Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC
Neiegkeeten Stories

Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC

Laut eiser STATEC, kascht e Patron eng Aarbechtsstonn vu sengem

De Weltflüchtlingsdag, erkläert
Neiegkeeten Stories

De Weltflüchtlingsdag, erkläert

Flüchtlingswell ass haut manner an der Press wéi virdrun. Mee

moneysurprise
Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg: Konjunktur weiderhi stabil

De Konjunkturcomité, ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit an

E laangen a ustrengende Weekend och fir d‘Police

E laangen a ustrengende Weekend och fir d‘Police

De Päischtweekend war där laanger een, an op eise Stroossen war nawell zimlech eng lass. Leider näischt Erfreeleches firwat nee vun Doudegen a Verletze muss beriicht ginn. Et hunn sech e puer „Nuetseile“ d‘Käpp ageschloen an et waren och nees Brigangen op der Strumm. Hei dann emol dat wichtegst:

D‘Geforen am Verkéier…

Schonn e Freideg koum et an der Stad, op der Kräizung Randlenger-Strooss a Wëtzkëllche-Strooss zum Accident tëscht engem Auto an engem Vëlo. De „Knuppert“ war zolidd, den Cyclist ass iwwert d‘Hauf geflunn, woubäi hien sech esou schwéier blesséiert huet, datt den Noutdokter entscheet huet de Verletze mam Helikopter an d‘Spidol ze evakuéieren. Liewensgefor huet net bestanen.

Um Samschdeg war et e Motocyclist, dee géint 11.30 Auer tëscht Deewelt an dem Antoniushaff (N18) an en Accident verwéckelt gouf. Eng Automobilistin, déi hannert dem Motard aus Richtung Klierf koum, ass beim ofbéie vun der N18 a Richtung Stackem (CR373) op d‘Motorrad opgefuer. Deen ass duerch de Schock esou onglécklech gefall, datt hie sech schwéier Blessuren zougezunn huet. Och fir hien ass de Rettungshelikopter an den Asaz komm. D‘Automobilistin, déi sech beim Zesummestouss och, awer nëmme liicht, verletzt hat, gouf ma der Ambulanz an d‘Klinik gefouert.

Um Sonndegmuere géint 8 Auer hat en Automobilist zu Beyeren an der Hiel-Strooss d‘Kontroll iwwert säi Vehikel verluer. An der liichter Lénkskéier gouf et op emol ganz enk an d‘Gefier huet Bekanntschaft mat der Fassade vun engem Haus gemaach. Béid Männer am Auto si mam Schreck dovunner komm, net awer laanscht eng Diskussioun mat der Police. Déi huet beim Chauffer eppes vill Alkohol festgestallt an huet missen e Protokoll erstellen.

An der Märeler Strooss zu Zéisseng war um Sonndegnomëtteg en Automobilist an enger Lénkskéier an d‘Schleidere komm, ass den Hiwwel ofgaangen an koum an der klenger Baach zum stoen. Gléck am Ongléck, d‘Blessure sinn nëmme liichter Natur. Virsiichtshallwer gouf de Mann zur Kontroll an d‘Spidol gefouert.

…an hiert déidlecht Enn

Datt een net drénken a fuere soll, misst eigentlech dat natierlechst op der Welt sinn, an awer léisst et verschiddentlech de Charakter net zou. Um Sonndeg kuerz viru Mëtternuecht dann op e neits den traurege Bilan: 1 Doudegen.

Um 23.25 Auer gouf der Police en Accident tëscht Kietscht a Gréiwels gemellt. Hei war e Gefier mat der rietser Säit géint e Bam gestouss. Wéi d‘Rettungsdéngschter op de Plaz agetraff sinn, konnten si nach just den Dout vun enger Persoun feststellen.

Weekend

Accident tëscht Kietscht a Gréiwels, een Doudegen © Groussherzoglech Police

Et huet sech heibäi ëm de Bäifuerer gehandelt a well vum Chauffer wäit a breet näischt ze gesi war, gouf befiercht, dëse kéint sech am ugrenzende Bësch verlaf hunn. Fir sécherzestellen datt dësem näischt weider geschitt ass, ass d‘Hondsstaffel vum CGDIS ugefuerdert ginn.

Géint 2 Auer dunn ass de Mann opfonnt ginn a vun enger Policepatrull op d‘Kommissariat begleet ginn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall a de Parquet zu Dikrech informéiert ginn. De Procureur huet net gezéckt an de Mann verhafte gelooss. Hie hat schonn um Méindeg Rendez-vous mam Untersuchungsriichter.

Op der Plaz waren 2 Ambulanzen, de CIS vu Rammerech a Gréiwels, de SAMU-Nord, d‘Police an net ze vergiessen d‘Hondsstaffel. De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der „Judicaire“ ass mat der Enquête vum Accident beoptraagt ginn.

An nach ee vun deenen déi d‘Welt net brauch

Et där Leit, déi gi mam Predikat „Idiot“ éischter frëndlech ëmschriwwen an eigentlech kéint ee ganz gutt op esou Geselle verzichten. An esou en trauregt Beispill ass eise Polizisten um Sonndeg dann am Kontext vun enger Vitessekontroll op der A7, héicht Bartreng, um 16:25 begéint.

Do hunn d‘Beamten emol net schlecht gestaunt, wéi där zolidd presséierter een mat iwwer 170Km/H duerch den Tunnel „Grouft“ a Richtung Lëtzebuerg-Zentrum geflunn ass. Dat do Polizisten „Zeeche“ gemaach hunn an et eng Kontroll gouf, dovunner huet de Pilot vum BMW M2 sech absolut net beandrocke gelooss…

Et kënnt wéi et an esou Fäll komme muss, d‘Police muss d‘Verfolgung ophuelen. Dat do Bloliicht a a Siren agesat ginn ass selbstverständlech. Huet dat Kallef hannert dem Steier awer och net weider beandrockt. Fir de lästegen Zankerte lass ze ginn, huet de flüchtege Chauffer all Register gezunn an entspriechend Risiken a kaf geholl.

Mat Vollgas ass dësen dann op d‘A1 opgefuer, wou et da Richtung Irgäertchen (Rondpoint Robert Schaffner) gaangen ass. Virum Tunnel Cents koum et dunn tëscht der Police an engem weideren, onbedeelegte Gefier zum Accident. Béid Gefierer si Schrott, awer et ass (Gottseidank) kengem eppes geschitt.

Den Dabo war domatter seng nei Frënn emol fir unzefänke lass an dierft sech sengem Intelligenzquotient no gefreet hunn. D‘Police hirersäits hat d‘Nummer an eng exzellent Beschreiwung vum Geschoss op véier Rieder, firwat den Zeienopruff seng Friichte gedroen huet. Den hoffentlech zukünftege Foussgänger brauch jiddefalls elo en Affekot…

Rapp a Klapp zu Déifferdeng a Réimech

Um Freidegowend géint 21 Auer krut d‘Police ugeruff, well en „Duerchgeknallten“ am Beräich vun der Maartplaz géintiwwer enger Persoun handgräiflech wier. Eng Patrull déi lassgeschéckt gouf, konnt déi beschriwwe Persoun dann och op der Plaz untreffen, an déi war „zimlech opbruecht“.

D‘Polizisten déi Verletzungen un den Hänn vum Mann festgestallt hunn, wollten dësen zu rieds stellen. Dat war elo net am Sënn vun dësem Individuum, deen offensichtlech net méi ganz niichter war, an d‘Beamten „zum Danz“ opgefuerdert huet. Déi wollten dësem wibbelege Client eng Paus um Kommissariat gënnen an hunn him aus Sécherheetsgrënn d‘Handschellen ugedoen.

Onzefridde mam Service, huet de Vollert dunn emol da ganze Public beleidegt a mat senge Féiss de Policeauto traktéiert. Endlech um Büro huet en Dokter festgestallt, datt de Kandidat an der Zell dierf iwwernuechten. Elo gëtt de Virfall nach emol opgerullt an méiglecherweis kritt et eng Suite.

Um Samschdegmueren no 3 Auer war et dunn zu Réimech an der Bréck-Strooss, wou et zum Clash koum, wéi e „Passant“ laanscht e Bistro getrëppelt ass, sech aus onbekannter Ursaach e Stull op der Terrass gegraff huet fir dëse géint d‘Fassad ze geheien. Leit déi nach uwiesend waren, wollte wësse wat de Quatsch soll. Méi huet dann och net gebraucht, de Knäppche war gedréckt…

De Mann, deen dunn op dräi Persounen ageschloen huet, gëtt vun der Police gesicht. Zu der Beschreiwung: Männlech Persoun vun donkeler Hautfaarf, ongeféier 1,75 Meter grouss, schmuel Statur. Hien hat kuerz raséiert Hoer an eng Narb um rietse Bak. Hien huet franséisch geschwat, war mat enger däischtere Box an engem schwaarz-wäiss-rout gesträiften T-Shirt gekleet, an hat gëllen Ouerréng un. Wien zu dëser Persoun Informatiounen huet, soll sech w.e.g. mat der Police vu Réimech a Verbindung setzen.

Gewaltbereet Brigangen, Déifstall a Vandalismus

An der Nuecht vun ee Freideg op e Samschdeg koum an Al Esch an der Boltgen-Strooss géint Mëtternuecht zu engem bedenkleche Virfall. Hei goufen dräi Männer vun enger Grupp (den Ermëttlungen no solle mindestens 10 Männer mat donkeler Hautfaarf am Alter tëscht 18 an 22 Joer) Persounen ugegraff.

Bei der Ausenanersetzung konnten d‘Agresseuren den iPhone an eng Baseballkap vun engem Affer un sech huelen. De Versuch sech de Portmonnie vun den Affer ze gräife war net vum Erfolleg gekréint an zu gudder Lescht hunn sech d‘Brigangen einfach duerch d‘Bascht gemaach. Deenen dräi Männer ass e Passage an d‘Spidol net erspuert bliwwen.

Zu Hesper ass an der Nuecht op e Samschdeg Motorrad vun der Mark Kawasaki, Typ: Z50, Faarf: Orange, Nummereschëld: 25420, aus enger ofgespaarter Garage geklaut ginn. Wien hei eppes Opfälleges sollt bemierkt, oder d‘Maschinn erbléckt huet, ass gebiede sech mat der Police a Verbindung ze setzen.

E Sonndeg um 1.30 Auer huet e Panzvollist op sech opmierksam gemaach, wéi hien an der Groussgaass zu Dikrech d‘Fënster vun engem Geschäft futti gemaach huet. Passante konnten de Mann trotz massiver Géigewier bis zum antreffe vun der Police festhalen. Déi hunn den duuschterege Gesell an den Arrest gesat. Nodeems de Mann nees Här iwwert seng siwe Sënner war ass dann och Protokoll erstallt ginn.

Rebellioun zu Esch…

An der Nuecht op e Sonndeg (0.40 Auer) huet eng Patrull vun der Police um Gaalgebierg dräi Persoune kontrolléiert déi fatzeg een iwwert den Duuscht gedronk haten. Bei zwou vun hinne war den Zoustand deraart virgeschratt, datt si eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn, a mat op de Büro missten, wou si de Recht vun der Nuecht an der Ausniichterungszell verbrénge sollten.

Bis dohinner eigentlech e „banale“ Virfall. An dat hätt dësen och kënne bleiwen, wann et um Kommissariat net zum Eclat komm wier. Hei huet ee vun de Männer, knapps him d‘Braceleten ausgedoe gi waren, d‘Beherrschung verluer, sech zur Wier gesat an ass net nëmmen handgräiflech ginn. Hien huet e Beamten duerch d‘Händchen an d‘Hand gebass, eng Beamtin mat Féiss getrëppelt an zu gudder Lescht nach e weidere Polizist mat der Fauscht an d‘Gesiicht geschloen.

Et huet en Ament gedauert, bis d‘Beamten de Klatzkapp nees am Grëff haten an dësen an der Zell ënnerbrénge konnten. Gescheit war dem Mann seng Aktioun net. Elo huet hien eng Klo op der Panz a bei Rebellioun mat Gewaltuwennung kann d‘Gespréich mam Riichter e schlecht Enn huelen.

…Widderstand géint Staatsgewalt zu Kielen

An der Mëttegstonn um Päischtméindeg ass et zu Kielen zum Familljesträit komm, dee vun der Noperschaft bemierkt ginn ass. Déi erbäigeruff Beamten hunn op der Plaz festgestallt, datt et sech ëm en Dissens tëscht Mamm a Bouf gehandelt huet. A Während d‘Polizisten sech an der Wunneng opgehalen hunn fir d‘Situatioun opzeklären, wollt sech de Fissi verdrécken…

Sech einfach esou verfuussen iert d‘Amtshandlung ofgeschloss ass, sollt een einfach net maachen an e Beamten hunn dem jonke Mann dann och de Wee verspäert. Dat huet dem Bouf esou guer net zougesot an hien duecht et wier eng gutt Iddi et mat Gewalt ze versichen.

Do war awer nach ee Polizist, an deen huet agegraff. Heibäi ass och hie vum Tockskapp an de Fanger gebass ginn. Deem d‘Handschellen unzedoen huet sech als „Challenge“ gewisen, well den Bouf sech heftegst zur Wier gesat huet. Dobäi huet hien den éischte Beamten zolidd um Been blesséiert.

Wéi d‘Polizisten de Rebell endlech an der Camionnette haten huet de Borscht ronderëm sech gespaut. Do mécht Riede wéineg Sënn an d‘Beamten hunn de Procureur informéiert. Deen huet weider net laang gezéckt an déi gewaltbereet Persoun amtlech aus der Wunneng verwisen. Als Kiischt um Kuch dierf deen sech elo och wéinst Rebellioun viru Geriicht veräntwerten.

Äddi Führerschäin

Iwwert de Weekend goufen och nees Führerschäiner agezunn. Esou zu Duelem, wou eng Persoun zolidd „gehäit“ war an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat gouf. Eng klengt Accident mat wäitreechende Konsequenze gouf et an de ganz fréie Mueresstonnen e Sonndeg. Hei war et tëscht engem Auto an engem Scooter zum „Kontakt“ komm woubäi de Motocyclist liicht blesséiert gouf.

Dësen hat keng Pabeiere bei sech, d‘Steiervignette war 2017 ofgelaf an den Alkoholtest ass positiv verlaf. Well de Mann keng „Loscht“ hat mat op de Büro ze goen, fir e weideren test ze maachen, ass och an dësem Fall e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat ginn. Zudeem muss d‘Police elo ermëttelen ob soss mam Scooter alles seng Richtegkeet huet.

Och an der Nuecht op e Samschdeg sinn 12 Führerschäiner virzäiteg ofgelaf. Dorënner een zu Dikrech an een der Ëmgéigend vu Schieren, wou eng Persoun vun der Strooss ofkomm war an, wuel liicht blesséiert, an engem Feld zum Stoe koum. De Chauffeur koum an d‘Spidol an d‘Beamte kruten de Bong…

Wéi een un dësem net vollstännege Bericht iwwert d‘Aktivitéite vun eiser Police iwwert de Päischtweekend gesäit, esou „einfach“ wéi sech et der vill virstellen ass, d‘Aarbecht vun eise Beamten net. Si hunn ëmmer méi oft mat ondugene Gesellen an onasiichtege Vollerten ze dinn. Gesellschaftlech ass dat ze bedaueren, firwat een d‘Police ënnerstëtzen an net behënnere soll.

Foto: Accident tëscht Kietscht a Gréiwels, een Doudegen © Groussherzoglech Police

Ähnlech Sujeten Accident, Alkohol, Déifstall, Kläpperei, Poliice, Rebellioun, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel