Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat
speed dating hollywood fl

Tierkei: Den Erdogan féiert seng Victoire an e gestäerkte Mandat

Den tierkesche Staatschef, Recep Tayyip Erdogan, ass e Sonndeg schonn

dating apps buenos aires
speed dating hollywood fl

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)
speed dating hollywood fl

Gemengenautonomie a méi Demokratie? (Lieserbréif)

Et ass dacks positiv wat an de Gemengen duerch déi

E „Laangfanger“ op der ADEM

„Externe“ Mataarbechter wollt sech seng Primm selwer ausbezuelen

E „Laangfanger“ op der ADEM

Nodeems d‘ADEM de 17 Abrëll matgedeelt hat, datt si beim Parquet géint e Mataarbechter eng Plainte deposéiert haten, well dëse sollt Suen ënnerschloen hunn, huet gëschter den zoustännege Minister weidert Liicht an den Dossier bruecht.

Wéi geheescht huet, soll den onéierleche Mann zanter 2013 fir de Kont vun der ADEM geschafft hunn. Wat dëser Persoun hir Funktioun bei der ADEM war gouf wuel net erkläert, dofir awer wéi si virgaangen ass, fir un de Goss ze kommen. Hien hätt, esou déi offiziell Versioun, Dossiere vun Demandeure validéiert, déi nach onkomplett waren, an sech déi entspriechend Indemnitéiten op den eegene Kont iwwerwisen. Et ass een him op d‘Schléch komm, well hien net opgepasst huet.

Mee ofgesi vum Fait, datt hie „schlampeg“ geschafft huet an esou konnt erwëscht ginn, war de Brigang „effizient“ ënnerwee. Hie soll esou a knapp 2 Méint ronn 92.000 Euro ëmgeleet hunn. De Minister Dan Kersch (LSAP) ass der Usiicht, datt de Mann schonn eppes kriminell Energie opgewannt huet, fir dës Dot ze vollbréngen. Duerch Fälschung vun Dokumenter wier et him esou méiglech gewiescht d‘Geld op den eegenen an de Kont vun enger drëtter Persoun ze iwwerweisen.

E soll eleng gehandelt hunn…

Interessant war et, datt den Aarbechtsminister net weider op déi „drëtt Persoun“ agaangen ass, mee geäussert huet, datt den Employé soll eleng gehandelt hunn. Et hat een och den Androck, datt den Dan Kersch dësen Dossier gären eppes „méi spéit“ an der Ëffentlechkeet ausgedroen hätt. Dat huet mam Montant ze dinn, deen an enger ganz fréier Phas vun der Enquête bei 2.000 Euro, du bei 68.000 Euro a schliisslech bei de ronn 92.000 Euro ukomm ass. An d‘Enquête ass net ofgeschloss.

De Feeler deen de Brigang soll begaangen hunn: „hien huet versicht eng ze héich Zomm op eng virausbezuelte Kreditkaart ze lueden (déi hunn e Plafong vun 2.500 Euro) an esou konnten d‘Suen net iwwerwise ginn. Eng Informatioun déi der ADEM net konnt entgoen. Dozou kënnt, datt eng Partie Clienten hir Indemnitéite reklaméiert hunn“. De Feeler deen d‘ADEM begaangen huet, si huet enger Persoun, déi vun enger privater Entreprise „ausgeléint“ ginn ass, vill Spillraum gelooss.

D‘Vertrauen ass net gutt, d‘Kontroll och net

Hei muss ee sech kuerz Zäit fir de Statut vum „Brigang“ huelen. D‘ADEM, déi Institutioun déi vu sech behaapt „Aarbecht ze vermëttelen“, deem awer faktesch net gewuess ass, firwat si den eegenen Optrag u Sous-traitante (Partner genannt) weiderreecht, huet engem „externe“ Mataarbechter vill ze vill Muecht ginn. Interessant dann och d‘Feststellung, datt sech d‘ADEM iwwer 6 Joer bei enger Privatfirma e Salarié ausgeléint huet. Et ass also kee „Beamten“ a gëtt entspriechend „Behandelt“.

Ouni d‘Dot vum Mann am Virfeld wëllen ze entschëllegen, huet dësen awer d‘Recht op eng kleng Erklärung. Eigentlech sollte Betriber an Administratiounen den „Interim“ op maximal 2 Joer fir eng an déi selwecht Aarbecht begrenzen. Dorunner hält sech keen, et jo och net kontrolléiert a wann da kritt een e béise Fanger gemaach. Den Interimaire – deen offensichtlech déi selwecht Befugnisser wéi déi „fest ugestallte Beamten“ hat – verdéngt entspriechend manner an ass méi „disponibel“.

Et ass jo nach emol gutt gaangen…

No sechs Joer am Job weess ee fir gewéinlech wéi den Hues leeft, an bei der ADEM muss ee just Hypokrit genuch sinn, fir sech „beléift“ ze maachen an net weider opzefalen. Ab do kennt een déi ganz Mechanissem, an eigentlech – wéi et an dësem Fall gutt demonstréiert gëtt – steet engem da just déi eegen Dommheet am Wee. Vum selwen hätten se de Brigang op der ADEM net entdeckt. An dat esou e Virfall der Oppositioun an d‘Hänn spillt, ass eng logesch Konsequenz…

Esou wëll den Deputéierte Marc Baum (déi lénk) wëssen, wéi et derzou kënnt datt engem externen, geléinte Mataarbechter esouvill Pouvoir zougestane gëtt, dee jo och nach, well hien net d‘ADEM als Patron huet, net emol kann Entlooss ginn – mee dat dierft säin Employeur allerdéngs aus bekannt wirtschaftleche Grënn trotzdeem gemaach hunn. Et stellt sech zudeem d‘Fro, op dës Persoun och an der Privatwirtschaft, als „Interimaire“ esou onkontrolléiert hätt agéiere kënnen.

Digitaliséierte Kontrollmechanismus?

D‘CSV, vertrueden duerch den Deputéierte Marc Spautz, wëll wësse wéi eng Géigemoossname säitens der ADEM an dem Aarbechtsministère virgesi sinn, fir zukünftege Fäll ze begéinen. Méi Digitalisatioun schéngt eng Optioun, well och wann dat net alles verhënnert, et d‘Fuddelen eppes méi schwéier mécht. Dat mécht Sënn, well och 21. Joerhonnert bleift Pabeier gedëlleg. Ansonste waren se bei der CSV mat den Erklärungen, déi vill nei Froen opgeworf hunn, zefridden.

Net mat den Erklärungen zefridden, ass den Deputéierte Sven Clement (Piraten) dee wësse wëll firwat d‘Moossnamen zur Geldwäsch net aktivéiert goufen. Am Kontext vun enger Zomm iwwer 90.000 Euro, déi a kuerzer Zäit op dem Brigang sengem an enger drëtter Persoun hire Kont agaange sinn, hätten déi betraffe Finanzinstituter misse reagéieren. Bei deem ganze „Schwaarzgeld“ déi eis Banken nach ëmmer mat vill Récksiicht verwalten, ass do awer de Wonsch de Papp vum Gedanken.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsministère, ADEM, Dan Kersch, Interimaire, Verontreiung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel