Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Onrou am Logistiksecteur
Neiegkeeten

Onrou am Logistiksecteur

Am Fréijoer 2020, esou de Plang vum Energieminister Claude Turmes,

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen
Neiegkeeten

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen

„Quand viendra le Feu“ ass eng Koproduktioun vun Tarantula Lëtzebuerg,

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
Neiegkeeten

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5

Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net ëmmer esou

E Lëtzebuerger Innovatiounszenter fir d‘Weltraumressourcen

E Lëtzebuerger Innovatiounszenter fir d‘Weltraumressourcen
(v.l.n.r.) Den ESA-Generaldirekter Jan Wörner mam Etienne Schneider. © LSA
E Lëtzebuerger Innovatiounszenter fir d‘Weltraumressourcen
(v.l.n.r.) De Chef vum europäeschen Astronautenzenter zu Köln, mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider. © LSA
E Lëtzebuerger Innovatiounszenter fir d‘Weltraumressourcen
(v.l.n.r.) Marc Serres, CEO vun der LSA; Etienne Schneider, Wirtschaftsminister; Jan Wörner, ESA-Generaldirekter. © LSA
E Lëtzebuerger Innovatiounszenter fir d‘Weltraumressourcen
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider an den ESA-Generaldirekter Jan Wörner hu vum Chef vum europäeschen Astronautenzenter zu Köln d‘Raimlechkeete gewise kritt. © LSA

Am Kontext vum Besuch vum europäeschen Astronautenzenter zu Köln (18. Oktober) huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) an der Presenz vum ESA-Generaldirekter Jan Wörner ugekënnegt, datt Lëtzebuerg e Fuerschungszenter opriichte wëll, dee ganz speziell op d‘Weltraumressource soll ausgeluecht ginn.

Dës Struktur soll an Zesummenaarbecht an an Ofsprooch mat den Acteuren an den Institutioune vun der Lëtzebuerger Fuerschung – déi scho Partner vun der Luxembourg Space Agency (LSA) sinn – entstoen. Zudeem passt d‘Struktur zu den Ambitiounen déi d‘Land sech am Kader vun der Initiativ SpaceResources.lu gesat huet. Kloer Ziler gëtt et och schonn.

Esou soll sech den Innovatiounszenter op déi wëssenschaftlech Recherche konzentréieren, déi et spéider emol soll méiglech maachen un d‘Ressourcen drunzekommen an déi ze verwäerten. Et geet dobäi ëm sech am Weltraum befëndlech Ressource wéi Waasser, oder de Regolith. Laangfristeg soll dës nei Institutioun zu engem regelrechten Innovatiounszenter vun internationaler Dimensioun ginn an dofir gëtt och op eng Zesummenaarbecht mat der ESA gesat.

Datt eng Kooperatioun mat der europäescher Weltraumagentur Süenn mécht läit op der Hand. Béid Entreprisen, d‘ESA an d‘LSA verfollege schliisslech déi selwecht Objektiver, och wann d‘LSA elo éischter „kommerziell“ an d‘ESA méi dat „wëssenschaftlecht“ am A huet. Dat neit Institut hätt dann och eng éischter „europäesch“ Ausriichtung, a géif dann och weider Funktiounen erfëllen. Dozou gehéiert d‘Ënnerstëtzung vun den Entreprisen an d‘Gestioun vum Wëssen.

mam SIP

Foto: (v.l.n.r.) Den ESA-Generaldirekter Jan Wörner mam Etienne Schneider. © LSA

Ähnlech Sujeten ESA, Etienne, LSA, Weltraumfuerschung, Weltraumressourcen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel