Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi
free online dating swindon

Lëtzebuerg wiisst, an dat ëmmer méi

Zum éischte Januar vun dësem Joer huet Lëtzebuerg 590.667 Awunner

https://moien.lu/columbia-sc-dating-website/
free online dating swindon

https://moien.lu/paisley-and-davide-celebs-go-dating/

Bei den desjärege Landwirtschaftskummerwahlen si Landwirten, Wënzer a Gäertner net

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?
free online dating swindon

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op

E Plang fir d’Liewensqualitéit

Naturschutz gëtt grouss geschriwwen

E Plang fir d’Liewensqualitéit

Lëtzebuerg huet ronn 82% vu senger Fiichtgebidder zanter 1960 verluer. Dëst huet d’Carole Dieschbourg (déi gréng), Ëmtweltministesch, haut de mueren op enger Pressekonferenz bekannt ginn. Op dëser Konferenz, déi zesumme mam  Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère Camille Gira (déi Gréng) op d’er Schëtter Schlammwiss organiséiert gi war, ass de nationale Plang fir de Schutz vun der Natur virgestallt ginn.

Den aktuelle Bestand muss konsequent geschützt ginn, och, well Lëtzebuerg ee schéine Patrimoine huet dee seng Kultur erëmgëtt. Och komme laut der Ministesch vill Leit op Lëtzebuerg wunnen, well eis Natur esou schéin ass. De stabille wirtschaftleche Wuesstem muss dann och genotzt gi vir d’Naturkapital ze erhalen.

Säit de 60er Jore vum leschte Joerdausend huet sech déi bebaute Fläch zu Lëtzebuerg bal verduebelt. D’Gebitt vum Land selwer, ass eent vun der zerschniddensten aus der EU. Eng méi verantwortlech Notzung vun de Ressourcë muss méiglech sinn, besonnesch well nach just 2% vun eise Baachen an der Rei sinn. Och bei de Bongerten ass de Constat kee schéinen: Hei hu mer nach 58% vum Bestand dee mer 1960 emol haten.

Et stellt sech also och d’Fro op mir eng esou intensiv Landwirtschaft, déi zu gudder Läscht och ee groussen Deel Schold drun huet, hei zu Lëtzebuerg brauchen. Wa mir eis Liewensqualitéit an Raum fir all Liewensforme wëllen erhalen, muss zesummegeschafft ginn. Mam nationale Plang fir den Naturschutz gëtt dann och festgeluecht wéi vill vum Territoire a Fro kënnt. Waren et 1976 nach 42 Aarten déi op der rouder Lëscht stoungen, esou waren et der 2015 schonn 68 an dat muss korrigéiert ginn.

Mat enger Strategie Leitplanke setzen

Fir de Staatssekretär ass dann och de nationale Plang fir de Naturschutz (PNPN) ee strategescht Instrument fir d’Regierung. Et erlaabt, d’Objektiver an d’Mesurë fir fënnef Joer festzeleeën. Heibäi sinn d’Grenze vum Wuesstem eng vun de gréissten Erausfuerderungen där ee géinteniwwer steet. Och de Camille Gira ass op d’Fragmentatioun vun der Landschaft an de Verloscht vun der Biodiversitéit agaangen. Mesurë fir deem ze begéine sinn deemno dréngend gefuerdert.

Mat siwen Objektiver déi bis 2021 erreecht musse ginn, kënnt d’Regierung allerdéngs och den Ufuerderunge vun der EU-Strategie am Bezuch op d’Biodiversitéit bis zum Joer 2020 no. Dorausser ergëtt sech, datt dat éischt Objektiv d’Ëmsetzung vun dëser Legislatioun ass. Als zweet sollen d’Ökosystemer erhalen an/oder renaturéiert ginn. Et soll dann drëttens och derfir gesuergt ginn, datt manner Bauland ausgewise gëtt.

Et gëllt déi Subventiounen, déi dem Ëmweltschutz net entgéint kommen, progressiv ofzebauen

Bei Punkt véier ass d’Regierung op d’Zesummenaarbecht esou wuel mat de Bauere wéi och mat de Wënzer ugewisen. Hei gëllt et déi Subventiounen, déi dem Ëmweltschutz net entgéint kommen, progressiv ofzebauen. Wéi eng Subsiden am Detail gemengt sinn huet de Staatssekretär net verroden, mee et solle beispillsweis keng Hëllefe méi beim Ausbau vun Infrastruktur ginn. Finanziell Ënnerstëtzung kann et dann awer fir d’Planze vun Hecken oder d’Uleeë vu Réckzuchgebidder fir déi verschidden Aarte ginn.

Net irrelevant de Punkt fënnef, an deem den opdrénglechen Aarten de Krich ugekënnegt gëtt. Am sechste Punkt gëtt grousse Wäert op d’Sensibiliséierung vun de Bierger geluecht an beim siwenten drop higewisen, datt d’Regierung senger Verantwortung wëll gerecht ginn a sech och Weltwäit fir den Aarten- an Ëmweltschutz wäert asetzen.

Vill Prioritéiten

Mat 28 Mesuren déi am PNPN festgeluecht sinn, huet sech den Nohaltegkeet- an Infrastrukturministère mam Ëmweltministère zolidd eng virgeholl. Gutt dann ze héieren, datt se och op Synergien tëscht dem Naturschutz an dem Waasserschutz vertrauen. Datt Gebidder mussen ausgewisen – a falls néideg kaaft ginn – mee och d’Zesummenaarbecht tëscht all den Acteure verbessert gi muss.

Zäitno sollen dann och 15% vun der Ökosystemer nees méiglechst an Urzoustand zeréckversat ginn. D’Ariichte vu Schutzzone geet am Verbond mat Natura 2000. Dëse Reseau spillt eng Schlësselroll fir d’Erhalen an d’Renaturéierung. Mat 66 Gebidder an domadder 27% vum Territoire ass Lëtzebuerg schonn haut ee Leader an der EU a wäert och weiderhi senger Pionéierroll trei bleiwen. Fir ee gutt Gelénge steet dann och ee Budget fir d’Period 2017-2021 an Héicht vu ronn 95 Milliounen Euro zur Verfügung.

Ähnlech Sujeten Camille Gira, Carole Dieschbourg, Ëmwelt, Lëtzebuerg, Natur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel