Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington
Stories

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘europäesch Kommissioun huet zu Washington ugefrot fir kuerzfristeg eng Entrevue

tonguedislike
Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!
Stories

Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!

De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass

tonguedislike
Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën
Stories

Ganz Europa – bis op Lëtzebuerg – däerf sech iwwer klammend Zuele bei den Touriste freeën

Spuenien, Frankräich, Italien an Däitschland  – Si sinn déi beléiftsten

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu

Wann ee sech kann drop eenegen, datt en Auto e gudde Pneu – am beschten därer véier – brauch, fir sécher am Verkéier ënnerwee ze sinn, dann dierft sech d‘Fro vum „Service“ vu selwer beäntwerten. An datt een zu Lëtzebuerg esou ee ganz gudde Service gebuede kritt, dofir gëtt et e Numm: Muller Pneus.

Hei ass de Numm Programm, an mat Sécherheet hat de Chef vum ganzen, de Romain Muller, sech virun zwanzeg Joer nach net virgestallt, wéi hien haut géif dostoen. De geléierte Schlesser, huet säi Betrib 1998, nach als „Niewebeschäftegung“ zu senger Aarbecht op der Goodyear, ugefaangen. An dat an enger Scheier…

Et gouf méi Plaz gebraucht

2007 huet de Romain säi Spuerschwäi geschluecht a vun der Scheier goung et op Contern. „De Pneu ass un d‘Rulle komm“, d‘Entreprise lues awer bestëmmt gewuess. 2015 gouf d‘Filial an der neier Industriezon zu Jonglënster (direkt géintiwwer den Antennen) opgemaach, 2017 huet Muller Pneus sech zu Wolz an 2018 zu Grass bei Stengefort installéiert.

Muller

Bei Muller Pneus, huet jidderee säi Beräich, an hei gëtt ganz kompetent an der Equipp zesummegeschafft. Mat Rendez-vous ass et eigentlech bannent 20 Minutte gedoen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Haut huet de Romain 60 fest Mataarbechter. Personal op dat de Chef houfreg ass: „Ech ka mech op se verloossen, si verstinn hiert Handwierk a sinn d‘Réckgrat vum Betrib“, esou de Romain, dee seng Prioritéit ganz dem Service um Client zouschreift.

Dat erkläert dann och, firwat et bei Muller Pneus ëm näischt anescht wéi Pneue geet, an dat och nëmme fir Autoen, Minibusser oder Camionnetten. „Wann ee wëll e seriéisen a kompetente Service ubidden, da muss ee sech op dat konzentréiere wat wichteg ass“, esou de Romain Muller.

Sech op dat konzentréiere wat gefrot ass

Bei him kritt ee kee GPS oder en Autosradio, et gëtt och keen Uelegwiessel oder soss Saachen ugebueden. „De Client huet Ufuerderungen, deenen als Spezialist muss gerecht ginn“, erkläert de Romain Muller. Eng dovunner ass et, jee no Saison, d‘Summer- respektiv d‘Wanterpneuen ze Stockéieren.

Muller

Et ginn natierlech net nëmmen d‘Pneue vun de Cliente versuergt, mee och déi nei brauchen eppes Plaz. © Martine de Lagardère/moien.lu

An och hei ass de professionellen Ëmgang ausschlaggebend: si gi kontrolléiert, gewäsch an dann an enger vun den Hale sécher gelagert. Hei stinn de Clienten 5.400 M² zur Verfügung, genuch Plaz, déi een an der eegener Garage net verbraucht. Et geet och näischt verluer…

De Mënsch hannert dem Patron

Patron sinn, dat héiert sech am éischten Ament ëmmer eppes „roseg“ un, mee dat ass et nëmmen, wann d‘Personal op der Schaff, an d‘Famill doheem, dat ganzt matdroen. Fir de Familljepapp ass et wichteg, an dat bezitt hien och op säi Personal, datt Beruff a Famill an Aklang stinn.

Dem Romain seng Interessen? Reesen: mat der Famill natierlech, ass wichteg an erweidert den Horizont. Sport a Fräizäit: am Fall vum Romain ass dat Schwammen, déngt der Gesondheet an der Entspanung. Woubäi am Kontext vu Sport a Fräizäit, och nach dem Romain säi wichtegste Partner ze ernimmen ass.

An direkt no der Fra an de Kanner kënnt de Leo. De Leo ass e sougenannten Trüffelhond (Lagatto Romagnolo), huet 3 Joer, a verlaangt beschäftegt ze ginn. Esou geet et zwee mol an der Woch op de groussen Tour. Et sinn déi Momenter, wou och de Chef d‘Entreprise nei Kraaft tankt…

Foto: Dem Romain Muller ass de Service um a fir de Client d‘Grondlag vum Erfolleg. An deen, esouwäit dierf ee sech drop behaapten, weess et ze schätzen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auto, Camionnette, Lagatto Romagnolo, Muller, Muller Pneus, Pneu, Pneuen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel