Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen
Neiegkeeten Sport

Giel Gileten Akt VI: Wéineg Aktivisten trotz ville Versammlungen

E Samschdeg gouf de Akt VI vun der Mobiliséierung vun

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
Neiegkeeten Sport

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten Sport

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften

Handball Dammen: Nationalmannschaft denkbar knapp vun den USA geschloen

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften
© Martine de Lagardère/moien.lu

Team Lëtzebuerg © Martine de Lagardère/moien.lu
E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften
© Martine de Lagardère/moien.lu

Fir de Frëndschaftsmatch tëscht den Nationalmannschafte vu Lëtzebuerg an den USA (Dammen), hat déi Lëtzebuerger Handballfederatioun (FLH) gëschter Owend op Miersch agelueden. En Event deen trotz Ouschterweekend gutt besicht war, an dem Public gouf och eppes gebueden.

Um „Pabeier“ waren d‘Dammen aus den USA eppes favoriséiert, woubäi sech dat bei Betruechtung vun de Positiounen am Ranking relativiséiere léisst. Zudeem sinn eis Dammen och gutt ënnerwee, a fir dës Renconter haten si sech eppes virgeholl. Leider sinn se net direkt an de Match erakomm, an hunn an den éischte Minutten eppes „gelidden“. Dat sollt sech awer rapid änneren…

Frëndschaftsmatch

Team Lëtzebuerg © Martine de Lagardère/moien.lu

Couragéiert an de Bléck no vir geriicht, hunn eis Damme kontinuéierlech hiert Spill verbessert. Si konnte séier opschléissen an hunn et den Amerikanerinnen net einfach gemaach. Eng zolidd Defense, kombinéiert mat clevere Spillzich am Ugrëff, esou mécht een den Ënnerscheed an dat sollt sech ausbezuelen. Iwwerraschend awer verdéngt, ginn eis Damme mat 13:11 an d‘Paus.

Déi zweet Halbzeit huet mat engem „Lëtzebuerger Power-Play“ ugefaangen. D‘Spillzich konnten esou gutt kombinéiert ginn, datt d‘Gäscht zäitweis zimlech Schwieregkeete kruten. No gutt 10 Minutten haten déi Lëtzebuerger Handballspillerinnen hire Virsprong op véier Goaler ausgebaut an et huet tatsächlech laang esou ausgesinn, wéi wa se sech duerchsetze kéinten.

Frëndschaftsmatch

© Martine de Lagardère/moien.lu

Mee d‘Amerikanerinne konnten dergéint halen. En „Time-Out“ huet deen anere gejot, wat eisen Dammen net wierklech entgéint komm ass. Mee och dat gehéiert zur Spillstrategie, an déi vun den USA war allem Uschäin no déi besser. De Virsprong ass geschmolt wéi eng Glace an der Sonn. D‘USA haten nees Iwwerhand, an eis Dammen hunn déi lescht Kräfte mobiliséiert.

Et war awer vergiewens. Net datt si d‘Käpp hänke gelooss hätten, hir Attack huet weiderhi geglänzt mee d‘Gléck war net op hirer Säit. Esou ass an engem Spillzuch de Ball direkt dräimol géint d‘Lat gaangen, mee dat esou denkbar knapp, dat engem dem Otem stoe bliwwen ass. Zum Schluss, d‘Spillzäit war eriwwer, nach e Strofworf fir Lëtzebuerg. Deen hätt kënnen zum Remis féieren…

Frëndschaftsmatch

Team Lëtzebuerg © Martine de Lagardère/moien.lu

Den Drock deen do entsteet, och am Kontext vun engem Frëndschaftsmatch, ass enorm. An den Tribüne kee Bléck deen net op d‘Werferin geriicht gewiescht wier. D‘Mauer vun den Dammen aus den USA war konsequent opgestallt, d‘Victoire wollten si net méi hierginn. Sekonne ginn zu Minutten, an dann de „Worf“, liicht ugedeit… vläicht eppes iwwermotivéiert… derlaanscht…

Domatter stoung et 29:30 an d‘USA konnten sech iwwert eng duerchaus verdéngte Victoire freeën. Eis Dammen hunn awer eng gutt Leeschtung gewisen, musse sécherlech nach un där enger an anerer Schrauf dréinen an insgesamt méi Kontinuitéit an de Spillfloss bréngen. Mee gutt, datt ass dem Trainer seng Aufgab et ëmzesetzen. Eis Damme sinn awer um gudde Wee…

Foto & Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FLH, Frëndschaftsmatch, Handball, Lëtzebuerg, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel