Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet
over 55 online dating service

EU-Wahl 2019: Déi béis Russen hu Falschmeldunge verbreet

Nodeems déi tschechesch EU-Kommissärin Vera Jourova hirer Iwwerzeegung, datt d‘Russen

does chloe bennet dating logan paul
over 55 online dating service

Léieren an der Hëtzt: De Claude Meisch zur Schoulsituatioun

Duerch d’Hëtztwell, déi dës Woch erwaart gëtt, huet den Eudcatiounsminister

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!
over 55 online dating service

Portugisesche Premierminister huet d‘Nues voll!

Et gëtt ënnert den europäesche Sozialiste ganz droleg Gesellen –

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Déi chrëschtlech-sozial hunn “e Plang fir Lëtzebuerg“

Am ganze Land bléien d‘Wahlplakater op, an e Freideg huet dann och d‘CSV hire Wahlprogramm offiziell virgestallt. No enger ongewinnter Legislaturperiod op der Oppositiounsbänk, huet d‘CSV wëlles, d‘Heft nees an d‘Hand ze huelen. A wéi et ausgesäit, hunn si “e Plang fir Lëtzebuerg“.

Vun der CSV, wou zumindest de Parteipresident Marc Spautz, iwwerzeegt dovunner ass, datt de Claude Wiseler dee nächste Premier vu Lëtzebuerg gëtt, geet dann och de Message un d‘Bierger eraus: „Wann dir de 14. Oktober eng Verännerung wëllt, da gëtt et nëmmen eng Wiel, dir musst äert Kräiz bei der CSV maachen“. A fir ze iwwerzeegen, hu se sech en entspriechende Wahlprogramm (Deel 1 / Deel 2) ginn.

Fir d‘Presentatioun vun dësem „Plang fir Lëtzebuerg“ huet d‘CSV, entgéint anere Parteien, net déi 60 Kandidate virun d‘Kameraen an d‘Mikroe vun de Medie gestallt, nee si hunn hire „Männer“ (Claude Wiseler, Fraktiounschef a nationale Spëtzekandidat; de Marc Spautz, Parteipresident a Spëtzekandidat am Süden; Laurent Zeimet, Generalsekretär vun der CSV) de Virtrëtt gelooss.

Datt d‘CSV dann och nach hire Wahlprogramm an de Rotonde virgestallt huet, datt ass, wann een dem Laurent Zeimet gutt nogelauschtert huet, keen Zoufall. Wahlkampf, och an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg, dat ass och Strategie a Marketing. Sécher, d‘Gar ass déi Plaz am Land wou sech vill Leit kräizen, wou een ënnerschiddlech Richtungen aschloe, sech fir e neie Wee entscheede kann.

Historescht Zitat am ongewinnte Kontext

Interessant dann d‘Ausso vum Laurent Zeimet, dee wëll erkannt hunn, datt ee sech „nei erfanne muss“ awer sech och gläichzäiteg „trei bleiwe wëll“. Fir dës Erkenntnis ze ënnermaueren, gräift den CSV-Generalsekretär op den Text vum Feierwon zréck, an zitéiert: „Mi wëlle bleiwe wat mir sinn“.

Wéi ee bleiwe wëll wat een ass, a sech gläichzäiteg erneiere soll, muss sech dem Wieler net direkt erschléissen, kléngt awer liicht no Widdersproch. D‘CSV huet dann awer elo fënnef Wochen Zäit, de Wieler de philosophesche Gedanken ze erläuteren, dierft sech allerdéngs an der Campagne op de ganz interessante Programm konzentréieren.

De Spëtzekandidat Claude Wiseler ass dann och frou, datt elo endlech lassgeet. Fir hien ass de Kontakt an Austausch mam Bierger e wäertvolle Moment am politesche Kontext. Et ass bei de Wahlkampfveranstaltungen, wou een dem Wieler engersäits seng Absichten erkläre kann, an anersäits op dësem seng Suergen an Hoffnunge kann agoen.

Eppes ass et der CSV wichteg ze betounen: bei dësem Wahlkampf geet et net drëms d‘Revanche fir den „chaotesche“ Muechtwiessel vun 2013 ze huelen. Aus vergaangenem ze léieren, mat zolitten Argumenter optrieden, an de Wieler respektéieren, esou gestalt ee Politik. Eng Politik déi keen ausschléisst mee d‘Weiche fir eng floréierend Zukunft stellt.

Déi richteg Prioritéiten erkennen

Ugesiichts der allgemenger „Lag vun der Natioun“, ass et verständlech, datt sech Wahlprogrammer gläichen. Zumindest bei den Haaptthemen: Logement, Mobilitéit a Bildung, kann een erkennen, datt et Iwwerschneidunge gëtt. U sech e positiivt Zeechen, well wou e Konsens besteet, geet et virun.

Elo ass d‘CSV, wéi all déi aner Parteien och, awer am Wahlkampf, an do geet et schonn drëms den „Ënnerscheed ze maachen“. De Laurent Zeimet verdäitlecht dann och, datt d‘CSV an Hisiicht op d‘Zukunft, déi eenzeg Partei ass, déi „e Plang“ huet. E Plang deen d‘Fundament vun enger kohärenter Politik duerstellt. Wann een am Liewe wëll weiderkommen, ass e Plang net verkéiert.

Bei der CSV bedeit „e Plang ze hunn“ dann och d‘Prioritéiten an déi politesch Visiounen – wéi beispillsweis déi administrativ Reform – koordinéiert unzepaken an ëmzesetzen. De Claude Wiseler weist an dësem Kontext drop hin, datt seng Partei e Wahlkampf wäert maachen, deen op enger kohärenter Visioun vun der Entwécklung vun den nächste Joerzéngte baséiert.

Si ginn sech also net zefridden, Positiounen a Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer ze definéieren. D‘CSV denkt „laangfristeg“ an dat schéngt besonnesch bei Theme wéi Logement a Mobilitéit, mee och „Wuesstem“ eng gutt Approche ze sinn. Et ass am Logement a bei den Transportinfrastrukture vill Retard accumuléiert ginn, datt eng Legislaturperiod net wäert duer goen, alles ze riichten.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSV, Laurent Zeimet, Marc Spautz, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel