Barcelona gedenkt sengen Affer
D‘Autoritéiten hate gehofft um Méindeg d‘Identitéit vun de Membere vu
Et gëtt Zäit sech bereet ze maachen: Den zweete Workshop
D’Schëfflenger Gemeng engagéiert sech och dëst Joer nees fir den
D‘Amerikaner si speziell an hunn en Hang zum „Aussergewéinlechen“. Zudeem beruffen si sech zuweilen ëmmer nees ob hiert d‘Recht d‘Waffen ze besëtzen. E Recht dat den Amerikaner vun der Verfassung garantéiert gëtt. Et sollt een et dann awer vläicht net iwwerdreiwen…
Um Fluchhafe vu Baltimore/Washington hu gëschter d‘Sécherheetsbeamte vun der „Transportation Security Administratioun“ (TSA) net schlecht gestaunt, wéi si am Gepäck vun engem Mann aus Jacksonville (Texas) e Rakéitewerfer fonnt hunn. D‘Spriecherin vun der TSA, Lisa Farbstein huet erkläert, datt de Mann – en aktiven Zaldot – dësen als Souvenir aus dem Kuwait matbruecht huet.
De Rakéitewerfer ass Beschlagnahmt ginn. Et heescht dës Krichswaff wier net funktiounsfäeg gewiescht, mee et dierft een esou eppes dann awer net mam Fliger duerch d‘Géigend schleefen. D‘Administratioun betount: „Militäresch Waffen si weder am Handgepäck, nach am normale Gepäck erlaabt“. De Mann huet, nodeems d‘Waff geséchert war, seng Rees fortsetzen.
mat indymedia/bwi
Foto: © Lisa Farbstein / TSA (via Twitter)