Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
International how to overcome dating a sociopath

are tea and tim dating

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

good headline dating profile
scorpio woman dating tips
International how to overcome dating a sociopath

TDF: Éischt Victoire fir Démare, läscht Etapp fir Sagan

Keen Tour de France ouni Skandal. Dem Fransous Arnaud Démare

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren
International how to overcome dating a sociopath

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen

Belsche Minister bréngt e Gesetzprojet an, mat deem d‘Knaschtereie vun der Regierung net méi dierften denoncéiert ginn

E Gesetz fir Whistleblower a Journalisten ze bestrofen

Pressefräiheet, Meenungsfräiheet an d‘Recht op Ongerechtegkeeten hinzeweisen, jo esouguer ganz däitlech ze denoncéieren, dat ass – esou zumindest déi gängeg Meenung – gutt, wichteg a richteg. An der Belsch awer soll dat elo net méi esou ouni weideres méiglech sinn.

Whistleblower a Journalisten ze bestrofen, déi „geheim“ Regierungsinformatioune verbreede sollen dausenden Euro Strof bezuelen an/oder e puer Méint an de Bing. Esou zumindest en Artikel aus dem vum belsche Verdeedegung- an Ausseminister Didier Reynders virgeluechte Gesetzprojet vum leschte Mee. Eng Gesetzpropositioun déi ënnert dem Radar bliwwen ass, an elo fir Onmutt suergt.

Dëst Gesetz war dann och Ufank Mee vum Ministerrot an der éischter Liesung ugeholl, ass awer nach net vum Parlament „gepréift“ ginn. De Staatsrot huet d‘Gesetz allerdéngs scho verëffentlecht, nodeems en säin Avis am Juni ofginn hat. D‘Zil vun dësem Gesetz ass et de „lanceurs d‘alerte“ an de Journaliste gläichermoossen e Maulkuerf ze verpassen, an esou d‘Regierung besser ze schützen.

De facto sollen déi „klasséiert Informatiounen“ den internationale Verflichtungen, déi d‘Belsch jo anhale muss, ugepasst ginn. Dofir gëtt déi sougenannte „Vertraulechkeet“ nei klassifizéiert: Zu de „Ganz Geheim“, „Geheim“ a „Vertraulech“ soll nach d‘Versioun „Beschränkt“ derbäi kommen.

Knackpunkt: Artikel 22

An dësem Gesetzprojet zur „Klassifikatioun“, mee prezis den Artikel 22, gëtt festgehalen: „am Fall wou Persounen déi keng Sécherheetshabilitatioun hunn a klasséiert Informatioune benotze kann eng Prisongsstrof vun engem Mount bis dräi Joer an eng Geldstrof vun 100 bis 5.000 Euro verhaange ginn“. Domatter kann déi belsch Regierung faktesch alles ënner Verschloss setze wat derangéiert…

Dat hunn och de Staatsrot an de Comité „R“ esou erkannt, an déi sinn der Usiicht, datt de Wuertlaut eppes „wäit gestreet“ ass an d‘Gesetz net mat der Meenungsfräiheet an dem Recht op Informatioun an Aklang ze bréngen ass. De Staatsrot huet dem Didier Reynders den Text also eppes ëm d‘Ouere geschloen a leet dësem no, Ausname fir d‘Journalisten an d‘Whistleblower anzefügen. Nee? Dach!

GesetzAn dem Staatsrot seng Bedenke ginn esou och vun der Beruffsvereenegung vun de Journalisten (AJP) gedeelt. D‘Generalsekretärin vun AJP, Sophie Lejoly, erkläert: „Dëst Gesetz ass schonn eleng dowéinst komplizéiert, well beispillsweis e Journalist, dee gréisser Problemer bannent der Arméi an d‘Ëffentlechkeet bréngt, juristesch belaangt ka ginn, grad ewéi seng Quell. Et gëtt awer eng kloer europäesch Legislatioun an d‘EU-Mënscherechtskonventioun, déi dat eigentlech net zouloossen“.

Net den éischte Versuch d‘Press ze zëssen

Bei aller Opreegung déi dëse Gesetzprojet elo bei de Journalisten ausléisst, et ass net den éischte Versuch vun der belscher Regierung den „Informatiounsfloss reguléieren ze wëllen“. Schon dat lescht Joer huet déi vun de Journalisten – op se Belsch sinn oder nëmmen am Land wunnen – déi iwwert EU-Sommete wëlle beriichten, 50 Euro fir de Sécherheetscheck wëllen ofverlaangen.

Deem hat dann d‘EU-Kommissioun de Reedel virgeluecht, an déi droleg Geselle gehéierlech op d‘Plaz gesat. Si huet gemaach wat si ëmmer ënnert dësen Ëmstänn mécht: si ass zréckgeruddert. Stellt awer esou lues d‘Fro op eis belsch Noperen elo méi restriktiv mat der Pressefräiheet ëmginn.

Och dorop huet d‘Sophie Lejoly eng Äntwert: „Mir stelle fest, datt et eng Rei Beräicher an/oder Dossiere gëtt, an deenen et richteg schwiereg ass ze schaffen. D‘Kommunikatioun gëtt ëmmer méi verschlësselt, de Sécherheetskontext gëtt ëmmer méi oft a konsequent sollicitéiert fir Informatioun ze verhënneren“. D‘AJP huet dann och en entspriechende Bréif un den Didier Reynders adresséiert.

mat indymedia/bru

Ähnlech Sujeten AJP, Belsch, Didier Reynders, Gesetzprojet, Pressefräiheet, Whistleblower
Nächsten Artikel Virrechten Artikel