Belsch: Biker fuerderen hir „Fräiheet“ zréck
De Verband „Associatioun zur Verdeedegung vun de motoriséierten Zwee-Rieder“ (ADDRM)
De Verband „Associatioun zur Verdeedegung vun de motoriséierten Zwee-Rieder“ (ADDRM)
1969 huet den éischte Jumbo-Jet 747 den Himmel eruewert. De
Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019
Kee Wonner datt och Kiischten, Quetschen, Mirabellen, Bieren a Quidden sech als lecker Friichten an de Bicher bei d’Äppel dobäigesellt hunn. Dobäi kënnt d’Neioplag vum „Kachen a Brachen mat Nëss“, sou wéi „Kachen a Brachen mat Bierefriichten“. Do kritt een direkt Loscht, d’Rezepter ëmzesetzen!
An dësem Kontext gëtt zënter 2010 zwee Mol am Joer de Kachcours Biogenoss mam Annette Conrad am Haus vun der Natur ugebueden. Mat Saisonale, regionalen, awer och „zero waste“ Rezepter mat biologesche Liewensmëttel ginn super Kreatiounen ëmgesat. Dobäi steet all Kéier en anere Bausteen, vun der Noss bis hin zur Courgette, am Virdergrond, mat deem dann ee komplette vegetaresche Menü (Entrée, Haaptplat, Dessert) zesumme gekacht gëtt. A geselleger Ronn gëtt uschléissend dat eegent Wierk geschmaacht.
Wichteg ass och den Engagement vun der Kachékipp, e Grupp u Fräiwëllegen, déi all Joer zwee biologesch Menüen um Fest vun der Natur op der Kockelscheier zoubereeden.
„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.
Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.