Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!
https://moien.lu/are-you-a-midlife-online-dating-addict/ free online dating sites in australia

hi dating website

Stress puer oder Seegen? Dat „Gedréits“ un der Auer spléckt

https://moien.lu/which-dating-site-is-better-eharmony-or-match/
https://moien.lu/are-you-a-midlife-online-dating-addict/ free online dating sites in australia

Schutz vun de Bëscher: D’EU-Kommissioun geet net wäit genuch!

Virun enger Woch huet déi Europäesch Kommissioun dem Europäesche Parlament

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
https://moien.lu/are-you-a-midlife-online-dating-addict/ free online dating sites in australia

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Loscht op ee richtegen EU-Wahlprogramm?

De Pirate kéint en e Mangel un Erfarung ënnerstellen, mee dofir si se kompetent

Loscht op ee richtegen EU-Wahlprogramm?

Et stinn EU-Wahle vrun der Dier an erschreckenderweis interesséiere sech séier wéineg Leit fir dat, wat allgemeng als „Schicksalswahlen“ duergestallt gëtt. Schold un dëser pessimistescher Vue sinn dann awer net eleng déi onséileg Populisten, jo nach net emol déi méi zolidd lénks opgestallte Parteien. Villméi läit de Problem bei der schlechter Kommunikatioun an den nationalen Interessen.

Wien sech dat Koméidistéck #TellEurope um 15. Mee eragezunn huet, sollt dann elo och wëssen, firwat et wichteg ass, un dëser Wal deel ze huelen. Et sollt ee sech dann awer virdrun e puer Gedanke maachen, sech d‘Programmer eppes méi genee ukucken an dobäi net aus den Ae verléieren, mat wiem déi ausgewielte Kandidaten herno zu Stroossbuerg an d‘Bett ginn.

Esou kann een sech zu Lëtzebuerg eigentlech kaum fir eng vun de sougenannte Volleksparteien entscheeden, och wann een duerchaus enger CSV, LSAP an esouguer der DP gewësse Kompetenzen net ofstreide kann. Hir Programmer déi eis virgestallt ginn, hunn awer de groussen Nodeel, datt se an de grousse Fraktiounen zu Stroossbuerg a Bréissel wéineg wann iwwerhaapt Impakt hunn.

A firwat net de Pirate vertrauen?

Interessant an dësem Kontext d‘Lëscht vun de Piraten an besonnesch hire Wahlprogramm. Et ass net datt sech déi Lëtzebuerger Piraten net géifen zoutrauen e Programm an Eegeregie virzeleeën, mee hinne schéngt den europäesche Gedanken dann awer eppes méi wichteg, wéi topegt Gestreits op nationalem Niveau. Dorausser ergëtt sech de Programm vun den europäesche Piraten.

De Piraten hire Wahlprogramm gëllt fir ganz Europa, also zumindest do wou si eng Lëscht presentéieren. Dat bedeit dann awer och nees net, datt eis Pirate keng Iddien oder Virschléi hunn. De Géigendeel ass de Fall, an hir Propositiounen hunn si dann och nach emol „separat“ agepaakt, esou dat jidderengem ersiichtlech ka ginn, datt och si hire Beitrag mat beduecht geleescht hunn.

Elo kann ee sech dorunner stéieren, datt si wéineg Erfahrung hunn an all déi wou de System vum „technesche Grupp“ an der Chamber nach ëmmer net verstanen hunn, wäerte wuel och wéineg Sympathien an der Wahlkabinn opbréngen. Et ännert dann awer un de Fakten näischt: Si sinn erwisenermoossen heizuland, déi mam besseren a virun allem realisteschste Programm.

EU-Wahlprogramm

Eis Meenung muss een net deelen

Wat eis elo ugeet esou Positioun ze ergräifen? Mir huele gären eppes manner Erfarung a Kaf, wéi weiderhin eng mat Hang zum Populismus erkannten EPP ze stäerken, oder Sozialisten ze vertrauen, déi dem Korrupte Pak an den eegene Reien net Här ginn. Déi Liberal si grad wéi déi virecht genannten eppes ze Staark mat de Lobbyisten a Wirtschaftsverbänn verbonnen, fir éierlech ze sinn.

Bei de Piraten ass – an et muss een net alles gutt fanne wat si engem virleeën – zumindest sécher datt et transparent wäert zougoen. Si si beschtens vernetzt an kënne Fachkompetenzen op méi Schëllere verdeelen, ouni sech mussen en Text oder Gesetzvirschlag bei de Lobbyisten unzefroen. Si wäerte wuel net Europa grondleeënd veränneren, mee kënnen Europa nees attraktiv maachen.

Ähnlech Sujeten EU-Wahlen, EU-Wahlprogramm, Europawahlen 2019, Piraten, Transparenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel