Search

You may also like

Food For Your Senses: Den éischten Dag!
International Neiegkeeten

Food For Your Senses: Den éischten Dag!

Ee musikaleschen an artisteschen Ofschid vun enger ganzer Festival-Ära steet

money
Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne
International Neiegkeeten

Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne

Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen
International Neiegkeeten

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen

Den 8. Februar hat am Kino „Prabbeli“ zu Woltz den

E Komplott géint de 45. US-President?

De plëtzlech opdauchenden 2. Whistleblower kéint dem Milliardär nach eppes méi wéi doen

E Komplott géint de 45. US-President?

Wéi et sech zanter dem Freideg ofzeechent, war de Whistleblower, deen dat mysteriéist Telefonat tëscht dem Donald Trump an dem ukrainesche President Wolodymyr Selenski zur Sprooch bruecht huet, net eleng. Laut dësem sengem Affekot, soll sech elo en zweeten „Informant“ gemellt hunn.

Fir den Donald Trump, deen sech an dëser Saach zimlech vehement via Twitter zu Wuert mellt, gëtt et spannend. Sollt et sech bestätegen, datt sech tatsächlech nach en zweete Whistleblower un d‘Autoritéite gewannt huet, a wier dësem seng „Reklamatioun“ berechtegt, da wier dat ee Kaddo fir d‘Demokraten am Kongress, déi näischt onversicht loosse fir den US-President ofzesetzen.

US-PresidentLaut dem Affekot Mark Zaid, deen déi zwee Mataarbechter vum Geheimdéngscht vertrëtt, wier elo och den zweeten Informant vum Generalinspekter vun den US-Geheimdéngschter, Michael Atkinson zur Saach befrot ginn. Et heescht de Mann hätt „Informatiounen aus éischter Hand“ wat d‘Ofsprooche mat der Ukrain betrëfft. Et geet ëm „Militärhëllef“ géint „Informatiounen“

US-PresidentIwwert Inhalt an Ëmfang vun dësen „Informatiounen“ ass zur Stonn nach näischt gewosst. Mee um Freideg hat schon d‘New York Times erwähnt, datt et eng zweet Persoun beim Geheimdéngscht gëtt déi eng formell Reklamatioun beim Generalinspekter agereecht hätt. Den Donald Trump huet dës kéier (e Samschdegowend) eppes flappseg op d‘Feindséilegkeet reagéiert. Wat ass da nëmme lass?

Matten dra statt just derbäi

Wat déi vum Mark Zaid gemaachten Ausso elo esou brisant mécht, ass de Fait, datt den éischten Informant, dee sech bei senger Hierarchie beschwéiert hat, nëmmen Informatiounen aus zweeter Hand virleeë konnt, well hie selwer net während dem Telefonat uwiesend war. Laut dësem awer, soll den US-President déi ukrainesch Regierung ermontert hunn géint de Joe Biden ze ermëttelen.

US-PresidentDat hunn d‘Demokraten opgegraff a bezichtegen den Donald Trump, déi fir 2020 ustoend Walen zur US-Presidentschaft mat Hëllef vun enger auslännescher Regierung ze gewannen. De Milliardär streit alles of a behaapt sech op ee „perfekt Gespréich“ an huet de Whistleblower als „Spioun“ bezeechent an drop higewisen, datt ee „fréier“ mam verrot „eppes anescht ëmzegoe wousst“.

US-PresidentOb hie sech dann elo wéinst deem vun den Demokraten ugestrieften Amtsenthiewungsverfare sollt Gedanke maachen? Dat hänkt eigentlech just vum Réckhalt an der republikanescher Partei of, an do schéngt et tatsächlech „Kritiker“ ze ginn. Dat huet awer och domatter ze dinn, datt den Donald Trump och China soll opgefuerdert hunn, géint de Joe Biden Ermëttlungen an d‘Wee ze leeden.

Eng gelleg Geleeënheet

An de US-President huet genuch Leit – och an den eegene Reien – widder de Kapp geschloen, wat him elo kéint eng Retourkutsch abréngen. Esou hat säin „Frënd“, de Senateur Mitt Romney, dem Donald Trump säi Beholl als „Falsch an Erschreckend“ bezeechent. Deen huet dann och net laang op dem Milliardär seng Äntwert (via Twitter) misse waarden. Den Toun war onmëssverständlech.

US-PresidentMee den Donald Trump iwwert de Wee vun engem Amtsenthiewungsverfare lass ze ginn, ass dat onwahrscheinlechst vun deem een ausgoe sollt. De Leader vun de Republikaner am Senat, Mitch McConnell huet längst kloer gemaach, datt et mat him am Senat net zum Impeachment komme wäert. Dat Stëmmt, et missten 20 republikanesch Senateuren „ëmfalen“ fir dat ze erméiglechen.

US-PresidentAn och den US-Ausseminister Mike Pompeo huet sech nach emol virun de Chef gestallt. Seng Aart a Weis virzegoe wier absolut korrekt gewiescht, heescht et do. Der Fuerderung vun den Demokraten all d‘Dokumenter zur Ukrain-Politik vum US-President musse virzeleeën, géif hien, entspriechend de gesetzleche Virgaben, natierlech nokommen. Woubäi, ganz fräiwëlleg mécht hien dat elo net.

mat indymedia/nyc

Foto: © Paul Stewart

Related topics Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Telefonsgespréich, US-Wahlkampf, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post