Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Muss sech d‘LSAP erneieren?
International Neiegkeeten

Muss sech d‘LSAP erneieren?

Bei de Chamberwahle vum leschte Sonndeg, huet net nëmmen d‘CSV

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

cool
Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg
International Neiegkeeten

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg

Nodeems de Justizminister an d’Gesondheetsministesch den Deputéierten den Audit iwwert

E Manifest fir den Avortement

343 europäesch Fraen ënnerschreiwen e Manifest fir den Avortement

E Manifest fir den Avortement

Beonrouegt duerch „d‘Opkomme vum Nationalismus an dem Konservatismus“ an de „Réckschrëtt“ beim Accès zum Schwangerschaftsofbroch, hunn 343 Fraen aus 28 europäesche Länner, e Freideg e Manifest verëffentlecht, fir „d‘Recht op e sécheren a legalen Avortement an der ganzer EU“.

D‘Signatairen, wourënner sech feministesch Militantinnen, Universitären an „einfach“ Fraen, mee och e sëlleche Volleksvertriederinne befannen, wëlle mat dësem Text dem berühmte Manifest aus dem Joer 1971 en Hommage ausspriechen. Deemools haten och 343 Frae d‘Recht op e legale Schwangerschaftsofbroch revendiquéiert, deen zu dësem Ament nach kriminaliséiert war.

Ënnert dem Titel: „Mäi Kierper, meng Rechter!“ ass dëse Manifest e Freideg vun der franséischer Wochenzeitung „L‘Obs“, grad wéi de Manifest vu viru 47 Joer, verëffentlecht ginn. „D‘Recht op e sécheren a legale Schwangerschaftsofbroch ass duerch de Kampf a villen europäesche Länner erreecht ginn, mee an aneren, hu bestëmmte Fraen nach ëmmer net de Choix vun hirem Kierper“.

„Duerch dësen Appell refuséiere mir et d‘Äerm hänken ze loossen, der regressiver Politik vum Kontinent d‘Entscheedung ze iwwerloossen“, esou déi 343 Signatairen, fir déi den Avortement „weder eng ‚Laun‘ nach eng ‚Optioun‘, mee eng Noutwennegkeet ass“. D‘Auteure vum Text vergräifen sech dann och un der Rezenter Ausso vum Poopst Francis, deen op neits versot huet.

Hien hat de Recours zum Avortement, mam „Optrag fir e bezuelte Killer“ verglach. „Dës Deklaratioun ass eng erneit Demonstratioun vun der Gefor, där dëst essentiellt Recht ausgesat ass“, betounen d‘Signataire vum Manifest. Et muss ee sech haut wonneren, mat wéi engem Recht a verlugenen Argumenter, d‘Rechter vun de Fraen och nees an Europa mat Féiss getrëppelt ginn.

Opklärung ass Reklamm

D‘Verëffentlechung vum Manifest ass genee op den Dag gefall, wou en däitscht Geriicht am Appell d‘Strof fir eng Doktesch bestätegt huet, déi et sech erausgeholl hat, op hirer Internetsäit ze informéieren, datt si Schwangerschaftsofbréch virhëlt. Si ass no engem Artikel aus dem Gesetz veruerteelt ginn, datt d‘Nazien agefouert haten, awer haut nach ëmmer Uwennung fënnt.

An dësem Gesetz gëtt d‘Promotioun, respektiv d‘Reklamm fir den Avortement verbueden. Eng Rei verantwortlech Politiker an Däitschland, hunn dozou opgeruff dëse Gesetzartikel ze sträichen, mee dem Angel Merkel hir CDU, an dem Horst Seehofer seng CSU, hunn sech vehement dogéint gewiert. Déi hate scho mam gréisste Widderwëllen, d‘Bestietnes „fir jiddereen“ missen unhuelen.

Wien et nach net verstanen huet

Wann dann awer an deene meeschten europäesche Länner de Schwangerschaftsofbroch legal ass, esou gëtt et e puer notabel Ausnamen. An Irland ass ee lues a lues derbäi sech de gesellschaftleche Realitéiten ze stellen, nodeems et beim Referendum am Mee e kloert Resultat ginn huet. Hei huet d‘Kierch allerdéngs nach ëmmer immens Afloss op d‘Politik, esou datt et nach Zäit brauch…

An der Provënz Nordirland dogéint, ass e Schwangerschaftsofbroch och weiderhin illegal. Hei geet d‘Gesetz esouwäit, datt och no enger Vergewaltegung, Inzest, oder Mëssbildung vum Foetus, en Avortement schwéier bestrooft gëtt. Hei kann eng Fra bis zu liewenslänglech erhalen. Eenzeg wann d‘Liewe vun der Fra a Gefor ass – an et brauch do méi wéi een Avis – ass en Avortement méiglech.

Et gesäit a Polen ähnlech aus, woubäi hei eng Vergewaltegung oder den Inzest, mee och d‘Gefor fir d‘Liewe vun der Fra an d‘Mëssbildung vum Foetus, erlaabt. Säit déi ultrakonservativ PiS-Partei d‘Muecht a Polen iwwerholl huet, gi keng Mëttel a Weeër ausgelooss, fir den Zougang zum Schwangerschaftsofbroch ze limitéieren. Dat huet zu engem entspriechenden Opstand gefouert.

Ganz krass – an et géif héich Zäit ginn dat sech eppes deet – ass d‘Situatioun an de „ganz klenge“ Länner. Andorra, eng Principautéit mat grad emol 85.500 Awunner, mee och San Marino, Vatikan a Malta, verkierperen nach dat déifste gesetzlecht Mëttelalter. Hei gëtt et keng, guer keng „Ausnam“ déi e Schwangerschaftsofbroch zouléisst. Egal op d‘Liewe vun der Fra dovunner ofhänkt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Avortement, Manifest, Mënscherechter, Rechter vun de Fraen, Schwangerschaftsofbroch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel