Search

You may also like

D‘Police bied ëm Mataarbecht
Kultur Neiegkeeten

D‘Police bied ëm Mataarbecht

Um Freidegowend huet d‘Police an hirem Bericht uginn, datt de

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen
Kultur Neiegkeeten

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen,

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?
Kultur Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der EU-Kommissioun zougestëmmt, mat där d‘Direktiv vun der TVA amendéiert gëtt, an esou de Memberlänner d‘Méiglechkeet araumt, op elektronesch Publikatiounen déi selwecht TVA ze erhiewen, wéi dat bei der Print-Versioun de Fall ass.

Bei der Reunioun zu Lëtzebuerg, huet de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) d‘Moderniséierung vun der TVA-Direktiv am Bezuch op d‘Entwécklung vun den digitalen Technologie begréisst. Hien huet dann och ënnerstrach, wéi wichteg dëse Schratt fir den europäesche Konsument ass.

Tatsächlech huet d‘TVA-Direktiv vun 2006 d‘Memberstaaten gezwongen, d‘Déngschtleeschtungen déi iwwert den elektronesche Wee ugebuede ginn – dorënner sinn och d‘Publikatioune gefall – mam allgemeng üblechen TVA-Saz ze taxéieren. Dat hat mat sech bruecht, datt et de Länner verbuede war, den niddregen Taux unzewennen, esou wéi dat bei physesche Publikatiounen de Fall ass.

Elo wou d‘Propose ugeholl ass, ginn och déi jorelaang Verhandlungen tëscht eenzele Memberlänner op en Enn. Hei ware sech besonnesch Lëtzebuerg a Frankräich mat der EU-Kommissioun oneens.

Gläichstellung

Fir Lëtzebuerg ännert de Support vum Buch, op dësen elektronesch oder aus Pabeier ass, näischt u sengem kulturellen an edukative Wäert. Grad ewéi dat traditionellt Buch, ass déi elektronesch Versioun e fundamentaalt kulturellt an edukatiivt Gutt, deem seng Verbreedung et verdéngt huet encouragéiert ze ginn.

Lëtzebuerg huet sech dann och ëmmer dofir ausgeschwat, datt de Konsument seng Bicher zum selwechten TVA-Taux muss kafe kënnen, op hien dat Online oder an engem Geschäft mécht. Dat zemools wou gewosst ass, dat eng digital Diffusioun oft eppes méi gënschteg an ekologesch ass.

De Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt (DP) huet d‘Entscheedung kommentéiert: „Et ass eng wichteg Entscheedung zur Gonscht vun der Kultur. Si erlaabt e besseren Zougank zu Literatur, op et sech ëm en digitalen oder analogen Zougank handelt“.

An de Pierre Gramegna: „Ech si mat dëser Entscheedung zefridden, déi den ënnerschiddlechen TVA-Tauxen en Enn bereet. Lëtzebuerg, zesumme mat senge Partner, ass et gelongen sech Gehéier ze verschafen, an deem si de Prinzip vun der technologescher Neutralitéit verdeedegt hunn. Ech freeë mech datt aus fiskaler Siicht ‚e Buch, e Buch ass‘ onofhängeg vu sengem Support“.

mam sip

Related topics Analog, Bicher, Digital, ECOFIN, Guy Arendt, Pierre Gramegna
Next post Previous post