Search

You may also like

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt
International Neiegkeeten

Bye Bye Bay – eng nei Single fir d’Lëtzebuerger Musekswelt

Knapp ee Joer no de Verëffentlechung vun der éischter EP

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi
International Neiegkeeten

Vereedegung vu S.A.R. dem Prënz Paul-Louis an der Arméi

Nodeems S.A.R. de Prënz Paul-Louis de Nassau seng Formatioun an

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!
International Neiegkeeten

Gesond Ernierung an de Bildungsariichtunge fir Kanner!

Scho vu Klengem un muss ee sech ëm seng eege

E Sonndeg wielen d‘Polen en neit Parlament

Ultrakonservativ PiS-Partei dierft op en Neits eng iwwerwältegend Majoritéit u Stëmme kréien

E Sonndeg wielen d‘Polen en neit Parlament

Fir Muer sinn d‘Polen opgeruff sech en neit Parlament ze wielen, mee et dierft déi al Regierung bestätegt ginn. D‘Sondage versécheren der PiS-Partei besonnesch am ländleche Raum eng grouss bis iwwerwältegend Majoritéit.

D‘Polen hunn anscheinend kee Problem domatter datt d‘Partei fir „Recht a Gerechtegkeet“ de Rechtsstaat, d‘Demokratie a villes méi a Fro stellt. D‘PiS vum Jaroslaw Kaczynski läit an de Sondagen esou wäit virun der „Konkurrenz“ datt een eigentlech kéint behaapten, d‘Wahle sinn Entscheet. Mee genee dat schéngt dem Parteichef eppes Kappzerbrieches ze maachen…

wielen

Hien huet gëschter nach emol en Appell u seng Parteizaldote geriicht: „Mir mussen d‘Wieler derzou beweegen och zur Wahl ze goen, uecht doen datt keen op de Gedanke kënnt ze soen: d‘Ëmfroe gesi gutt aus, do kann ech mir e relaxen Dag maachen“. Déi „Gefor“ dierft net bestoen an d‘Regierung wéi d‘Parlament schéngen den ament och net a Fro gestallt ze ginn. Et leeft jo alles richteg gutt.

Wirtschaftlech ass Polen ganz gutt opgestallt, d‘Konjunktur verweist op eng bléiend Zukunft an déi milliardeschwéier Sozialprogrammer komme gutt bei de Leit un. Zudeem leeft et och an der EU besser, woubäi hiren EU-Kommissär (Landwirtschaft) awer zweemol huet missen usetzen, iert hien dann och vum Europaparlament „bestätegt“ ginn ass. Et wier also alles zum beschten a Polen…

D‘Oppositioun am Abseits

Bezitt ee sech op déi lescht Zuelen aus den Ëmfroen, da géif d‘PiS 42% vun de Stëmmen op sech zéien. Dat sinn einfach emol 20% méi wéi déi gréisst Oppositiounspartei, dat liberalkonservatiivt Bündnis „Biergerkoalitioun“ (KO), sech um Sonndeg erhoffen dierf. Déi „Liberal“ wou d‘Land laang regéiert hunn, si keng „Optioun“ an gi beschtefalls als „Attraktioun“ bei dëser Wahl ugesinn.

wielenDobäi sollt een d‘Positioun vu Polen géintiwwer Flüchtlingen a Klimawandel net vergiessen. Zum enge wier et der PiS-Partei léif wann d‘EU all Form vu Migratioun, déi net erwënscht ass, géif ënnerbannen, zum anere gleewen si net un de Klimawandel a gesi kee Grond firwat si op déi vill Kuelereserve sollte verzichten. Dat bëssi Stress mat der EU wéinst der Justiz, spillt och keng Roll.

Et gëtt zudeem de Pole versprach, datt et elo och beim Loun soll besser ginn. De Mindestloun soll op 1.000 Euro erhéicht ginn, an de Jaroslaw Kaczynski fuerdert esouguer, datt d‘Land net méi soll de Leader beim Niddregloun sinn. „Fir datt Entreprisen an de Fortschrëtt investéieren, misst Aarbecht entspriechend deier sinn“, esou de Chef mat Bléck op Reserve vun 200 Milliarden Zloty.

mat indymedia/waw

Foto: Karolina Grabowska/Pixabay

Related topics Jaroslaw Kaczynski, Parlamentswahlen, PiS-Partei, Polen
Next post Previous post