Search

You may also like

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen
Neiegkeeten

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet

Politesch Farce oder einfach nëmme Chaos?
Neiegkeeten

Politesch Farce oder einfach nëmme Chaos?

Am Venezuela huet sech den Sträit ëm de Virsëtz vum

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet
Neiegkeeten

D‘Piraten, d‘adr an e Shitstorm dee wéineg gutt Argumenter huet

Säit d‘Deputéiert vun de Pirate bekannt ginn hunn, datt si

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – eis Insekten

Scho säit méi wéi 400 Millioune Joer existéieren Insekten op eisem Planéit. Mat hire 6 Beenercher bilde si zwar net déi eelst Klass, dofir awer déi gréissten a räichhaltegst Aart vun alle Liewewiesen. Ëm 1,3 Milliounen Zorte sinn eis scho bekannt, an awer gëtt et dobaussen nach extrem vill ze entdecken!

Insekten hunn eng enorm Upassungsfäegkeet. Trotzdeem ginn et ëmmer manner Insekten, wat katastrophal Konsequenze fir aner Aarten huet. Villercher oder och Fliedermais kënne sech beispillsweis dann net méi ernieren. De Verloscht vu Liewensraum a strukturell Changementer spillen eng essentiell Roll beim Aarteverloscht, mee den Haaptgrond fir hiert Verschwannen ass ouni Zweiwel de Manktem un Iessen.

Geet d’Zuel un Insekten zeréck, da geet och d’Zuel un Déieren, déi sech vun hinnen ernieren zeréck. Si sinn zwar kleng, spillen awer eng ganz grouss Roll am komplexen Ekosystem.

E Problem besteet beispillsweis bei der Notzung vu phytosanitaire chemesche Produiten an der Landwirtschaft, déi d’Biomass un Insekte schrumpfe léisst. natur&ëmwelt plaidéiert dofir fir eng nohalteg Landwirtschaft. Dobäi ka jiddwereen säin Deel zur Biodiversitéit bäidroen: Verschidde Planzen a Blummen am Gaart, respektiv um Balcon déngen den Insekten zum Schutz an Iwwerliewen.

Zum Video-Projet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics Biodiversitéit, e staarkt Benevolat am Naturschutz, Ekosystem, Insekten, Maarteverband, natur&ëmwelt
Next post Previous post