Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
Neiegkeeten

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Treffe vun den däitschsproochegen Ausseminister zu Schengen
Neiegkeeten

Treffe vun den däitschsproochegen Ausseminister zu Schengen

Op Aluedung vum Minister Jean Asselborn, treffen sech haut zu

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen
Neiegkeeten

USA: Kontroverséiert Sanktioune fir den Iran an Knéien ze zwéngen

Sechs Méint nodeems d‘USA d‘Nuklearofkommes mam Iran zerrappt hunn, huet

Virtuell Realitéit an e-Sports: zu Munneref gouf engem villes gebueden

Et war schonn déi drëtt Editioun vun der „Luxembourg Gaming Xperience“ (LGX) déi nees zu Munneref am Casino 2000 Statioun gemaach huet. Laut den Organisateuren hunn sech hei iwwer zwee Deeg, eng ronn 4.000 Leit fir de Fortschrëtt vun der Technologie bei den numeresche Spiller interesséiert. Gebuede gouf awer vill méi wei nëmmen Neies.

Esou huet virun der Dier dee mëttlerweil „berühmte“ Bus aus dem Spill „Fortnite“ dat vun Epic Games entwéckelt ginn ass, an aktuell eent vun den am meeschten am Internet besichte Spiller ass. Et konnt e sech am Bus, virum Bus a mam Bus oofliichte loossen. Wien néng Lamaen op engem Rubbellous fonnt hat, konnt esouguer am „Battle Bus“ sech am Spill beweisen.

Beschtens ukomm ass och datt neit Spill „floss dance“, wou eenzeg an eleng ëm Danze geet. E Spill datt et schonn derzou bruecht huet, an Australien a verschiddene Schoulen op „den Index“ gesat ze ginn. Iwwerhaapt war Spillen „tromp“. Vill Neiegkeete sinn dem Public gebuede ginn, woubäi och de „Retro Gaming“ sech iwwert groussen Zousproch gefreet huet.

Donieft konnt een um „cosplay“ deel huelen, Artiste bei der Gestaltung vu „Merchandising“ iwwert d‘Schëller kucken, oder bei engem vun de ville kommerziellen Aussteller neit Material kafen. Op et elo e „ronne“ Bildschierm, déi neist Konsol oder schlicht eng performant Tastatur huet misse sinn, zu Munneref am Casino konnt een, wann d‘Täschegeld duer gaangen ass, säi Gléck fannen.

Foto a Galerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Casino 2000, LGX, Luxembourg Gaming Xperience, Munneref
Nächsten Artikel Virrechten Artikel