Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?
Neiegkeeten

Hei spillt d’Musek! Wéi gutt kenns du eis Komponisten?

Lëtzebuerg huet zënter datt d’Land existéiert net grad wéineg Komponisten

Claire Laffut um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten

Claire Laffut um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness
Neiegkeeten

Östlund gewënnt d’Palme d’Or mat Statement géint Political Correctness

De Filmfestival vu Cannes gëtt mat enger riseger Iwwerraschung op

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an do mécht och de Wonsch vun der Regierung Weltraumressourcen notzbar ze maache keng Ausnahm. Am Kontext vum Projet „Spacemining“ muss d‘Regierung elo den éischte Réckschlag encaisséieren.

An dësem Fall geet et ëm déi amerikanesch Entreprise „Planetary Ressources“. Si ass eng vun de 40 Entreprisen, déi nach Mëtt September als „gudde Partner“ bei der Virstellung vun der „Luxembourg Space Agency“ (LSA) gelueft gouf. D‘Entreprise, an deene bis viru kuerzem d‘SNCI nach 10% vun de Parte gehalen huet, soll awer schonn zanter de Summer „finanziell ugeschloe“ gewiescht sinn.

D‘SNCI huet hir Parte fir eng symbolesch Zomm verkaf, an et dierf ee schonn eppes erstaunt sinn, datt knapp eng Woch no der Transaktioun, d‘Aktiva vu Planetary Ressources vun enger anerer US-Entreprise opkaf goufen. Interessant och de Fait, datt dat ganzt sech no de Wahle vum 14. Oktober ofgespillt huet. Der Oppositioun ass dat awer net entgaangen, an et ass d‘CSV déi dat monéiert.

Et geet net ëm e bëssi Täschegeld

Dem Land wieren hei 12 Milliounen Euro „verluer“ gaangen, an säitens der CSV hätt een heizou gären e puer Erklärungen. Déi sinn och néideg, well déi parlamentaresch Fro vum Laurent Mosar an dem Diane Adehm, mat där si Informatiounen zu de lafende Fuerschunge vu Planetary Ressources wollten erhalen, onbeäntwert bliwwe war. Elo hätten si och gären eng Erklärung zur Transaktioun.

Béid Oppositiounspolitiker si verwonnert, datt déi amerikanesch ConsenSys, eng Boîte déi op „Blockchain“ an den „Ethereum“ – déi zweet virtuell Währung nom BitCoin (BTC) – spezialiséiert ass, nëmmen eng Woch nom Réckzuch vun der SNCI, d‘Aktiva vu Planetary Ressources opkaf huet. Elo huet den Etienne Schneider (LSAP) keng Wiel méi, a muss sech de Froe stellen.

A well sengerzäit eng Komissioun aberuff gi war, fir Äntwerten ze erhalen, ass de Laurent Mosar an dësem Dossier eppes ongehalen. Zemools et net eleng den Dossier „Planetary Ressources“ ass, dee bei der CSV fir Kappzerbrieches suergt.

Net dem Vizepremier säin eenzege Problem

Och an anere Wirtschaftssecteuren hätt d‘CSV gären e puer Äntwerten: wou ass een dru mat „Fage“, kënnt se oder kënnt se net op Beetebuerg? A wat ass mat Encevo, wou 25% vum Kapital an den Hänn vun der chinesescher „China Southern Power Grid“ sinn?

Fir den Etienne Schneider, deem säi Ministère op de Mount genee virun zwee Joer gemengt hat: „Planetary Ressources stäerkt déi lokal Weltraumindustrie, andeems si eng Rei Haaptaktivitéiten exklusiv zu Lëtzebuerg entwéckelt. Déi setzen den Akzent op d‘Entwécklung vun der Propulsioun (…) an der Operatioun vun de Missiounen“. Den Accord ass dann elo hifälleg.

Et ass eng „Aventure“ op déi sech d‘Regierung am Kontext vun der Notzung vun de Ressourcen aus dem Weltraum agelooss huet. Si huet sech Gesetz ginn, an zolidd Geld an de Grapp geholl – d‘Initiativ SpaceRessources.lu ass mat engem Budget vun 200 Milliounen ausstafféiert ginn – wier awer gutt berode gewiescht, och déi heimatter verbonne Risiken ze erläuteren.

Ähnlech Sujeten CSV, Diane Adehm, Etienne Schneider, Laurent Mosar, Planetary Ressources, SNCI, Spacemining, Weltraumressourcen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel