Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Proklamatioun vun der Regierung fir de Nationale Commemoratiounsdag 2019
Neiegkeeten Sport

Proklamatioun vun der Regierung fir de Nationale Commemoratiounsdag 2019

Och wann déi lescht direkt Zeie vum Zweete Weltkrich eis

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack
Neiegkeeten Sport

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack

Déi britesch Regierung huet um Mëttwoch op e neits zolidd

money
ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten
Neiegkeeten Sport

ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten

A jéngster Vergaangenheet krut de Konsumenteschutz (ULC) ëmmer méi Reklamatiounen

En neien Datum fir „E Laf fir d’Natur 2020“

En neien Datum fir „E Laf fir d’Natur 2020“

D’Evenement E Laf fir d’Natur vum 3. Mee huet duerch d’Pandemie missen ofgesot ginn. Et huet een dat Bescht aus der Situatioun gemaach an esou huet natur&ëmwelt tëscht dem 1. Abrëll an dem 15. Mee zur 100 km fir d’Natur vu Muer – Challenge opgeruff. Heibäi goung et dorëm, an engem Mount 100 km ze joggen oder ze trëppelen.

Insgesamt konnte iwwer 10.800 km erreecht ginn. Fir de Participanten Merci ze soen huet natur&ëmwelt all Leefer, respektiv Wanderer dat neit Quartett „K’Aartespill mat Vullen“ geschenkt, dat et och am Shop Natur am Haus vun der Natur fir 8 € ze kafe gëtt. Donieft kann d’Spill och per Mail bestallt a per Post verschéckt ginn. Hei ginn 3 € Fraisen dobäigerechent.

E Laf fir d'Natur 2020

Et ginn awer weider gutt Noriichten

De Bëschlaf bei der Kockelscheier gëtt um Sonndeg, de 25. Oktober 2020 nogeholl. An dësem Joer start d’Evenement um 10:45 Auer, d’Distanz bedréit 5 oder 10 km. De „Yuppi Mini-Naturlaf“ iwwert 1 km start um 10:00 Auer. De Warm-Up mam Yuppi fänkt um 9:50 Auer un. De Startschoss fir all Nordic Walker iwwert e Parcours vu 5 km ass um 10:25 Auer.

Start an Zil befanne sech beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Kabinne, fir sech anescht unzedoe, gi vum C.K. Sportzenter zur Verfügung gestallt. All Participanten a Visiteure gi gebieden, de grousse P&R Parking bei der Äispist ze notzen oder op den ëffentlechen Transport (Bus 18, Arrêt Kockelscheuer, Patinoire) zeréckzegräifen.

D’Recette vun E Laf fir d’Natur ginn un d’Projete vun natur&ëmwelt. Esou leescht all Participant e Beitrag zum Erhalt vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg.

Umelle kann ee sech am viraus fir 10 € iwwer Digicash oder Iwwerweisung (CCPL, LU75 1111 0857 9648 0000, Stéchwuert: E Laf fir d’Natur). Kanner kënnen ënnert reservation@naturemwelt.lu ugemellt ginn. Op der Plaz den Dag selwer kascht d’Umeldung 15 €, de Yuppi Mini-Naturlaf ass gratis.

E Laf fir d'Natur 2020

Weider Informatioune ginn et ënnert www.naturemwelt.lu.

Opmaacherbild: © fahad pgd / Unsplash

Ähnlech Sujeten E Laf fir d'Natur 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel