat et wier eppes un den Aktivitéite vun den iranesche Revolutiounsgardisten drun, datt Teheran weess wéi eng Handelsschëffer vu Krichsschëffer begleet ginn, wat d‘Thees vun enger geziilter Aktioun géint d‘British Heritage eppes a Fro stellt. D‘Iraner wëssen datt Washington „e gudde Grond“ brauch, fir eng militäresch Allianz an e Krich ze féieren.

Tanker

Den Iran ass vun amerikanesche Militärbasen ëmzéngelt, d‘Sanktiounen an d‘Behënnerung vum Handel soll d‘Iraner zum „alenken zwéngen“ an derzou féieren, datt si entweder déi vun den USA diktéierte Konditiounen „matschaffen“, oder et iwwer kuerz oder laang keng Zukunft fir de Regimm vun den Ajatollahe gëtt.

Dat soll net bedeiten, datt et den Iraner net zouzetraue wier, mee ugesiichts den Entwécklungen am Dissens mat den USA, gëtt et e puer Punkten déi ervirzehiewe sinn: Teheran huet mam Trump kee Gespréichsbedarf, den Donald Trump wëll de Regimm vun de Ajatollahe stierzen, den Iran ass den Äerzfeind vu Saudiarabien, den Iran huet sengersäits elo och d‘Atomofkommes ad acta geluecht.

mat indymedia/mow/tlv/nyc

Foto: D‘Presenz vun der US-Marine am persesche Golf ass erdréckend (hei d‘USS Abraham Lincoln) an och europäesch Natiounen hu Krichsschëffer déi am Gebitt operéieren. Dëser „Muecht“ huet Teheran net wierklech eppes entgéint ze setzen, wat Provokatiounen awer net ausschléisst. © US Navy/1st Class Communication Specialist Brian M. Wilbur

Ähnlech Sujeten Britsh Heritage, Centcom, Iran, persesche Golf, Revolutiounsgarden, Strooss vun Hormuz, Tanker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel