Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher
Neiegkeeten

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft
Neiegkeeten

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft

Tëscht Ankara a Bréissel herrscht grousst Mësstrauen. De Protokoll vun

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech ënnert anerem och duerch hir Sprooch, oder wéi am Fall vu Lëtzebuerg, senger Méisproochegkeet. Mee do gouf rezent e Referendum an uschléissend eng Petitioun, wat d‘Regierung genéidegt huet ze reagéieren. Dat huet mat sech bruecht, datt elo eng Gesetzpropositioun um Dësch läit, déi drun erënnere soll wéi wichteg eis Sprooch fir d‘Land ass.

An et ass da schonn um Mëttwoch, wou se sech um Krautmaart, bei enger ëffentlecher Sëtzung zum Gesetzprojet fir d‘Promotioun vun der lëtzebuergescher Sprooch, dierfen äusseren. Dat ass séier gaangen, wann ee bedenkt, datt den Erzéiungsminister Claude Meisch (DP), de Gesetzprojet grad emol viru 6 Méint deposéiert huet. Et ass dann och d‘demokratesch Partei, déi an d‘Chamberwahle geet mam Slogan „Zukunft op lëtzebuergesch“.

Elo dierf ee gespaant sinn, wéi sech de Claude Meisch wäert uleeë fir den Deputéierten, besonnesch deene vun der Oppositioun, säi Gesetzprojet ze verkafen. Et ass e Gesetz mat deem d‘Strategie fir d‘Promotioun vun der lëtzebuergescher Sprooch soll juristesch encadréiert ginn.

Et ass zudeem och d‘Äntwert op 2 Petitiounen, vun där déi éischt gefuerdert hat d‘Landessprooch als „éischt“ Sproch ze bestëmmen, woubäi déi aner déi 3 Sprooche wollt berécksiichtegen, awer dem franséischen e besonnesche Stellewäert zougestanen huet. Mee d‘Petitiounen hunn och gewise wéi e Konfliktpotential sech hannert der „Sprooch“ verstoppe kann. D‘Handwierkerkummer hat dat direkt erkannt, an a sengem Avis en Konsens gefuerdert.

Fir unzefänken: de politesche Konsens

Well et e och Sujet ass, dee gäre vu Populisten opgegraff gëtt, well hei einfach Äntwerten op komplex Froe stoussen, war et den Auteure vum Gesetzprojet wichteg an hirer Motivatioun drun ze erënneren, datt een no den Debatten zu den zwou Petitioune festgestallt huet, datt eng Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch erwënscht ass, woubäi d‘Méisproochegkeet als wichteg betruecht gëtt. Dofir ass de politesche Konsens, am Bezuch op d‘Mesuren, eng Noutwennegkeet.

An d‘Auteure vum Gesetzprojet ginn nach e Schratt méi wäit. Si stelle fest, datt sech Lëtzebuerg an der Regioun, wéi och an Europa, duerch seng Méisproochegkeet ervirdeet. Am Alldag liewen déi franséisch, däitsch a lëtzebuergesch Sprooch nieftenaner, an sinn esou allen dräi e Bestanddeel vun eiser Identitéit. Si droen och zur sozialer Kohäsioun bäi.

Fir D‘Handwierkerkummer, déi all Initiativ begréisst déi d‘Promotioun vun der lëtzebuergescher Sprooch an der Méisproochegkeet begréisst, ass d‘Gesetz also e Schratt an déi richteg Richtung. Dat gesäit d‘Kummer vun de Beamten a Salariéeën aus dem ëffentlechen Déngscht dann awer eppes anescht. Si bemängelen, datt laut dem Artikel 2 vum Sproochegesetz (24. Februar 1984) eenzeg de franséischen Text gëllt, d‘Gesetz awer op lëtzebuergesch verfaasst ass.

Déi Kummer huet hiren Avis dann och op franséisch formuléiert, woumatter d‘Komplexitéit vum Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg ënnerstrach gëtt. Et dierften dann och d‘Beamte sinn, déi eng grouss Laascht vum Gesetz ze droe kréien.

Ëmgesat gi muss d‘Gesetz vun de Beamten

Fir d‘Beamte resuméiert sech de Gesetzprojet an der Schafung vun engem Posten als Kommissär fir d‘Lëtzebuerger Sprooch – deen en Aktiounsplang ausschaffe muss, mat deem déi grouss politesch Linne vun der Promotioun fir d‘Sprooch definéiert ginn – an engem Zenter fir déi Lëtzebuerger Sprooch – deem seng éischt Missioun et ass, op Ufro vu Ministeren, déi offiziell Dokumenter a Kommunikatiounen ze iwwersetzen, déi zur Verëffentlechung virgesi sinn.

An dat fannen d‘Beamte séier wéineg, am Kontext wou eng Regierung wëll ënnersträichen, wéi wichteg déi Lëtzebuerger Sprooch fir d‘Kommunikatioun, d‘Integratioun an d‘Literatur ass. Déi Deputéiert hunn d‘Lëtzebuerger Sprooch als Nationalsprooch an d‘Verfassung ageschriwwen. Dat ass net näischt. Zudeem huet sech d‘Regierung virgeholl mat den europäeschen Institutiounen ze verhandelen, fir zu engem administrativen Arrangement ze fannen.

Heibäi geet et ëm de Prinzip, datt all Lëtzebuerger Bierger soll d‘Recht hunn, sech un déi europäesch Institutiounen a Lëtzebuerger Sprooch ze wennen. An esou dann och logescherweis eng Äntwert op lëtzebuergesch erhale missten. Eng Fuerderung déi zu Bréissel fir Kappzerbrieches dierft suergen, an och uerdentlech Käschte wäert verursaachen.

Bedauert gëtt dann och nach vun de Beamten, datt déi wichtegst Mesuren, déi am Strategiepabeier vum Mäerz 2017 enthale waren, net am Gesetzprojet konkretiséiert ginn. Woubäi awer muss festgehale ginn, dann och an de sougenannten internationale Schoulen, déi Lëtzebuerger Sprooch als Unterrechtsfach verflichtend ass. Wat d‘Fortbildung vun den Erwuessene betrëfft, esou soll hei d‘Offer entwéckelt an ausgebaut ginn, dat an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Gesetzprojet, Handwierkerkummer, Krautmaart, Lëtzebuerger Sprooch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel