Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Webserie W. – Kann si hir Onschold beweisen?

Si erwächt, huet keng Erënnerung méi a muss hir Onschold

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus
Neiegkeeten Stories

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!

Pünktlech zum Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an esou kuerz

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

„Jo do hunn ech ee Feeler gemaach“, esou de Roberto Traversini dee gäre Buergermeeschter bleiwe wëll

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den Oppositiounsparteien déi lénk, LSAP an DP beschëllegt „ouni Geneemegung“ en Haus dat hie geierft huet renovéiert ze hunn an aus engem „Gaardenhaischen“ e Chalet an enger geschützter Zon gemaach ze hunn. Déi Aarbechte solle vum CIGL-Déifferdeng duerchgefouert hunn, vun deem hien de President ass…

Gëschter huet sech de Roberto Traversini – dee jo als Kandidat fir de Poste vum Logementsminister gehandelt gëtt – no der Gemengerotssëtzung zu de Virwërf geäussert. Hei kann ee festhalen: d‘Haus vun deem rieds ass, gouf mat enger Baugeneemegung 1961 opgeriicht, an 1978 ass eng Garage un d‘Haus ugebaut ginn, och dat mat enger Geneemegung. Et gouf also net „illegal“ gebaut.

An der Gemengerotssëtzung ass da gëschter festgehale ginn, datt den neien Amenagementsplang (PAG) dem Gemengerot nach emol zum Vott virgeluecht soll ginn. Dat scho bei der nächster Sëtzung (9. Oktober) well de Virworf, datt de Buergermeeschter um Vott vum Juni deelgeholl huet, wou et jo awer en Interessekonflikt géif ginn, wat de Reklassement vun dësem Terrain betrëfft.

Hei verweist de Roberto Traversini – ouni Nimm ze nennen – datt ee Gemengeconseiller sech och an engem vergläichbare Konflikt befënnt. Fir elo net musse Juriste mam Fall ze beoptragen a keng Zäit virun de Geriichter ze verléieren, hätt ee sech am Gemengerot op dësen neie Vott gëeenegt. Et wieren och net dem Buergermeeschter säin Haus, mee insgesamt eng fënnef Haiser dovu betraff.

Vum Schapp zum Chalet

Wat d‘Virwërf betreffend d‘Constructioun vun engem Chalet an enger Zon „Natura 2000“ ugeet, esou stellt de Roberto Traversini kloer, datt och dësen existente Bau aus de 70er datéiert, an et zu dëser Zäit nach keng Naturschutzzon do ginn huet. Et wier allerdéngs richteg, datt hien d‘Aarbechte lancéiert hätt ouni ei noutwenneg Autorisatioun gehat ze hunn. Hei hätt keng Intentioun bestanen.

Et heescht weider, datt esou wéi hien de Problem erkannt hat, sinn d‘Aarbechten ugehale ginn an hien huet seng Demande nogereecht (9 Juli), déi den 12. August ugeholl ginn ass. Hei betount den Déifferdenger Buergermeeschter, datt hien zu kengem Ament bei der Ministesch intervenéiert huet fir eng „Extrawurscht“ ze kréien. Dat kann een am Zweiwel esou och am Raum stoe loossen.

Zum Reproche de Roberto Traversini hätt d‘Natur verschandelt, ass elo gewosst, datt hie vum Fieschter eng Geneemegung huet, déi sech op Hecken a Beem bezitt. De Fieschter huet am November d‘lescht Joer festgestallt, datt d‘Beem krank an d‘Hecken agaange sinn, firwat déi hunn dierfen ewechgemaach ginn. Dat verhënnert net datt elo awer nach eng Enquête gemaach gëtt.

Den Ëmweltministère huet eng administrativ Enquête ordonnéiert, déi dem Substitut vum Procureur virgeluecht soll ginn. Uschléissend soll de Parquet unhand den am Dossier enthalenen Elementer préiwen, ob alles no Recht an Uerdnung gelaf ass, oder et berechtegt Grënn vir Poursuitte gëtt.

En Haus… an dat matten an der Strooss

De Virworf, datt de Roberto Traversini och nach eng Strooss bis bei säin Haus verluecht hätt, deen ass net ze halen. Déi Strooss besteet säit et d‘Haus gëtt, mee si war an engem katastrophalen Zoustand an d‘Gemeng huet se nees an een anstännegen Zoustand versat. Dat ass och Glafwierdeg.

De Buergermeeschter huet dann awer och missen drop hiweisen, datt hien eréischt säit 2019 säin Ierwen ugetrueden huet, mee 2018 schonn eng ganz Rëtsch un Aarbechten ugefaangen hunn, respektiv ofgeschloss goufen. Dogéint wier et richteg, datt hien – deen nach keng 60 Joer jonk ass – de CIGL mat klengen Aarbechte beoptraagt hätt, wat hien nodréiglech och als Feeler unerkennt.

Wat den Ëmfang vun den Aarbechte betrëfft, esou géif sech hei ëm 4 Aarbechtsstonnen handelen an ëm d‘Befestegung vum Balconsgelänner an den Ustrach vun dësem handelen. Et wier eng denkbar onglécklech Entscheedung gewiescht an de Verwaltungsrot vum CIGL muss sech beroden. De Beklote wier bereet dës Aarbechten entspriechen de bezuelen, woubäi et hei net ëm de Goss geet.

De Roberto Traversini fillt sech dann awer och eppes vun deem engen oder anere Conseiller aus dem Gemengerot „harceléiert“. D‘Ausso „hei gëtt eng Hexejuegd organiséiert“ ass den Ugrëff deen eng besser Verdeedegung erméigleche soll. Dobäi sinn et net seng politesch Géigner déi „zwee bis dräi Feeler“ begaangen hunn, mee hien. Et kann een säin Onmutt awer zum Deel och verstoen.

Et ass ni ze spéit eppes richteg ze maachen

Wann – an eigentlech sollt een net dorunner zweiwele mussen – hien sech scho selwer zu dëse Feeler bekennt a sech jo och bereet erkläert huet d‘Konsequenzen dovunner ze droen, da sollt een him eng Chance ginn. De Roberto Traversini huet vill „politesch Kapen“ op, an hie sot dann och, datt et un der Zäit ass ze kucken, wéi eng „vertrietbar“ sinn, a wou hie sech muss zréckzéien.

Et ass dann och erfreelech, och wann ee sech en anere Kontext gewënscht hätt, datt et endlech nees e Politiker gëtt, deen agesäit, datt den Dag nëmme 24 Stonnen huet, an all Enthusiasmus wéi och Engagement un déi physesch Grenze stéisst, wat zu Feeler féiert, déi eigentlech ze evitéiere sinn. Woubäi am presente Fall de Schued ugeriicht an dat lescht Wuert nach net geschwat ass.

Bei der Sëtzung vum Gemengerot ass dann och keng Motioun agereecht ginn, déi d‘Demissioun vum Buergermeeschter fuerdert. Et huet allerdéngs zolidd Diskussioune ginn an esou munch Conseilleren hu berechtegt Zweiwel u senger Persoun zum Ausdrock bruecht. Dofir huet de Roberto Traversini awer Versteesdemech, verdeedegt awer zäitgläich säi Mandat géintiwwer de Bierger.

Iwwert d‘Feeler an/oder d‘Verstéiss déi dem Déifferdenger Buergermeeschter zur Laascht geluecht ginn, soll een dann och déi kompetent juristesch Instanze berode loossen. Op der Plaz selwer sinn emol ze vill Emotioune mat am Spill, déi natierlech net zu engem objektiven Uerteel bäidroen.

Bleiwen oder goen?

Datt de Gemengeconseiller vun déi lénk, Gary Diderich, net manner wéi dem Buergermeeschter säi Kapp gefuerdert huet, dierf een allerdéngs och net als „symboleschen Akt“ betruechten. Deem war an ass et eescht domatter. Trotzdeem wëll de Roberto Traversini Buergermeeschter bleiwen an dat nach méiglechst laang. Eng Ausso déi drop hindeit, datt hien sech nach net als Minister gesäit…

Hien huet och sécherlech Recht sech eppes „getouft“ ze fillen an dat hien dann och d‘Press no enger Gemengerotssëtzung op „der Plaz“ zu Vir- an Hannergrënn, iwwert eng u sech privat Ugeleeënheet muss Informéieren, schonn a gewësser Mooss eng éischt Bestrofung. De Roberto Traversini ass jo elo awer keen „neien Acteur“ op der politescher Zeen, a kennt d‘Spillregele vu de Politik.

Et ass an dësem Kontext dann och net ubruecht ze jéimeren a sech als Affer ze presentéieren. Gutt, et mécht kengem Freed wann déi knaschteg Wäsch an der Ëffentlechkeet ausgedroe gëtt, mee datt deem esou ass, kann een dëser „Ëffentlechkeet“ an schonn emol guer net de Medien zum Virworf maachen. Zudeem ass et eng ëffentlech relevant Informatioun, an dat gëtt och esou opgegraff.

Falsch wier et och ze behaapten, et géif ee sech un dësem „Dossier“ verbäissen. An de Roberto Traversini huet et selwer gesot: „vill politesch Kapen“. Als Buergermeeschter an Deputéierte steet een am Rampeliicht an et well ee jo gesinn a gehéiert ginn, fir nees gewielt ze ginn. Wann een dann och nach als méigleche Minister gehandelt gëtt, steigert sech den Interessi un der Persoun weider.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, déi lénk, Déifferdeng, DP, KPL, LSAP, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel