Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Bëscher: Just 13,4% weise keng Schiet op

Vergaangene Mëttwoch hunn d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Direkter vun

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case
Neiegkeeten

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

D‘Pirate a méi rouege Gewässer
Neiegkeeten

D‘Pirate a méi rouege Gewässer

Et war e mouvementéiert Joer zanter dem leschte Kongress an

E neie Schapp an eng nei Zär, esou kann ee schaffen

E neie Schapp an eng nei Zär, esou kann ee schaffen

Um Site vun der Stëmm vun der Strooss zu Schëndels ass e Freideg de neien Hangar an déi nei Zär am Post-Therapiezenter ageweit ginn. Um Site vum Schlass zu Schëndels geleeën an nach 2013 a Container ënnerbruecht, encadréieren haut siwe Sozialaarbechter an dräi diploméiert Infirmieren 30 Leit, déi aus enger Therapie kommen an nach wëllen op hirem neie Wee begleet ginn.

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) war dann och begeeschtert vun der Entwécklung um Site. Sir huet an hirer Ried drun erënnert, datt een um Ministère schonn 2015, bei der Virstellung vum Post-Therapiezenter op déi gutt Zesummenaarbecht vun den engagéierten Acteure konnt hiweisen. E wonnerbare Projet, dee vun de verschidde Ministèren, Verwaltungen, der Gemeng an net ze vergiessen den Awunner matgedroe gëtt.

Mee de Projet vun der Stëmm vun der Strooss huet nach aner Ënnerstëtzer. Esou dat nationaalt Hëllefswierk Groussherzogin Charlotte. D‘Hëllefswierk huet mat enger substantieller Finanzsprëtz dem Projet erméiglecht e Schapp an eng Zär opzeriichten, wouduerch och am Wanter d‘Aarbecht ka weidergefouert ginn. Am Gaart schaffen als begleete Moossnam no enger Therapie, hëlleft de Betraffenen sech am Alldag erëmzefannen.

Net ouni Problemer

Scho gutt 20 Joer ass d‘ONG Stëmm vun der Strooss beméit alle Mënschen, déi um Rand vun der Gesellschaft e beschwéierlecht Liewe féieren, eng Perspektiv ze bidden. An d‘Beräicher an deenen se Aktiv sinn, si villfälteg. D‘Zuel vun de Beneficiaire ass allerdéngs och entspriechend grouss an d‘Problemer net där mannster.

Datt bei der Stëmm vun der Strooss elo alles géif „gemeeschtert“ ginn, dat léisst sech esou net bestätegen. Richteg ass et awer drop hinzeweisen, datt bei der „Stëmm“ ganz flexibel op nei Situatioune ka reagéiert ginn. Wat dann awer och nees mat der Diversifizéierung vun den Aufgabeberäicher innerhalb der „Stëmm“ ze dinn huet. E Verdéngscht dee sécherlech dem President Marcel Detaille mat sengem Verwaltungsrot, mee ganz besonnesch der Direktesch Alexandra Oxacelay a sengen Equippen, zouzeschreiwen ass.

Ëmmer eng pragmatesch Léisung bei Hand, engagéiert wann et drëms geet d‘Rechter an de Respekt vun all Mënsch ze verdeedegen, gëtt d‘Stëmm vun der Strooss Hoffnung a kann zu enger besserer Zukunft bäidroen, d‘Exklusioun verhënneren, Dignitéit a Solidaritéit e Gesiicht ginn.

Foto: D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch zesumme mam Verwaltungsrot vun der Stëmm vun der Strooss, Vertrieder vun der Chamber, der Gemeng Miersch an dem nationalen Hëllefswierk Groussherzogin Charlotte, bei der Aweiung vum neien Hangar an der Zär um Site vum Schlass zu Schëndels. © MSAN/SIP

Ähnlech Sujeten Alexandra Oxacelay, Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Schëndels, Stëmm vun der Strooss
Nächsten Artikel Virrechten Artikel