Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Nordstad-Bus 512 gëtt elektresch!
Fail International describe yourself for dating site examples

saying no online dating

E Méindeg ass den neie Projet vun der Elektrifikatioun vun

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
Fail International describe yourself for dating site examples

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

Schueberfouer 2019 – Eng deier Lëtzebuerger Traditioun!
Fail International describe yourself for dating site examples

Schueberfouer 2019 – Eng deier Lëtzebuerger Traditioun!

Vum 23. August bis den 11. September gëtt och an

dislike

Den tierkesche President fuerdert e séiere Prozess fir den Demirtas

Den tierkesche President fuerdert e séiere Prozess fir den Demirtas

Kuerz virun de Presidentschaftswahlen an der Tierkei, huet de Recep Tayyip Erdogan d‘Geriichter opgefuerdert, schnellst méiglech iwwert säi kurdeschen Opponent, Selahattin Demirtas, ze uerteelen deen agespaart ginn ass, a sech dem Virworf vum Terrorismus verdeedege muss.

De Selahattin Demirtas, Leader vun der HDP (Vollekspartei, pro kurdesch) ass och Kandidat bei den op den 24. Juni virgezunne Presidentschaftswahl. „Dëse Mann ass aktuell an Untersuchungshaft, ass et esou? Jo, hie sëtzt am Prisong. Vir alles ze soen, d‘Justiz sollt seng Entscheedung séier treffen“, esou den Erdogan bei engem Meeting zu Kocaeli (Nordosten).

Zwou Woche virun de Walen, bei deenen et an de Sondagen enk hiergeet, verschäerft den tierkesche President seng Attacke géint de kurdeschen Oppositiounspolitiker. Dee sëtzt zanter dem Oktober 2016 an Untersuchungshaft, an huet verschidde Geriichtsaffäre virun sech. Notamment gëtt hie dem Terrorismus beschëllegt. Hie riskéiert 142 Joer Prisong.

Den Erdogan beschëllegt den Selahattin Demirtas, verantwortlech fir den Dout vun Dosende Manifestanten ze sinn. Déi waren am Oktober 2014 bei Protestaktiounen ëm d‘Liewe komm. Dem tierkesche President seng politesch Géigner hunn derzou opgeruff, de kurdesche Politiker op fräie Fouss ze setzen, an hie seng Campagne duerchféieren ze loossen.

D’Vollek fuerdert d’Doudesstsrof

„Seng Partei mécht fir hie Wahlkampf. Dat ass méi wéi hie verdéngt huet“, kontert de Recep Tayyip Erdogan. A Während hien den Demirtas kritiséiert huet, war seng Unhänger ganz aus dem Haischen an hunn d‘Doudesstrof fir den Leader vun der HDP gefuerdert.

„Wéi ech schonn zu dësem Sujet gesot hunn, wann d‘Parlament mir esou eng Propose ënnerbreet hätt, dann hätt ech déi och längst ugeholl“, äntwert den tierkesche President, deen ëmmer nees dovunner schwätzt, d‘Doudesstrof nees anzeféieren. Déi war 2004 an der Tierkei ofgeschaaft ginn.

Aus senger Zell an engem Prisong zu Edirne, versicht de charismateschen Affekot vu 45 Joer, esou gutt wéi et ebe geet, Campagne ze maachen. Hie setzt op déi nei Medien, d‘sozial Netzwierker an den Asaz vun den HDP-Militanten. Via Twitter huet de Demirtas gemengt: „Géintiwwer ärer Nidderträchtegkeet, gëtt iech d‘Vollek a mengem de 24. Juni d‘Äntwert“.

mat AFP

Foto: Den tierkesche President Erdogan, geséich et gären, wann d‘Justiz nach kuerzfristeg säi kurdesche Géigner Selahattin Demirtas géif veruerteelen. Dee sëtzt an Untersuchungshaft a gëtt ënnert anerem beschëllegt den Terrorismus ze ënnerstëtzen. Hien ass awer och de gefaarte Géigner vum Erdogan. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten Kurden, Presidentewal, Recep Tayyip Erdogan, Selahattin Demirtas, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel