Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!
Neiegkeeten

Grenzkontrollen zu Däitschland lafen um 15. Mee aus!

Bei der Pressekonferenz vun haut huet den däitsche Bundesminister Horst

surprise
Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Un der Spëtzt steet de Group Post Luxembourg mat ronn

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen
Neiegkeeten

De Grënner vu Facebook soll och zu Bréissel eng Ausso maachen

Am Dateskandal ronderëm Facebook, deen duerch Cambridge Analytica ausgeléist ginn

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?

E gréngen Ostdeputéierte fir de Logement?

Bestätegt ass et wuel nach net, mee den neie Vizepremier François Bausch hat e Samschdeg op der Antenn vu Bertelsmann verroden, datt den Henri Kox, gréngen Deputéierten aus dem Osten, an d‘Regierung noréckelt a Minister fir de Logement gëtt.

Eng Decisioun ei sech imposéiert huet, nodeems de Justizminister aus gesondheetleche Grënn fir e längeren Zäitraum ausfält an d‘Sam Tanson keng dräi Ministère geréiere kann. Si huet jo elo de Justizministère iwwerholl a behält och de Kulturministère. Déi lescht Woch huet de François Bausch dann och dat zweet Mandat vum Vizepremier zougestane kritt.

Et muss ee sech elo allerdéngs nach bis en Dënschdeg gedëllegen, bis den Exekutivcomité den Henri Kox als Logementsminister offizialiséiert. En Donneschdeg – dat dierft dann éischter der Form halber gemaach ginn – muss dann en aussergewéinleche Kongress, den Ostdeputéierte bestätegen. Datt de Henri Kox hei sollt kontestéiert gi gëllt als ausgeschloss.

Stellt sech d‘Fro: Ass de fréiere Buergermeeschter vu Réimech de richtege Mann fir dëst Mandat? Géintiwwer villen anere méigleche Kandidaten – ëmmerhi war och d‘Fraktiounscheffin Josée Lorsché am Gespréich – presentéiert den Henri Kox déi beschte Viraussetzungen. Hien ass zanter 2013 de President vun der Logementskommissioun.

Hie kennt d‘Dossieren, weess vun den Urgencen déi d‘Land quälen a gëllt net als den Handlaanger vun de Bauspekulanten. Ob een him zoutraut der bestoender Kris eppes entgéintzesetzen? Dat ass nees ofhängeg vum politesche Lager an dem Vertrauen dat een dem Deputéierten entgéintbréngt. Eleng awer wäert och hie d‘Logementskris net bewältegt kréien.

Ähnlech Sujeten déi gréng, Henri Kox, Logement, Minister fir de Logement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel