Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris
International Neiegkeeten

Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris

Am däischteren a stëllen Hangar vun engem klengen hollännesche Bauerenhaff:

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
International Neiegkeeten

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht

LINC Coworking – ee villfältegt Ekosystem fir Start-Ups a Spezialisten
International Neiegkeeten

LINC Coworking – ee villfältegt Ekosystem fir Start-Ups a Spezialisten

Virun 10 Joer ass LINC SA gegrënnt ginn. Och no

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

Britesch Euroskeptiker wëllen e Konzessiounsfräie Brexit

D‘Plattform „Leave means Leave“, déi engem konzessiounsfräie Brexit favorabel ass, huet e Samschdeg zu Bolton (am Nordoste vun England) en éischt gréissert Evenement ofgehalen, wou sech verschidde Parteien un der neier Campagne „Rett de Brexit“ bedeelegt hunn.

Op der Tribün, ass de fréiere Brexitminister a konservativen Deputéierten, David Davis, un der Säit vun der sozialistescher (Labour) Deputéiert, Kate Hoey, an dem Europadeputéierten Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober Ukip.

„Den haidegen Dag markéiert d‘Erneierung vun der Volleksarméi déi de Brexit erhalen huet“, seet enthusiastesch de Nigel Farage, deen sech als Vizepresident vun der Beweegung „Leave means Leave“ virun e puer honnert Leit, déi an engem Sall vum Stadion zu Bolton zesummekomm waren.

Et war déi éischt grouss Manifestatioun, déi am Kader vum „Save Brexit Tour“ organiséiert ginn ass. „Mir hunn eis Meenung net geännert, mir wëllen de Brexit“, betount de Nigel Farage, iert hien sech un den europäesche Staatscheffe vergräift, an se mat „enger Band vu Gangster“ vergläicht.

Dommt Geschwätz?

Zwee Deeg nom informelle Sommet vu Salzburg, wou déi 27 d‘Propose vun der britescher Regierung, fir eng enk Handelsbezéiung nom Brexit tëscht der EU a Groussbritannien anzegoen, huet den David Davis, senger Mëssuechtung vun den EU-Staatscheffe fräie Laf gelooss.

Brexit

E pro-Brexit Supporter hält virun der Bühn säi Plakat an d‘Luucht, mat deem hie vun de Verléierer vum Referendum verlaangt datt se sollen ophale mat Jéimeren. © Oli Scarff/AFP

Den David Davis: „Behuelt dir iech respektlos géintiwwer eiser Premierministesch, dann hutt dir och kee Respekt virun eisem Land“. Hien ass allerdéngs och der Usiicht, datt de „Plang vu Chequers“, dee vum Theresa May verdeedegt gëtt, e schwaache Kompromëss ass.

Richteg ass dann awer och, datt den David Davis mat senger fréierer Cheffin am Clinch läit. Hien hat am Juli d‘Handduch, zwee Deeg nodeems de Plang vu Chequers virgestallt gi war, geworf. De pro-Brexit Politiker ass der Meenung, datt e Fräihandelsofkommes, déi besser Léisung ass.

Hie prekoniséiert e Fräihandelsofkommes, op der Basis vun den Accorden déi d‘EU mat Kanada a Südkorea, ofgeschloss huet. Wat hien de „Supporter“ vum Brexit virenthält, ass d‘Tatsaach, datt och wann déi Léisung méiglech ass, déi Verhandlungen eréischt nom Austrëtt kënnen opgeholl ginn.

mat AFP

Foto: Den Nigel Farage an Toppform. Hien huet zu Bolton op gewinnten Aart a Weis déi vermeintlech Virdeeler vun engem haarde Brexit ervirgestrach. © Oli Scarff/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, David Davis, Kate Hoey, Leave Means Leave, Nigel Farage, UKIP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel