Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag
https://moien.lu/china-online-dating-industry/

Dem Groussherzog säi Message fir Chrëschtdag

A senger Ried op Hellegowend, huet de Groussherzog Henri wäit

https://moien.lu/hook-up-causes/
https://moien.lu/china-online-dating-industry/

great headline for dating profile

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn
https://moien.lu/china-online-dating-industry/

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

E Méindeg geet d‘Schoul un

Verkéierssécherheet wier e Sujet deen d‘Eltere géif interesséieren, esou d‘Asbl „Sécurité Routière“

E Méindeg geet d‘Schoul un

Iwwerall stinn se d‘Schëlter déi d‘Automobiliste sollen drop opmierksam maachen, datt et nees eng Schoulrentrée gëtt. D‘Federatioun vun den Elterevereenegungen (FAPEL) huet sech virgeholl dëst Joer ee besonneschen Akzent op d‘Verkéierssécherheet ze leeën.

Si hunn sech dann och virgeholl zu dësem Sujet eng Newsletter ze erstellen, déi d‘nächst Woch soll un d‘Membere verschéckt ginn. Et géif Sënn maachen sech dësem Thema unzehuelen. Et ass, jee nodeems wou ee wunnt net ëmmer déi selwecht Situatioun. Bei der FAPEL weist een drop hin, datt Kanner aus klengen Dierfer, wou wéineg Verkéier ass, net den Erausfuerderunge gewuess sinn.

Hei gëtt dann awer nees begréisst, datt d‘Gemengen de Schoulen hiert Ëmfeld securiséieren. Dat mat physesche „Grenzen“ an der Aféierung vum „Kiss & Go“. Trotzdeem bleiwe vill Geforequelle bestoen a grad an eise gréissere Stied wéi Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Déifferdeng an d‘Nordstad (Ettelbréck an Dikrech) sinn d‘Schoulen oft direkt un der Strooss geleeën. Dat wier beonrouegend.

Ausser der FAPEL déi de Sujet dëst Joer fir sech entdeckt huet, ass d‘Verkéierssécherheet fir Asbl „Sécurité Routière“ ëmmer schonn e wichtegt Thema an dat net eleng fir d‘Schoulrentrée. D‘Leit vun der Verkéierssécherheet géifen dat ganzt Joer iwwer mat de Gemengen, de Schoulen, wéi och den Enseignanten an den Elterevereenegungen zesummeschaffen, fir Verbesserungen anzebréngen.

Interessant hei, d‘Asbl „Sécurité Routière“ huet elo eng éischt Brochure iwwert d‘Kanner vun 3 bis 6 Joer erausbruecht, déi nëmmen den Eltere virbehalen ass. Dat aus guddem Grond, bei der Asbl ass een der Usiicht, datt et un den Elteren ass d‘Kanner a punkto Verkéierssécherheet ze erzéien. Hei gëtt vill Wäert op „dat gutt Beispill“ geluecht, datt vun den Erwuessene muss ausgoen.

De Problem hei: vill Eltere setzen hir Kanner esou no wéi méiglech vun der Schoul of, fir sech dat net mussen unzedoen. An et huet ee jo kaum Zäit sech ze këmmeren. Dobäi wier schonn emol en Ufank gemaach mam Kand aus dem Auto ze klammen an dëst bis bei d‘Schoul ze begleeden. Et gëtt also nach Spillraum wat wiem wéi bäizebrénge wier. Firwat net nëmmen d‘Butze gemengt sinn.

Interessant dann awer och eng Kritik déi säitens der Asbl „Sécurité Routière“ apropos engem, jo wéi soll ee soen, eppes méi opfällegen Zebrasträife virun der Schoul zu Suessem. Dat gesinn si elo guer net gären, bezeechen dat als e „Gadget“ deen zudeem net Gesetzeskonform wier. Et ass ee Reebou-Zebrasträifen an ee fält op, keen Zweiwel, a bis ewell huet just d‘Asbl domat ee Problem.

Foto: Déi beschte Garantie fir d‘Sécherheet bei de Schoulen – och wann nees no Police-Staat geruff gëtt – ass a bleift d‘Presenz vun de Jongen a Meedercher an Uniform. Si passen iwwregens net nëmmen, wann och vläicht bei der Rentrée eppes méi visibel, bei der Rentrée op, datt kee sech bei enger Schoul de Batti stellt. Si sinn dat ganzt Joer am Asaz an dat sollt een hinnen och emol gutt halen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten FAPEL, Schoul, Securité Routière, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel