Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen
Fail Meenung

Neien Ufank: Integratioun vun 120 Famillen

Fir hire Projet „Neien Ufank“ virzestellen, hat Caritas Lëtzebuerg d‘Press

Video-Serie “EU BLIND DATE
Fail Meenung

Video-Serie “EU BLIND DATE

Am September 2020 huet de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Fail Meenung

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

dislike

E Schoss no hannen

E Schoss no hannen

Eng richteg Glanzleeschtung: Nodeems Jore laang doriwwer diskutéiert ginn ass, kënnt e nationaalt a punktuellt Vermummungsverbuet. An d’Propositioun bréngt eppes fäerdeg, wat ech ni geduecht hätt, datt et iwwerhaapt méiglech wier: Et ass keen domadder glécklech.

Fir d’éischt ass do d’Ironie, datt de Felix Braz do e Gesetz virleet, wat méi oder manner op Drock vu riets-konservative Kräft komm ass. Well eng wierklech Noutwennegkeet huet net bestanen, an dat léisst sech deels aus der Propositioun selwer eraus liesen: Et war schonn op Gemengenniveau gereegelt. An de Bedarf fir sou eng national Reegelung sollt och a Fro gestallt ginn. Méi wéi eng Dosen Burka-Droerinnen loossen sech kaum am Land fannen. D’Victime vum Terrorismus hei am Land sicht een och ouni Erfolleg, stellt sech also d’Fro, wien hei geschützt muss ginn a wat fir eng Gefor anscheinend besteet.

Et kann een hei och e Wahlkampfmanöver vermudden. Einfach mol de Rietsen de Wand aus de Seegelen huelen. Dommerweis interesséieren déi sech net fir punktuell Moossnahmen. Total oder guer net, sou ass do d’Devis. Populismus mat Populismus ze konteren, dat kann dach nëmmen no hanne lass goen.

Et hënnert och näischt des Regierung fir dës Propose ze verschäerfen. Oder déi nächst, selwer nach nozeleeën. Et kann een sech do eng Politik vun de klenge Schrëtt virstellen, déi no an no ëmmer méi Fräiheeten aschränkt. Sécherheet bréngt déi doten Propose op alle Fall kaum, mee si ass nawell vill Waasser op d‘Mille vu Rietsradikalen.

Stellt sech just d‘Fro, wat dann eigentlech déi Persounen, déi betraff sinn, vun all deem Gedeessems hale sollen. Wa fréier oder spéider e richtegt „Burkaverbuet“ sollt kommen, ginn dës Persounen aus dem ëffentlechem Liewe verdrängt. An ech weess net, op dat eng Exklusioun ass, déi mer onbedéngt wëllen hunn, well si ass e gudde Nierbueden fir Extremismus. Genau dat ass de konträr vu Sécherheet.

Ähnlech Sujeten Burka, déi gréng, Felix Braz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel