Search

You may also like

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt
Neiegkeeten

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Police kritt keen Taser, mee et bleift een oppen dofir

Bei eisem däitsche Noper lafen aktuell ënnert anerem zu Tréier

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?
Neiegkeeten

Stellt de GDPR d‘Presseaarbecht zu Lëtzebuerg a Fro?

Ab dem 25. Mee trëtt de GDPR (General Data Protection

E chargéierte Regierungsrot

Temporäre Wiessel am Justizministère, Brexit, Bolsonaro an e Lëtzebuerger Kardinol

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider net ze beroden, wann een emol vun der Nominéierung vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zum Kardinol ofgesäit.

Beim Pressebriefing war de Premierminister Xavier Bettel nach emol op de Gesondheetszoustand vum Félix Braz agaangen. Hie wier aus dem Koma eraus an béi geréngem Bewosstsinn. Elo géifen nach weiderféierend Analyse vu de Spezialisten an der Belsch gemaach, mee de Minister wier net méi a Liewensgefor. Säi Mandat gëtt Interimsméisseg vun der Ministesch Sam Tanson iwwerholl.

De Groussherzog Henri huet an dësem Kontext en entspriechend groussherzoglecht Reglement ënnerzeechent an d‘Sam Tanson huet och scho gëschter Mëtteg éischt Gespréicher mat de Leit aus dem Ministère gefouert. Si muss elo déi noutwenneg Zäit fanne fir sech dëser zousätzlecher Tâche mat néidege Seriö unzehuelen. Et hëlleft näischt ze iwwerstierzen, eent nom aneren ass de Motto.

Wichteg dann awer de Constat, datt et sech hei net ëm e sougenannte ministerielle Remaniement handelt. A wéi et de Xavier Bettel richteg a virun allem treffend gesot huet: „De Félix war, ass a bleift e Member vun dëser Regierung“. A mam Sam Tanson, enger gutt ausgebilter Juristin, gëtt dem Félix Braz seng Aarbecht och sécher mat Verstand a Wäitsiicht weidergefouert.

D‘Welt dréint sech weider…

Beim Briefing ass de Premier och nach emol op den Tornado agaangen dee vir vill Leed a Schued zu Péiteng a Käerjeng gesuergt huet. De Xavier Bettel huet dann och däitlech gemaach, datt een nach ëmmer keen ofschléissende Bilan virleeë kann. Duerch d‘Onwieder ware 19 Mënsche blesséiert ginn an géif hinnen den Ëmstänn entspriechend besser goen, wat eng gutt Nouvelle ass.

RegierungsrotVun de Versécherunge gëtt de Schued fir den Ament op ronn 100 Milliounen Euro geschat, mee och dat ass den Ament nëmmen eng éischt Estimatioun. Nieft engem grousse Merci un d‘Asazkräften – CGDIS, Police, Arméi, Stroossebauverwaltung a Gemengenaarbechter – huet de Premierminister nach emol déi ongleeflech Solidaritéit vun der Bevëlkerung ervirgehuewen. Dat mécht een Houfreg.

Houfreg ass de Premierminister och op d‘Nominéierung vum Jean-Claude Hollerich zum Kardinol. Hien hätt dem Poopst Francis an dem nach Äerzbëschof geschriwwen. Dem Poopst fir dësem ee grousse Merci fir dës Ernimmung auszedrécken, an dem Jean-Claude Hollerich, fir dësem zum Amt ze gratuléieren. Et wier eng Unerkennung vum Land an der Aarbecht vu eisem Äerzbëschof.

Internationales war och dran

Am Kontext mat der reeller a leider politesch provozéierter Ëmweltkatastroph am Amazonasgebitt, wou sech ganz besonnesch de Jair Bolsonaro ervirgedoen huet, ass de Premier gefrot ginn, wéi et dann elo mam Fräihandelsofkommes tëscht der EU an der Mercosur-Länner bestallt ass? Hei gouf et eng kloer Äntwert: Wa sech Brasilien net un d‘Paräisser Ofkommes hält ratifizéiert hien deen net.

Hei dierf ee bemierken, datt ofgesi vum politesche Volet, och d‘Aart a Weis vum brasilianesche President sech auszedrécken, beim Premier op wéineg bis guer kee Versteesdemech trëfft an dat ass net eleng der gudder Bezéiung zum franséische President geschëlt. De Jair Bolsonaro ass eendeiteg e Faschist an zudeem och en Diktaturnostalgiker. Logesch datt eise Premier deen net leide kann…

Am Kontext vum Brexit huet de Xavier Bettel sech missen agestoen – och wann hien dat esou ni gesot huet – datt de Boris Johnson en Aarsch mat Oueren ass, deem näischt helleg ass, net emol d‘Wuel vun der eegener Bevëlkerung. Op et zu enger Fristverlängerung komme kann, falls de BoJo sech géint de „Gruef“ entscheet, schéngt zumindest mat eisem Premierminister net ze maachen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Amazonas, Brexit, Justizminister, Regierungsrot, Tornado, Xavier Bettel
Next post Previous post