Wou ass de Goss?
Am Abrëll 2019 war d‘Affär opgeflunn: de Patrick A (46)
D’OIKOPOLIS-Betriber kompenséieren erëm hire CO²-Foussofdrock. D’Grupp spent jeeweils 11.977€ un dräi Veräiner
Den COP24 huet net méi bruecht wéi den absolute Minimum
De wäisse Storch, dee jo eigentlech ëmmer sou duergestallt gëtt, wéi wann en d’Puppelcher bréngt, stolzéiert gären op Wisen a Felder ronderëm a baut säin Nascht op Haiser a Schaarschtecher. Säi schwaarzen Aartgenoss ass allerdéngs méi heefeg hei am Land unzetreffen. De Vull ass de scheie Géigepart, deen zeréckgezunn an de Bëscher lieft, Fësch frësst a just seelen observéiert ka ginn.
Eréischt Ufank vum 21. Joerhonnert ass de Schwaarzstorch erfuerscht ginn, wouduerch hien als mysteriéise Gesell gëllt. Säi gréng-mooft Halsgefieder faszinéiert d’Ornitologe besonnesch. Zu Lëtzebuerg bréit hien zënter 1993.
Fir de Storch ze ënnerstëtze gräift natur&ëmwelt zur XXL-Versioun vum bekannte Vullenhaisschen. De Mënsch kann, och wann d’Déier selwer an der Lag misst sinn een Nascht ze bauen, mat engem sougenannte Konschthorst hëllefen an d’Usiidlung fërderen. E klassescht Beispill heivir sinn déi speziell Plattformen, déi extra fir de Vull opgeriicht gi sinn.
„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.
Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.