Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm
Fail Neiegkeeten

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

COP24: Eng schwaach Virstellung
Fail Neiegkeeten

COP24: Eng schwaach Virstellung

Déi international Communautéit huet e Samschdeg de Paräisser Accord mat

Egypten steiert op eng Katastroph zou
Fail Neiegkeeten

Egypten steiert op eng Katastroph zou

Wann een Egypten, d‘Land vun de Pyramiden, virun allem als

dislike

E Maulkuerf fir d‘Kommunisten

E Maulkuerf fir d‘Kommunisten

Mat neie Reegelen déi d‘Konditioune festleeë, fir sech op der Tëlee oder am Radio dierfe mat sengem politesche Programm virzestellen, huet d‘KPL (Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) vun der Regierung de Maulkuerf ugedoe kritt.

Et dierf een d‘Roserei vum Ali Ruckert, President vun der KPL, um Freideg verstoen. Schonn en Donneschdeg huet him e Mataarbechter vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP) matgedeelt, datt si net un den ëffentlechen Debaten op der Tëlee an am Radio dierfen deelhuelen.

De Grond heifir ass e sou einfach wéi onverständlech: Eng Ännerung vun de Reegele beseet, datt een muss eng voll Lëscht an de Gemenge stellen, déi op mannst engem véierels vun der Populatioun am Land duerstellen. Dat wieren 147.000 Awunner, an dat ass der KPL net gelongen. Net gelongen, wëll et der KPL net méiglech war eng voll Lëscht an der Stad ze presentéieren.

Si konnten dat och 2011 net, mee d‘Reglement war deemools en anert. Der Partei war e „pro-rata“ zu der Unzuel vun der presentéierte Kandidaten zougestane ginn. Dat heescht si konnten an der Stad Lëtzebuerg ëmmer nach 82.000 vun den 115.000 Awunner fir sech geltend maachen. Rechent een elo déi ronn 75.000 derbäi vun de Gemenge wou se eng ganz Lëscht noweise kënnen (Esch Uelzecht, Déifferdeng, Suessem a Rëmeleng) kéimen se op 150.000 Awunner.

Vum demokratesche Prozess ausgeschloss

Fir de KPL-President ass et riicht eraus gesot eng Frechheet. „Mir sinn net informéiert ginn an hunn och mat deenen anere Parteien näischt am Bezuch op d‘Debaten ënnerschriwwen, iergert sech den Ali Ruckert, deen d‘Prozedur als ondemokratesch veruerteelt. „Et ass ëmsou méi ondemokratesch, well mer komplett Lëschten zu Esch Uelzecht an Déifferdeng hunn, déi zweet an drëtt gréisst Stied vum Land“.

D‘Regierungsparteien dierft dat neit Reglement geleeë kommen. Engersäits verlängert et deenen hir Riednerzäit a si mussen sech net der Kritik an den Argumenter vun der kommunistescher Partei stellen. Hei gëtt awer am gläiche Moment den demokratesche Prozess a Fro gestallt. Mam neie Reglement, kritt eng Partei ganz kloer de Maulkuerf ugedoen. Dem Bierger eng politesch Meenung virenthalen.

De Bierger kritt hei op eng hannerlëschteg Aart a Weis an op groussem Niveau e verfälschte politeschen Debat opgezwongen. De SIP mécht sech d‘Äntwert op d‘Virwërf dann och einfach. Et hätt e just d‘Reegelen esou wéi se am Konsens tëscht de Parteie bei den Entrevuë festgeluecht gi sinn, iwwerholl. Och wieren d‘Parteien iwwert alles informéiert, an ëm eng Stellungnam gebiede ginn. D‘KPL hätt sech zu den Ännerungen net geäussert.

Onverständlech an wéineg transparent

Richteg bosseg gëtt et awer, wann ee sech dann dem Reglement zouwennt, deen d‘Wahlspote op der Tëlee (RTL) an dem Radio (100,7) bestëmmt. Laut de Formalitéiten déi fir dës Gemengewahle festgehale goufen, kritt eng Partei, déi komplett Lëschten an de Gemenge virweise kann, déi 147.000 oder méi Awunner representéieren, aacht Gratis-Minutten Antenn zougestanen.

Fir de Fall, datt eng Partei an där eng oder aner Gemeng keng ganz Lëscht virweise kann, gëtt awer de „pro-rata“ zu der Unzuel vu Kandidaten ugerechent. Dat heescht, datt fir de Spot zu der Wahlcampagne, déi 19 Kandidate vun der KPL an der Stad Lëtzebuerg berécksiichtegt ginn. Wat bei der „Reklamm“ gülteg ass, zielt net beim Debat. Dat muss een dann och net verstoen, mee et wéist awer, datt een hei net transparent géintiwwer dem Wieler ass.

Den Ali Ruckert kann sech dann och net zefridde ginn a bleift derbäi: „dës Prozedur ass ondemokratesch. De Staatsministère huet d‘Verantwortung fir dës Entscheedung“. E Virworf deen sech ganz kloer un de Premierminister Xavier Bettel riicht. An de KPL-President leet nach eng drop: „Esouguer d‘CSV huet dat net gemaach!“.

Foto: (Archivbild 2016) © Martine de Lagardère

Ähnlech Sujeten Ali Ruckert, Gemengewahlen 2017, Kommunisten, KPL, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel