Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?
Love Neiegkeeten

Verdeedegt de Wirtschaftsminister déi falsch Interessen?

Déi gréng Deputéiert a Conseillère am Beetebuerger Gemengerot, Josée Lorsché,

money
113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet
Love Neiegkeeten

113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet

2017 waren 112,9 Millioune Persounen (22,5% vun de Bevëlkerung) an

love
Nationbranding kann och kreativ sinn
Love Neiegkeeten

Nationbranding kann och kreativ sinn

Laang Zäit huet ee beispillsweis an Däitschland gemengt, datt ee

love

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

Wiem d‘Natur wichteg ass, ka bei dëser grousser Botzaktioun zu Kockelscheier matmaachen!

D‘Asbl Sea Shepherd Lëtzebuerg, organiséiert dëse Samschdeg 14. Abrëll nees eng grouss Botzaktioun ronderëm Weieren zu Kockelscheier. Eng Aktioun déi am Kader vun internationaler „Marine Debris Campaign“ stattfënnt.

2017 hat Sea Shepherd op der selwechter Plaz eng grouss Botzaktioun organiséiert, déi vill Zousproch fonnt huet. Esou waren iwwer 500 Kilo Plastik aus a ronderëm de Weieren zesummekomm. Eng grouss Hëllef war hei de Club „DiveWinns“ déi an de Weieren „opgeraumt“ hunn, an iwwer 30 Supporter haten sech den Alentouren ugeholl.

D‘Asbl wëll dann och elo, e Joer duerno, d‘Aktioun widderhuelen, dat och fir ze gesinn, wéi vill Dreck sech do während engem Joer usammelt. Sea Shepherd géif sech dann och freeën, wa wéi d‘lescht Joer, och 2018 vill Leit eng Hand mat upake kommen. Et ass leider dovunner auszegoen, datt et un Aarbecht net wäert feelen.

Sea Shepherd begréisst dann och d‘Zesummenaarbecht mat der Stater Gemeng. Si ënnerstëtzt d‘Asbl bei der uerdentlecher Entsuergung vum Knascht deen zesummegedroe gëtt.

Wat, wou, wéini?

Den Treffpunkt fir all déi wou eng Hand mat wëllen upaken, oder sech einfach esou iwwert d‘Aarbecht an d‘Missioun vu Sea Shepherd Lëtzebuerg informéiere wëllen, ass bei der Äispist op der Kockelscheier, vun 13:00 bis 18:00 Auer.

Ab 13:00 Auer maachen sech d‘Botzequippen op de Wee fir de Knascht anzesammelen. Dëse kënnt uschléissend op déi grouss Plaz virun der Äispist, wou e gesënnert an dokumentéiert gëtt. Déi Donnéeë ginn dann och an d‘Datebank vun der „Sea Shepherd Marine Debris Campaign“ detailléiert agedroen.

KockelscheierWeider Eenzelheeten zu der Botzaktioun kënnen eis interesséiert Lieser op der Facebooksäit vu Sea Shepherd Lëtzebuerg erhalen. Et kann een sech och mat enger Mail beim Coordinateur vun der Aktioun umellen, oder eventuelle Froe beäntwert kréien.

D‘Missioun vu Sea Shepherd

Sea Shepherd ass eng international Organisatioun, déi sech fir de Schutz vun de Mierer an der maritimer Déierewelt asetzt. Si setzen sech an fir d’Ofschluechte vun den Déieren an de Weltmierer, an d’Zerstéierung vun de Liewensraim ze stoppen, fir dës sou wichteg Ökosystemer an hier Bewunner nohalteg ze schützen an ze erhalen.

Kockelscheier

Eng engagéiert Equipe a vill Supporter, hunn déi grouss Botzaktioun de 14. Mee 2017 zu engem erfollegräichen „Happening“ gemaach. Et wier immens, wann een dat esou och vun der Botzaktioun 2018 dierft berichten. © Sea Shepherd Lëtzebuerg Asbl

Eng vun de ganz grousse Gefore fir eis Mierer ass déi stänneg zouhuelend Verschmotzung. Leschte Studien no lande Joer fir Joer 6,4 Milliounen Tonnen Dreck an den Mierer. Weltwäit gelaangt 80% vun deem Dreck vum Festland aus an d’Mierer. D‘Organisatioun huet sech dann och d‘Missioun ginn, d’Mierer vum Dreck ze befreien.

Hei zu Lëtzebuerg hu mer wuel kee Mier, awer Flëss a Baachen, déi iergend eng kéier och hire Wee iwwert aner Flëss an d’Mier fannen. D‘Fraen a Männer vu Sea Shepherd Lëtzebuerg, wëllen dozou bäidroen, eis Flëss, Baachen a Weieren, mee och d’Uferen an Wisen, Hecken a Bëscher déi um Waasser léien, vum Dreck ze befreien.

Si maachen dat ganzt aus Iwwerzeegung, an net nëmme vir eis Weltmierer ze erhalen, mä och fir eis national a regional Ëm an Déierewelt ze schützen. Dowéinst gëtt bei dëser Campagne net nëmme gebotzt an sensibiliséiert, mee och minutiéis dokumentéiert a katalogiséiert, wat alles vun Dreck an der Natur opgeraf gouf.

Opmaacherfoto: Am Mee 2017, haten sech d‘Taucher vun DiveWinns agesat, fir och den Dreck aus de Weieren ze „fëschen“. © Sea Shepherd Lëtzebuerg Asbl

Ähnlech Sujeten Botzaktioun, Kockelscheier, Marine Debris Campaign, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel